Skip to main content

Autoritär (6/7): di autoritéitsgebonne Perséinlechkeet

Autoritär (6/7): di autoritéitsgebonne Perséinlechkeet

Eng vun den interessanten Schlussfolgerunge, déi den Th. W. Adorno aus den Studien über autoritäre Persönlichkeit (1950) gezunn hat – eng interdisziplinär Studie déi vun 1943-1947 an Amerika gefouert gouf – war dat den Antisemitismus, an d’Tendenz zum Radikalismus net esou ausschliisslech vun den ideologeschen a politeschen Iwwerzeegungen ofhänken, wéi een et sech dat virgestallt hat.
Net manner wichteg fir des Dispositiounen, esou den Adorno, ass eng gewëssen Perséinlechkeets- oder Charakterstruktur, déi sech duerch eng Rei vun charakteristeschen psychologeschen Zich auszeechent. Et sinn des Zich, et sinn des psychologesch Dispositiounen, déi an der Wiesselwierkung mat engem gewëssen gesellschaftlechen Klima di beschten Chancen duerstellen, fir autoritär Orientéierungen populär ze maachen.

Autoritär (5/7): Variante vun autoritärer Perséinlechkeet

Autoritär (5/7): Variante vun autoritärer Perséinlechkeet

10 Joer no der Studie iwwert Autoritéit a Famill huet en internationalen an interdisziplinären Grupp vu Fuerscher sech nach emol méi direkt der Fro vum autoritären Charakter consacréiert.

Des Etüd, déi zwar säit hirer Verëffentlechung ëmmer erëm kritiséiert gouf, gehéiert trotzdeem haut nach zu den meescht zitéierten Texter an der Soziologie.

Autoritär (4/7): Bannenussiicht vum autoritäre Charakter

Autoritär (4/7): Bannenussiicht vum autoritäre Charakter

No baussen ass en autoritäre Charakter liicht ze klassifizéieren an ze beobachten. Mee domat ass nach net erkläert, wéi e vu banne funktionéiert.
Wéi tickt also eng autoritär Perséinlechkeet?

Den Erich Fromm stäipt sech, bei senger Erklärung, zum groussen Deel op dem Freud seng psychoanalytesch Theorie. Déi deelt d’Séil no verschiddenen, charakteristesche Funktiounen an.

Autoritär (3/7): Den autoritäre Charakter

Autoritär (3/7): Den autoritäre Charakter

Wei den Wilhelm Reich, huet och den Erich Fromm geduecht, dat d’Psychologie vun den Individuen en wichtegen Rôle an de gesellschaftlechen Prozesser spillt.

Mä hien konnt och op dir anerer Säit weisen, wéi d’Individualpsychologie selwer, vun de gesellschaftlechen Prozesser bestëmmt gëtt.

Autoritär!

Autoritär!

Et gouf emol eng Theorie déi duecht, dat wa gesellschaftlech Ongläichheeten wuessen géifen, déi Ënnerdréckt sech dru setzen géifen, eng nei, méi gerecht Gesellschaft ze grënnen.

An dunn ass d’Géigendeel geschitt, esou wuel am Osten, wéi am Westen gouf eng nei Zort vu Gesellschaft erfonnt: déi vum Totalitarismus.

Wéi war dat méiglech?

Adorno: Bemerkungen zur ›Authoritarian Personality‹

Adorno: Bemerkungen zur ›Authoritarian Personality‹

Mit den von Eva Maria Ziege erstmals herausgegebenen „Bemerkungen zu The Authoritarian Personality„, deren Typoskript sich im Nachlass Max Horkheimers befand, bringt der Suhrkamp Verlag dieses Jahr den zweiten unveröffentlichten Text von Th. W. Adorno heraus.1 Die „Bemerkungen“ waren ursprünglich als Kapitel „über die Stellung der Studie im Verhältnis zu anderen Theorien und Forschungen“ der 1950 erschienen Studie The Authoritarian Personality gedacht.

Adorno hatte das vorgesehene Kapitel in zwei große Teile gegliedert: Es sollte sich einerseits mit der Stellung der Studie in der damaligen Forschung beschäftigen und andererseits auf das Verhältnis zu anderen „Großtheorien“ eingehen. Trotz der teilweise vehementen Kritiken, die der Authoritarian Personality seit ihrer Veröffentlichung zuteil wurden, bleiben viele von Adornos Überlegungen durchaus fruchtbar für aktuelle Untersuchungen des Rechtspopulismus und des Rechtsextremismus.