Et gouf emol eng Theorie déi duecht, dat wa gesellschaftlech Ongläichheeten wuessen géifen, déi Ënnerdréckt sech dru setzen géifen, eng nei, méi gerecht, demokratesch Gesellschaft ze grënnen.
An dunn ass d’Géigendeel geschitt. Esou wuel am Osten, wéi am Westen gouf eng zwar eng nei Zort vu Gesellschaft erfonnt, mä dat war net déi vun der Gläichheet a Gerechtegkeet : et war déi vum rietsen an lénken Totalitarismus.
Wéi war dat méiglech ?
Eng Rei vun Denker aus verschiddenen Sparten hunn sech ab den 30er Joeren dru gemaach ze verstoen, wéi dat geschéien konnt. Hier ganz allgemeng Fro war : wéi kënnt et, dat fräi Leit genau de Contraire wielen, vun deem wat an hirem allgemengen Interesse wär ?
Politesch, soziologesch a geschichtlech Theorien eleng waren net kapabel eng Äntwert op déi Froen ze formuléieren. Och eng psychologesch Erklärung war noutwenneg ginn, fir ze verstoen firwat autoritär Führertypen, an autoritär Ideologien méi attraktiv sinn, wéi Fräiheet a Vernonft.
Haut schénge mer erëm an enger änlecher Situatioun ze sinn. Wärend di gesellschaftlech an ekonomesch Ongläichheeten ëmmer méi massiv ginn, fillen sech och ëmmer méi Leit erëm vun herrschsüchtegen Populisten an hiren gewaltbereeten Astellungen ugezunn.
Dofir stellt sech d’Fro erëm op en neits : wat ass Autoritarismus, a wat mécht dat Autoritäert erëm esou interessant an esou wënschenswäert ginn ass ?
1. Autoritär. En Iwwerbléck (7. Dezember 2019)
« Befeelen ass besser wéi Sex », heescht et an engem sizilianeschen Spréchwuert. A wie gär befeelt, deen huet eng Virléift fir Autoritéit an Autoritarismus. Den Autoritären seet : du mëss wat ech well. An du mëss dat, well ech et wëll. Dës Zort vun Autoritéit bedeit also fir d’éischt en Muechtverhältnis, wou een kommandéiert, an di aner follegen. Mä ganz esou einfach ass et awer net. Well zu autoritären Verhältnes gehéieren der mindestens zwee. Zwee déi, wann et net just ëm réi Gewalt geet, duerch en speziellt Verhältnes zur Autoritéit gepräägt sinn.
2. Di autoritär Massepsychologie (14. Dezember 2019)
Am Kontext vun de politeschen Erfolleger vum Faschismus, huet den éisträicheschen Medezinner a Psychoanalytiker Wilhelm Reich sech éischt Gedanken gemaach, iwwert eppes wat hien « autoritären Charakter » genannt huet. Wéi kënnt et, dat politesch Hätzer do Succès hunn, wou se dach eigentlech missten op Desintresse fale. De Reich hat eng psychologesch Äntwert op di politesch Fro : an gewëssen Familljen gi bei de Kanner déi Perséinlechkeetsstrukturen ugeluecht, déi se herno empfänglech maachen fir Autoritéit, fir Follegen, an Matmaachen. Verschidde Leit sinn esou psychologesch dozou veranlaagt sech vun Autoritéiten ugezunn ze fillen, och wa se hinnen näischt Guddes bréngen.
3. Den autoritäre Charakter (21. Dezember 2018)
Wei den Wilhelm Reich, huet och den Erich Fromm geduecht, dat d’Psychologie vun den Individuen en wichtegen Rôle an de gesellschaftlechen Prozesser spillt. Mä hien konnt och op dir anerer Säit weisen, wéi d’Individualpsychologie selwer, vun de gesellschaftlechen Prozesser bestëmmt gëtt. Esou artikuléiert de Fromm di soziologesch an di psychologesch Dimensioun vum autoritären Charakter. An och beim Fromm steet hei d’Famill nach emol am Mëttelpunkt.
4. Eng Bannenusiicht vum autoritären Charakter (04. Januar 2020)
No baussen ass en autoritären Charakter liicht ze klassifizéieren an beobachten. Mä domat ass nach net erkläert wéi en vu bannen funktionéiert. Wéi tickt also eng autoritär Perséinlechkeet. Den Erich Fromm stäipt sech, bei dëser Erklärung zum groussen Deel op dem Freud seng psychoanalytesch Theorie. Déi deelt d’Séil no verschiddenen, charakteristeschen Funktiounen an. Den autoritären Charakter weist eng spezifesch, originell Strukturatioun vun dësen psycheschen Funktiounen.
5. Varianten vun autoritärer Perséinlechkeet (11. Januar 2020)
10 Joer no der Studie iwwert Autoritéit a Famill huet en internationalen an interdisziplinären Grupp vu Fuerscher sech nach emol méi direkt der Fro vum autoritären Charakter consacréiert. Des Etüd, déi zwar staark kritiséiert gouf, gehéiert trotzdeem haut nach zu den meescht zitéierten Texter an der Soziologie. D’Etüd huet et erlaabt 6 Varianten vun autoritären Syndromer ze isoléieren. Di zwee heefegst dovun kucke mer eis kuerz un.
6. Di autoritéitsgebonne Perséinlechkeet (18. Januar 2020)
Di eigentlech autoritär Perséinlechkeet charakteriséiert sech duerch typesch Zich wéi d’Unerkennung vun der Gewalt, d’Spezifizitéit vun den Virurdeeler, d’Objektivéierung vun alle mënschlechen Bezéihungen, den Konventionnalismus, deen sech als dézidéiert matmaachen a Kollaboréieren ausdréckt, an eng eegenarteg Ich-Schwäche, déi sech an enger agressiver Selbstbehaaptung kompenséiert.
7. Autoritär haut (25. Januar 2020)
Säit 2002 gëtt en Grupp vun Chercheuren am Optrag vun der Friedrich-Ebert-Stiftung all 2 Joer eng grouss Etüd iwwer den Rietsextremismus eraus. Des Studien situéieren sech op der Linn vun de groussen Studien vun der « Frankfurter Schule ». Si benotzen eng aktualiséiert Methodologie fir esou wuel di soziologesch wéi di psychologesch Dimensiounen vum Autoritarismus op d’Spuer ze kommen. An d’Resultater sinn erstaunlech.