Traditionell gouf den Kapitalismus ëmmer mat Gefillskeelt an instrumenteller Vernonft an Zesummenhang bruecht.
Kapitalismus gouf duerch Rationaliséierung a Gefillsverflaachung um affektive Plang charakteriséiert. An den 1990er Joren huet awer eng amerikanesch Soziologin entdeckt wéi och d‘Gefiller vum Kapitalismus gebraucht goufe fir d‘Produktivitéit ze steigeren.
Nom Kapitalismus vun der instrumenteller a gefillskaler Vernonft ass am spéiden 20. Joerhonnert eng nei Form vu Kapitalismus entstane: den „emotionale Kapitalismus“.