Skip to main content

Denkverbuet

Denkverbuet

Wann ee schonn eppes sécher vun der aktueller Corona-Kris zeréck hale kann, dann ass et, op där enger Säit, d’Komplexitéit vun den wëssenschaftlechen, politeschen, moraleschen a gesellschaftleche Problemer déi se mat sech bréngt. A wat op der anerer Säit och opfält, sinn déi simplistesch Discoursë mat deenen déi Kris vereinfacht gëtt.

Vum Rechtsstaat zum Preventiounsstaat

Vum Rechtsstaat zum Preventiounsstaat

Am Ufank vun der Pandemie huet et geheescht, mer missten den exponentielle Wuesstum vun der Infektioun vermeiden, fir d’Spideeler net ze iwwerlaaschten.

Dat war déi klassesch Gesondheetspolitik vum Wuelfaartsstaat: all Bierger sollt d’Méiglechkeet hunn, behandelt ze ginn. Mëttlerweil huet sech déi Zilsetzung awer geännert: si gouf vun engem aneren Zil ersat, dat weder thematiséiert, nach kritesch diskutéiert gouf.

Risiko, Preventioun an Absurditéit

Risiko, Preventioun an Absurditéit

„Man erzählt, ein wundertätiger Rabbi in Chelm habe einmal in einer Vision gesehen, wie das Lehrhaus in Lublin, mehr als achtzig Kilometer entfernt, niedergebrannt sei.

Diese bemerkenswerte Erscheinung vergrößerte seinen Ruhm als Wundertäter aufs nachhaltigste. Als einige Tage später ein Reisender aus Lublin in Chelm eintraf, wurde er von den Anhängern des Wunder-Rabbis mit Trauer und Sorge begrüßt, aber auch mit einem gewissen Gefühl des Stolzes. ‚Wovon sprecht ihr eigentlich?‘ fragte der Reisende …“

Ausnamen

Ausnamen

Den 11. Mee 1968 hu sech 40.000 Mënschen zu Berlin versammelt fir géint déi deemools geplangten Noutstandsgesetzer ze manifestéieren. Ee vun de bekanntste Kritiker vun dëse Gesetzer, den Heinrich Böll, sot dozou an sengem Virtrag: « Opgrond vu mengen Erfarunge mat verschiddenen Noutstänn, sinn ech der Iwwerzeegung, datt Noutstänn […] duerch Gesetzer net ze reegele sinn. » […]

Science Wars

Science Wars

Obwuel mer un eng gewëssen Ondurchsiichtlechkeet gewinnt sinn, an obwuel reegelméisseg Krisen a Katastrophen eis definitiv d’Gefill geholl hunn, an enger sécherer Welt ze liewen, ass ons haiteg Situatioun dach erstaunlech.

Nach ni gouf et esouvill an esou weltwäit kontradiktoresch Informatiounen iwwert esou en klengt Déngen, mat esou massive Konsequenzen. An och d’Wëssenschaften schéngen ons keen einfachen Wee do eraus ze weisen.

Bleift doheem a monter …

Bleift doheem a monter …

Elo musse mer e puer Méint doheem bleiwen. Och wa mer d’Noutwendegkeet vun der Moossnam agesinn: liicht gëtt dat net. Nieft dem Virus dobaussen, erwaarden eis méiglecherweis och e puer psychologesch Phenomener dobannen. Déi sinn net wierklech geféierlech a meeschtens och séier eriwwer. Dës nei Situatioun fuerdert eng psychologesch Upassung: Eng Upassung un déi eegenaarteg, […]

Radio als Service Public

Radio als Service Public

Wéi kann een e Radio verstoen, deen als « Service Public » funktionéiert? Oder anescht gefrot: wat ass den Ënnerscheed tëscht engem privaten, kommerziellen Radio, an engem ëffentlech-rechtlechen Radio? Hei treffen, och am Kader vun enger Demokratie, verschidden Siichten openeen déi, wann een genau hikuckt, net onbedéngt esou kompatibel sinn, wéi et munchmol schéngt.