Ech hat am leschten Episode kuerz dorop higewisen, wéi den literaresche Modell vun der romantescher Léift am Kontext vun der industrieller Revolutioun vum spéiden 18. Joerhonnert, an dem Ufank vum 19. Joerhonnert entstanen ass. Et si Variante vum deem Modell vun der Léift, déi an der westlecher Kultur bis déif an dat 20. Joerhonnert eran, an deels och nach haut, als Ideal vun der Léift ugesi ginn.
Trotzdeem ass tëschent deenen zwee geschichtleche Momenter eng déif an erstaunlech Transformatioun vum deem, wat Léift si sollt agetrueden. Fir déi Ännerunge konkret ze miessen, géif et scho bal duer goen zwou Beschreiwungen vun der Léift géigeniwwer ze setzen.
Am Friedrich von Schlegel sengem Roman Lucinde, deen een vun den däitschen Haaptwierker iwwert d‘Thema vum Roman awer och vun der romantescher Léift duerstellt, schreift den Protagonist – de Julius – vum Roman senger Geléiften Lucinde an engem Bréif :
„Alles ist beseelt für mich, spricht zu mir und alles ist heilig. Wenn man sich so liebt wie wir, kehrt auch die Natur im Menschen zu ihrer ursprünglichen Göttlichkeit zurück. Die Wollust wird in der einsamen Umarmung der Liebenden wieder, was sie im großen Ganzen ist – das heiligste Wunder der Natur ; und was für andre nur etwas ist, dessen sie sich mit Recht schämen müssen, wird für uns wieder, was es an und für sich ist, das reine Feuer der edelsten Lebenskraft.“
De Roman hat zu senger Zäit e klénge Skandal gemaach, an dat net nëmme wéinst sengem experimentelle literaresche Charakter, mä virun allem wéinst der oppener Fuerderung vun enger Utopie an dir Léift mat der „Wollust“ vun der Sexualitéit an engem gemeinsame Liewensprojet, am engem Bestietnes zesummegeet, an deen och di traditionell Rollentrennung tëscht Mann a Fra ophieft. Léift kritt hein eng metaphysesch a bal mystesch Qualitéit an dir, esou den Julius, de Sënn fir d‘Natur an di ganz Welt opgeet. Hien schreift senger Léift :
„Alles, was wir sonst liebten, lieben wir nun noch wärmer. Der Sinn für die Welt ist uns erst recht aufgegangen. Du hast durch mich die Unendlichkeit des menschlichen Geistes kennen gelernt, und ich habe durch dich die Ehe und das Leben begriffen, und die Herrlichkeit aller Dinge.“
Di reliéis Ënnertéin vun esou enger Léift si schwéier ze iwwerhéieren.
Kuckt een sech dann d‘Prosa vun der Duerstellung vun der Léift op e puer vun den scheinbar „beschten“, oder wéi een seet „qualitativ héichwäertegsten“ Datingsäiten un, da liest een Folgendes :
„Was deine Partnersuche […] besonders macht : Ein wissenschaftliches Matching, eine Plattform, auf der du selbst bestimmst und einen umfassenden Service. Hunderttausende Singles haben sich schon bei uns gefunden. Wann verliebst du dich ?“
„Wir bringen dich dank unseres wissenschaftlichen Matchings mit Singles zusammen, die deine Werte teilen, ähnliche Ziele haben wie du und dich ideal ergänzen. Und es funktioniert : Neun von zehn […]Partner-Paaren sind miteinander glücklicher als je zuvor (Paarbefragung 2019). Und auch Stiftung Warentest zeichnet die Passgenauigkeit unserer Partnervorschläge aus (02/2016). Du genießt höchste Sicherheitsstandards.“
Et kann een net ëmhier hei um Marx an Engels hire Saz ze denken : „Alles Ständische und Stehende verdampft, alles Heilige wird entweiht, und die Menschen sind endlich gezwungen, ihre Lebensstellung, ihre gegenseitigen Beziehungen mit nüchternen Augen anzusehen.“ Entzauberung, Ernüchterung, Verflaachung, Verwëssenschaftlechung, awer mat héchstem Sécherheetsstandard !
Mä ass dat elo net Äppel mat Biere vergläichen ? Wat huet eng philosophesch oder quasi-theologesch Reflexioun iwwert d‘Léift aus engem Roman vun der däitscher Fréiromantik mat den penibele Marketing-Floskele vun internationale Firme mat, wann een den offiziellen Informatioune gleewe soll, Honnerte vu Millioune vu Cliente ze dinn ?
Wa mer einfach kuerzsiichteg op d‘Quelle kucke wou se hierkommen, dann u se selbstverständlech näischt gemeinsam. Awer déi Perspektiv wär och grad esou erstaunlech wéi wa mer soe géifen : wat huet en gesellschaftlecht Phänomen aus dem 19. Joerhonnert da scho mat engem änleche Phänomen am 20. Joerhonnert ze dinn ? Wat se mateneen ze dinn hunn, wat se matenee verbënnt, dat kënne vill Saache sinn : eng änlech gesellschaftlech Funktioun, eng geschichtlech Entwécklung oder Transformatioun, eng progressiv Substitutioun oder eng geschichtlech Ausdifferenzéierung vun Deelaspekter, asw.
Wat déi zwee, de Roman an den Marketing vun der Dating-Firma matenee verbënnt ass dat se allen zwee Quelle sinn vun enger Aart wéi Léift definéiert gëtt oder besser : wéi Léift sech als gesellschaftlech an individuell Praxis an Erliefnis gestalt.
Schonn eleng de Fait, dat et an engem geschichtlechen a kulturellen Moment de Roman ass, deen en esou en grousse gesellschaftlechen Impakt huet, dat onsen allgemengen Imaginäre nach bis haut dovun als Ideal bestëmmt bleift, an dat honnert Joer méi spéit eng kommerziell Plattform, déi wuel nach vill méi Leit erreecht wéi et Romanlieser goufen a ginn, di en ganz änlechen Impakt op eis Kultur huet, fëllt wëssenschaftlech Journaler a Bicher an der Geschichts- a Sozialwëssenschaftsfuerschung. Fir et kuerz ze maachen : béid Extraiten hunn dee gemeinsamen Nenner, dat se esou wuel en gesellschaftlecht a kulturellt Konstrukt vun geschichtleche Momenter ausdrécken, wéi se en och matgestalten. Béid sinn, an deem Sënn, virherrschend kulturell Modeller oder esou guer Idealer, vun der Praxis an mindestens implizitt, vun der Virstellung vun deem wat Léift ass, wéi se funktionéiert, wéi se entsteet, wou een se fënnt, asw.
Tëscht dem Schlegel an dem Dating-Site leien tatsächlech Welten. An dat net nëmme wat d‘Léift ubetrëfft. Bei deenen zwee leie ganz verschidde Weltopfaassungen a Liewensopfaassungen, quasi ganz verschidde Kulturen oder verschidden Entwécklungsmomenter vun der nämmlechter Kultur, an hiren Transformatiounen zu Gronn.
An trotzdeem deelt déi romantesch Léift weesentlech Elementer mat dir Gesellschaft a Kultur, déi aus de kapitalistesche Produktiounsverhältnisser eraus entstane sinn, an déi haut esou karikatural Zich ugeholl hunn, wéi se an den huele Marketing-Geschwätz hiren Ausdrock fannen.
De Mënsch vun der kapitalistescher Kultur war geduecht als radikalen Individuum dee, lassgetrennt vun den Standesbänn an der Feudalwirtschaft, eleng an der wirtschaftlecher Konkurrenz steet mat allen aneren Individuen, wou en gezwongen ass mat enniichteren Aen als Bezéiung zu anere Mënschen op seng eegen Avantagen hin ze analyséieren.
Et ass dësem Individuum, deen d‘Ekonomie mam Idealtypus vum Homo Oeconomicus geduecht huet. Dën Homo Oeconomicus – zum Gléck meeschtens just eng wëssenschaftlech Fiktioun – sollt déi Persoun duerstellen, déi an all hire Rapporten zur Welt an zu den anere Persoune prioritär op hiren eegenen, perséinleche Profit kuckt. Och an der Gefillswelt sollt dësen Homo Oeconomicus sech rational verhale wéi en genoss-sichenden Autist fir deen anerer héchstens Mëttel zu sengen Zwecker sinn. An dat kënnen esou harmlos Erliefnesser wéi de flüchtege Spaass, oder den Amusement sinn, wéi och di méi kalkuléiert Manipulatiounen, déi dem eegene Wäertgefill dénge sollen.
De Sujet vun der romantescher Léift ass erstaunlecherweis deen nämmlechten Individuum, dee lassgeléist vun allen affektive gesellschaftleche Bänn un senger Isolatioun als Individuum, an un an der Sënnlosegkeet vun enger Welt déi just op wirtschaftleche Konkurrenzkampf verzweiwelt.
So mer et esou : de romantesche Liibhaber, déi romantesch Liibhaberin ass den Homo Oeconomicus mat Weltschmäerz. De romantesche Mënsch ass net den enthusiasteschen Entrepreneur mat Eroberungsgeescht, Beräicherungstrieb a Geltungsdrang. Et ass den onglécklechen Homo Oeconomicus mat schmäerzhafter Melancholie, mat Verzweiflung un der instrumenteller Vernonft a mat Resignatioun.
D‘Utopie vum assuméierten Homo Oeconomicus ass di praktesch, Verwandlung vun der Welt an deenen anere Mënschen an en Instrument vum eegene Profit a vum Spaass.
D‘Utopie vum melancholeschen Homo Oeconomicus ass d‘Gléck vum ënneren Empfannen an dem verléiften Zesummesinn mat enger anerer Persoun. Di romantesch Léift besteet dofir an der Verbindung vun zwee eenzegaartegen Individuen déi mateneen verschmëlzen, a sech vun der Baussewelt ofwennen. Si viséieren d‘Eenheet vun der Leidenschaft, der Sehnsucht an der sexueller Erfëllung.
Contrairement zum Spaass – deem flüchtege Pläiséier vun der Consommatioun, deen ëmmer maîtriséiert a kadréiert ass – soll d‘Gléck vun der romantescher Léift éiweg daueren, eng Éiwegkeet déi duerch d’Traiheet vun den zwee Partner geséchert gëtt.
D‘Geschicht vun der Léift vum 20 Joerhonnert charakteriséiert sech doduerch, dat dës zwou Varianten um ekonomeschen Individualismus matenee versönt.
Den Homo Oeconomicus als allgemengen Entrepreneur vu sech a sengem Liewen no de Critèrë vun der Maximiséierung vum eegene Profit an der eegener Produktivitéit assimiléiert progressiv – an déi Richtung geet et nämlech – den romanteschen Individuum, dee säi Gléck net an der individueller Beräicherung, mä an der Léift zu zweet sicht.
Déi Versönung a Richtung Entrepreneuriat kéint een an dräi Etappe beschreiwen.
An enger éischter Etapp gëtt di romantesch Léift iwwert de Marketing, de Film, an d‘Literaturindustrie mat Wueren a Konsum verbonnen. Déi ursprénglech Ofwennung vun der Welt gëtt also duerchlässeg, a kommerziell duerchwuess.
De Kaddo deen een sengem Léifsten oder senger Léifste mécht ass zum Beispill en Owend an engem gudde Restaurant oder en deiere Bijou. D‘Flucht aus der Welt vum Alldag hëlt d‘Form un vun enger Wochenenndrees mam eegenen Auto, vum Weekend am Romantik-Hotel, oder dem Shopping an der Staat vun der Léift.
Di zweet Etapp wär dann déi, wou d‘Wueren an de Konsum net méi einfach am romantesche Modell Plaz huelen, ma him hir Wäert-Logik opdrängen. De Wäert vun der Léift, an d‘Mooss vum affektiven Engagement hänken elo net méi vun den Absichten, dem Sënn, der Symbolik oder dem subjektiv Empfonnten of, mä vum Geldwäert vum Kaddo. Hei fënnt also eng wuerefetischistesch Ëmkéierung vum romantesche Modell statt.
Et ass net méi d‘Gefill vun der Léift, vun der Verbonnenheet, déi den Wäert an d‘Bedeitung vum Kaddo ausmécht, mä ëmgedréit de Präis vun der Wuer oder der Consommatioun, déi d‘Seriositéit vun der Intentioun beweist. Wie mech an en 5‑Stäre Romantik Hotel aluet, oder mer e deiere Bijou schenkt, dee weist dat en et wierklech mengt. Diamonds are a girl‘s best friend … Wou et soss d’Léift si sollt, déi den Wäert vun enger Bezéiung ausmëscht, ass et elo den Wuerenfetisch deen den de Wäert ausmécht. A wou soss d‘Léift éiweg dauere sollt, ass et elo den Diamant, als Symbol vun der Wuer déi den momentanen affektiven Investissement iwwerdauert.
Di nächst Etapp ass dann erreecht, wann d‘Bezéiung selwer, dat heescht och di perséinlech Aart a Weis d‘Verhältnes zu deenen aneren ze denken, ze fillen an ze erliewen, nom Modell vun der kapitalistescher Funktiounslogik funktionéiert. An deem Moment huet de romantesche Modell vun der Léift sech opgeléist, an d’Léift sech an eng nei kulturell Form ëmgeännert. Oder, wat nach méi geleefeg ass : Elementer a Symboler vun der romantescher Léift sinn an déi Wurenfetischistech Funktiounsweis integréiert a gesinn do nach no Romantik aus, fir als Wuer oder Service verkaf ze ginn.
An der Semantik vun dësem Modell vu Léift ass d‘Notioun vum „Klick“ weesentlech. De Klick ass net just en aneren Numm fir den romantesche Coup de Foudre. Et ass de Begrëff vun enger anerer Zort vu Bezéiung zum Aneren.
Dëse Klick steet net nëmme fir d‘Klang-Noahmung vun der Computermaus oder vum Klavéier op dem Internet-Dating-Maart. De Klick steet fir déi Problematik vum bal onendleche Choix vun den Partnerschafts-Optiounen : Honnertdausende Singele si scho bei eis glécklech ginn. Firwat probéiert där net ? D‘Formel ass net grad originell, schéint awer nach ëmmer ze wierken : scho Millioune Leit hunn dëse Produit kaf, op wat waart Dir nach ? An wann der iech haut nach decidéiert, gëtt et nach e Pond Miel, eng Dosend Orangen oder eng Participatioun un der Auslousung vum Romantik-Wochenenn bei engem vun onser Partner-Hoteller …
Hie steet och nach fir d‘Impulsioun vum Konsum-Choix, do di wëssenschaftlech Matching-Mehtoden an hir algorithmesch Praxis de gros vun der Viraarbecht scho geleescht hunn. D’Klick-Léift funktionéiert nom Virbild vum Een-Click-Kaf, deen duerch Amazon bekannt gouf. Mär hunn dat Bescht scho fir Iecg ausgewielt, Där braucht elo just nach emol driwwer ze kucken an ze klicken. An wann et net gefällt, kann een jo alles erëmm zréckschécken. Keen engagement deen een net zu all Moment réckleefeg maachen kann.
D‘Een-Klick-Léift orientéiert sech no den Critèrë vun der geréierter Offer an Demande. Liebespartner ginn et um Dating-Maart an enger quasi onbegrenzter Auswiel, all suergfälteg klassifizéiert no administrative Wonsch-Critèrë vu Kierpermierkmaaler, iwwer Gehaltsklassen, bis op wëssenschaftlech getest Charakterzich a sexuell Preferenzen. A genau esou wéi op anere sougenannten „soziale Medien“ gëtt dësen onendleche Choix vu Liebes- an Sexualobjekter iwwer Algorithmen no Korrespondenz-Warscheinlechkeeten op en konsommablen Optimum erof-distilléiert.
Et kéint een soen datt dat, wat eigentlech di ganz affektiv, imaginär, kognitiv an Verhaalens-„Aarbecht“ vun der Léift bei de reale Begéinungen ausmécht hei vu Filter-Algorithmen iwwerholl gëtt. Dank dësen Algorithmen brauch een also ni vu ganz fir unzefänken, di aner Persoun kennenzeléieren. Et genéisst een vun Ufank un m Kader vun den héchste Sécherheetsstandarden. Just di lescht Schrëtt, d‘text-Echangen an di real Begéinung muss een nach selwer an d‘Hand huelen.
Sinn also déi méiglech zukünfteg Partner no stereotypéieren Klassifikatioune vun Alter, Gréisst, Gewiicht, Revenu, Aarbecht, Interessen, Hobbyen, sexuelle Preferenzen zougeuerdent, ass scho vill Zäit gewonnen. Léift no Zuelen an der Logik vu Keefer a Verkeefer.
Op der Dating-App, um Dating-Site gëtt esou d‘Individualitéit vum Homo Oeconomicus op der Sich no Léift op en Bëndel vu stereotypéierten Attributer mat Biller abstraéiert. Als Attributen-Bëndel stinn dann all solchen Individuen eng Lëscht vu potentielle Liibespartner als „wëssenschaftlech“ entspriechend Attributen-Bëndel géigeniwwer. A selbstverständlech steet hei och all Attributen-Bëndel mat Liebesbedürfnëss och a Konkurrenz mat allen aneren Attributen-Bëndelen, déi dat nämmlecht sichen. Hei kënnt nach emol dat, wat den Erich Fromm als Marketing-Charakter bezeechent huet, zum Zuch. Et geet drëm sech beschtméiglech ze verkafen, di professionellst Fotoë ze weisen, mat fantastesche Landschaften a lakkelëche Kierperdeeler eng Fassade ze weisen, déi den potentieller Keefer Loscht gi soll, op d‘Maus, an op d‘Tastatur ze klicken.
Léift soll dann hei mam Ausprobéieren aus enger preselektionéierte Biller an Attributen-Offer, bei der richteger Persoun „Klick“ maachen. Wann et net klappt feelt et un Optiounen net. Dofir ass di beschte Strategie – hei wär vun der neier Industrie vum Dating-Coaching ze schwätzen – gläichzäiteg e puer Optioune simultan duerchzespillen, bis et dann emol „Klick“ mécht. Dofir gëllt et „all seng Optiounen“ opzehalen, bis eng besser wéi di jëtzeg sech presentéiert. Et ass net schwéier ze gesi wéi d‘Relatioun selwer esou zum Maximiséierungsprozess an der Konsum- oder Investitiounslogik gëtt.
Mä eleng dës nei Problematik vum bal onendleche Choix bréngt e bekannte Problem mat sech, nach éier iergend eppes „Klick“ mécht. Et ass de Probleem vum Auswielparadox, deen am Kontext vum Kafverhale fir d‘éischt am Joer 2000 formaliséiert (an selbstverständlech als solchen och kritiséiert) gouf. Ouni op di wëssenschaftlech Diskussioun anzegoen, kenne mer dat beschriwwent Gefill all aus dem Supermarché. Dëse Paradox besteet doran, dat wat méi Méiglechkeeten zur Wiel stinn, wat et méi schwéier gëtt en Choix ze treffen, a wat all Choix dee mer dann treffen ëmmer manner iwwerzeegend gëtt. Well hannert all Choix verstoppt sech jo vläicht nach en besseren, oder en méi interessanten, asw. Hannert all Dating-Optioun verstoppt sech esou ëmmer vläicht eng besser Optioun …
Aus esou Verännerungen eraus entsteet also en ganz neie kulturelle Modell vun der Léift, dee letztendlech just nach d‘Symboler vun der romantescher Léift als eng vu senge Wärunge benotzt. An am Zentrum vun dësem neien Modell steet net méi de Probleem vum Empfannen, vu Liewen an Doud wéi an der romantescher Léift, mä de Probleem vum Choix, mat allen sengen Konsequenzen, bis an d‘Funktionéieren vun der Léift, vun der Sexualitéit a vun de Partnerschaften eran. D‘Eva Illouz schreift dozou :
Choice contains two separate ideas : one refers to the supply of goods, namely that something exists objectively in large supply (as in « this supermarket supplies a large choice of fresh organic vegetables »), while the second touches on a property of subjectivity, as when an individual faced with possibilities makes a decision also called choice (as in « she made the right choice »). Choice then expresses both a certain organization of the world, which presents itself as an assorted set of possibilities encountered by the subject in a direct, unmediated way, and an organization of the will into wants, emotions, and desires. A choosing will is a specific kind of deliberative will, facing a world that seems to be structured like a market, that is, as a set of abundant possibilities, which the subject must seize and choose in order to satisfy and maximize his or her well-being, pleasure, or profit. From the standpoint of a sociology of culture, choice represents the best way to understand how the formidable structure of the market translates into cognitive and emotional properties of action. (Illouz, E. (2019). The End of Love : A Sociology of Negative Relations. Oxford University Press.)
Aus dëser neier Fräiheet an Oppenheet erstinn dann och eng Rei vun neie Problemer, déi d‘Eva Illouz am Begrëff vun der „negativer Relatioun“ beschriwwen huet.
Mä dat ass eng aner Geschicht …