Épisodes radio

Gefiller vum Kapitalismus (8/8): Léift als Maart

Di roman­tesch Liib­ha­ber an den Homo Oeco­no­mi­cus, de rech­nen­den Egoist hunn eppes gemein­sam : si sinn allen zwee Variante vun dem nämm­lech­ten eko­no­mes­chen a kul­tu­relle Kontext. 

Mä obwuel se sech am Ufank an oppo­séiert Rich­tunge wen­nen, fan­nen se am Laaft vum 20. Joe­rhon­nert zesum­men. Wann d‘Léift zum Dating-Maart gëtt, ass d‘Zaït vun engem neie rela­tio­nale Modell komm.  (Lire la suite … )

Épisodes radio

Gefiller vum Kapitalismus (7/8): Léift a Geschäft

Ab de 40er Jore vum 20. Joe­rhon­nert gouf d‘Verbindung vu Léift a Kon­sum ëmmer méi enk. Duerch d‘Efforten vun engem neien Typ vu Mar­ke­ting a vun der Fil­min­dus­trie gëtt et ëmmer méi kloer dat d‘Léift och ganz mate­riell eppes kaschte soll. D‘Léift ass dann net méi dat sehnsüch­tegt Emäer­men virum Han­ner­grond vun enger verkläer­ter Natur. Si ges­chitt virum Han­ner­grond, an am Kader vun engem mat Mar­ke­ting-Sym­bo­ler ugeräi­cher­ten Konsumverhalen.

Léif a Ges­chäft récken am Laf vum 20. Joe­rhon­nert ëmmer méi no zesum­men. An dat bis zum Moment wou se sech esou gläi­chen dat eng poli­tesch Eko­no­mie vun der Libes­be­zéiung ents­teet.  (Lire la suite … )

Épisodes radio

Gefiller vum Kapitalismus (6/8): Léift oder Geschäft ?

Egois­tesche Pro­fit, d‘Benotze vun den Anere fir den eege­nen Avan­tage, an den Altruis­mus vun der Léift schéi­nen zwou grond­sätz­lech ver­schid­den Attitü­den duerzestellen. 

Roman­tesch Léift, esou schéngt et, wär also de Contraire vun den Ges­chäfts­be­zéiun­gen. An déi Léift wär doduerch eng Änt­wert op d‘Keelt vun der kapi­ta­lis­tes­cher Kon­kur­renz­welt. An trotz­deem gëtt et do eppes, wat di zwee verbënnt. 

De rech­nen­den Egoist an de ver­léifte Liib­ha­ber sinn näm­lech allen zwee Variante vun der nämm­lech­ter Kul­tur vum Indi­vi­duum. Dofir kën­nen si dann och pro­gres­siv an iwwer­ra­schend Mësch­ve­rhältnës­ser trie­den.  (Lire la suite … )

Épisodes radio

Gefiller vum Kapitalismus (5/8): Léift als Utopie vum perséinlechem Gléck

Aar­becht a Léift sol­len enger Aus­so vum Freud no, d’Quelle vum Gléck sinn.
D’Entwé­ck­lung vun der gesell­schaft­le­cher Aar­becht hat awer en ganz ane­ren Effet. Si huet zu enger Ëmfor­mung vum Cha­rak­ter gefouert, déi alles anes­cht wéi Gléck versprécht. 

Ka Léift ons da virum Kapi­ta­lis­mus an virun dem Human­ka­pi­tal, de mer no ver­schid­de­nen Eko­no­mis­ten a Poli­ti­ker gi soll­ten, retten ?

Di roman­tesch Léift erschéngt tatsä­chlech wéi en Vers­prie­chen der Welt vum Kon­kur­renz­kampf, vum Com­merce a Kon­sum ze ent­kom­men. Mä ganz esou ein­fach sollt da net ginn.  (Lire la suite … )

Épisodes radio

Gefiller vum Kapitalismus (4/8): Zur Psychologie vun der emotionaler Aarbecht

Wat an der Sozio­lo­gie an an der Psy­cho­lo­gie als „emo­tio­nal Aar­becht“ bezeechent gëtt, bes­teet net ein­fach an deem léiwe Lachen, zu deem mer eis a ver­schid­dene Situa­tioune for­céie­ren. Et gläicht deem wat am Thea­ter „Method Acting“ genannt gouf, wou en Acteur sech voll­stän­neg mat engem Rôle iden­ti­fi­zéie­ren sollt.

Mä esou eng Iden­ti­fi­zéie­rung huet op Dauer en Präis fir déi Per­soun, déi domat hir Sue ver­dénge muss. Di emo­tio­nal Aar­becht bréngt eng nei Form vun Ent­frie­mung mat sech, déi déif an d’Per­séin­le­ch­keet agräift an do esou eenegs duer­cher­neen bréngt.  (Lire la suite … )

Épisodes radio

Gefiller vum Kapitalismus (3/8): Di emotional Intelligenz

Lang Zäit gou­gen di sozio­logësch Ana­ly­sen vum Kapi­ta­lis­mus an déi Rich­tung ze soen, dat d’Ge­filler­lie­wen duerch de Beräi­sche­rung­strieb an d’Ra­tio­na­li­séie­rung vum ges­chäft­leche Ver­kéier oof­ge­flaacht gëtt. 

Méi rezent huet sech awer eng aner Entwé­ck­lung vum Kapi­ta­lis­mus gewis­sen, déi d’Ge­filler an hiren Mana­ge­ment an de Vir­der­grond stellt. 

D’Tech­ni­ken vun der posi­ti­ver Psy­cho­lo­gie an der emo­tio­na­ler Intel­li­genz sol­len dobäi hël­le­fen, nach méi Pro­fit­ter anzesammelen.

Emo­tio­nal Intel­li­genz war emol en flott Vers­prie­chen, mä si war lei­der och vun Ufank un dorop uge­luecht den neien Gefills­ka­pi­ta­li­mus op Héich­toue­ren ze brén­gen.  (Lire la suite … )