Épisodes radio

Gefiller vum Kapitalismus (4/8): Zur Psychologie vun der emotionaler Aarbecht

Wat an der Sozio­lo­gie an an der Psy­cho­lo­gie als „emo­tio­nal Aar­becht“ bezeechent gëtt, bes­teet net ein­fach an deem léiwe Lachen, zu deem mer eis a ver­schid­dene Situa­tioune for­céie­ren. Et gläicht deem wat am Thea­ter „Method Acting“ genannt gouf, wou en Acteur sech voll­stän­neg mat engem Rôle iden­ti­fi­zéie­ren sollt.

Mä esou eng Iden­ti­fi­zéie­rung huet op Dauer en Präis fir déi Per­soun, déi domat hir Sue ver­dénge muss. Di emo­tio­nal Aar­becht bréngt eng nei Form vun Ent­frie­mung mat sech, déi déif an d’Per­séin­le­ch­keet agräift an do esou eenegs duer­cher­neen bréngt.  (Lire la suite … )

Épisodes radio

Gefiller vum Kapitalismus (3/8): Di emotional Intelligenz

Lang Zäit gou­gen di sozio­logësch Ana­ly­sen vum Kapi­ta­lis­mus an déi Rich­tung ze soen, dat d’Ge­filler­lie­wen duerch de Beräi­sche­rung­strieb an d’Ra­tio­na­li­séie­rung vum ges­chäft­leche Ver­kéier oof­ge­flaacht gëtt. 

Méi rezent huet sech awer eng aner Entwé­ck­lung vum Kapi­ta­lis­mus gewis­sen, déi d’Ge­filler an hiren Mana­ge­ment an de Vir­der­grond stellt. 

D’Tech­ni­ken vun der posi­ti­ver Psy­cho­lo­gie an der emo­tio­na­ler Intel­li­genz sol­len dobäi hël­le­fen, nach méi Pro­fit­ter anzesammelen.

Emo­tio­nal Intel­li­genz war emol en flott Vers­prie­chen, mä si war lei­der och vun Ufank un dorop uge­luecht den neien Gefills­ka­pi­ta­li­mus op Héich­toue­ren ze brén­gen.  (Lire la suite … )

Épisodes radio

Gefiller vum Kapitalismus (2/8): Gefiller op der Aarbecht a Gefiller als Aarbecht

Tra­di­tio­nell gouf den Kapi­ta­lis­mus ëmmer mat Gefills­keelt an ins­tru­men­tel­ler Ver­nonft an Zesum­men­hang bruecht. 

Kapi­ta­lis­mus gouf duerch Ratio­na­li­séie­rung a Gefills­ver­flaa­chung um affek­tive Plang cha­rak­te­ri­séiert. An den 1990er Joren huet awer eng ame­ri­ka­nesch Sozio­lo­gin ent­deckt wéi och d‘Gefiller vum Kapi­ta­lis­mus gebraucht goufe fir d‘Produktivitéit ze steigeren. 

Nom Kapi­ta­lis­mus vun der ins­tru­men­tel­ler a gefills­ka­ler Ver­nonft ass am spéi­den 20. Joe­rhon­nert eng nei Form vu Kapi­ta­lis­mus ents­tane : den „emo­tio­nale Kapi­ta­lis­mus“.  (Lire la suite … )

Épisodes radio

Gefiller vum Kapitalismus (1/8): Gefiller : tëscht Biologie a Geschicht

Wann Aar­becht a Léift d’Quelle sinn vum Gléck, wéi gesäit et da mat der Aar­becht an der Léift an der Welt vum Kapi­ta­lis­mus aus ? 

Mécht Aar­becht am kapi­ta­lis­tesche Pro­duk­tiouns­pro­zess, mécht Aar­becht an den neien Tech­no­lo­gie­bran­chen an de grousse Consul­ting­firme glécklech ? 

A wann dat net de Fall si sollt, wéi steet et mat der Léift ? Kann d’Léift ons virum Kapi­ta­lis­mus ret­ten ?  (Lire la suite … )

Radio

Gefiller vum Kapitalismus

En vun de mar­kantste rezen­ten his­to­res­chen Decou­ver­ten vun der Sozio­lo­gie ass d‘Funktioun vun de Gefiller am Kon­text vum Spéitkapitalismus. 

An ëmmer méi Aar­bech­ten aus dem Déng­scht­lees­ch­tungs­sec­teur spillen d’Ge­filler, a Form vum Gefills­ma­na­ge­ment an d’Ge­fills­ma­ni­pu­la­tioun, wich­teg Rollen. 

Unhand vun zwee repre­sen­ta­tive Beis­piller, der Aar­becht an der Léift, sol­len des Änne­run­gen an der Gesell­schaft, an an eiser Psy­cho­lo­gie veran­schau­lecht ginn.  (Lire la suite … )