Di romantesch Liibhaber an den Homo Oeconomicus, de rechnenden Egoist hunn eppes gemeinsam: si sinn allen zwee Variante vun dem nämmlechten ekonomeschen a kulturelle Kontext.
Mä obwuel se sech am Ufank an opposéiert Richtunge wennen, fannen se am Laaft vum 20. Joerhonnert zesummen. Wann d‘Léift zum Dating-Maart gëtt, ass d‘Zaït vun engem neie relationale Modell komm. Dann ass d‘Epoch vun de romantesche Modeller a Virbiller definitiv eriwwer.
Léift war ni just en Gefill oder en biologesche Prozess am Gehier. Léift ass och ëmmer eng kulturell Praxis där hir Modeller an der Geschicht entstinn a verginn.