Ëffentlech Meenung

Ëffentlech Meenung

Ganz am Ufank vum 20. Joe­rhon­nert, 1091, schwätzt den fran­séi­schen Sozio­log an Sozial­psy­cho­log Gabiel Tarde fol­gend War­nung aus :

« Les publics comme les foules sont into­lé­rants, orgueilleux, infa­tués, pré­somp­tueux, et, sous le nom d’o­pi­nion, ils entendent que tout leur cède, même la véri­té quand elle les contra­rie. N’est-il pas visible aus­si que, à mesure que l’es­prit de groupe, l’es­prit de public, sinon l’es­prit de la foule, se déve­loppe dans nos socié­tés contem­po­raines, par l’ac­cé­lé­ra­tion des cou­rants de la cir­cu­la­tion men­tale, le sen­ti­ment de la mesure s’y perd de plus en plus ? »

(Gabriel Tarde. L’o­pi­nion et le public. 1901)

An enger Serie vun Tex­ter, déi den Ënner­scheed vun Mas­sen (foules) an Publi­ku­mer (public) dis­tin­guéie­ren, mengt den Tarde dat Mas­se­phe­no­me­ner zwar eng bean­dro­ckend, awer och nëm­men kuerz­lie­weg Mani­fes­ta­tioun vun den demo­kra­tes­chen Pro­zes­ser duers­tel­len. Méi daue­rhaft, méi ëmfaas­send an dofir och méi wierk­sam, wann och man­ner viru­lent, wär dat, wat hien de Public nennt. Also dat wat spéi­der als di ëffent­lech Sphäre sollt bezeechent ginn. 

Dëse Public esou den Tarde gëtt duerch eng ëffent­lech Mee­nung zesumme geha­len, déi esou ze soen säin gees­ch­tege Band aus­mécht. Selbst­verständ­lech ass des ëffent­lech Mee­nung net am Sënn vum Rous­seau sen­ger « volon­té géné­rale » ze vers­toen, déi ier­gendwéi als all­ge­meng Iwwer­zee­gung oder Ideo­lo­gie déi sech net aus den een­ze­len Iwwer­zee­gun­gen vun allen, mä als eng Zort vun « objek­ti­vem Gees­cht » (Hegel) iwwert di sub­jek­tiv Mee­nun­gen eraus mani­fes­téie­ren géif. 

Di ëffent­lech Mee­nung gëtt et nom Tarde nëm­men als Plu­ral : et ginn also an enger Demo­kra­tie eng ganz Rei vun ëffent­le­chen Mee­nun­gen, an déi Mee­nun­gen stinn och am dis­kur­si­ven Kon­kur­renz­kampf géin­te­neen.

Den Tarde schreift dozou :

On dit l’o­pi­nion, mais il y a tou­jours deux opi­nions en pré­sence, à pro­pos de chaque pro­blème qui se pose. Seule­ment l’une des deux par­vient assez vite à éclip­ser l’autre par rayon­ne­ment plus rapide et plus écla­tant, ou bien parce que, quoique la moins répan­due, elle est la plus bruyante.

(Gabriel Tarde, op. cit.)


Des ëffent­lech Mee­nun­gen ginn doriw­wer eraus sel­wer medial esou wuel pro­du­zéiert an encou­ra­géiert, wéi se vun de Medien och opge­holl a wei­der­ges­pillt ginn. Esou ëffent­lech Mee­nun­gen berouen also net ein­fach op eng akti­ver Hiers­tel­lung vum Kon­sens, wéi den Wal­ter Lipp­man dat gesi wollt, mä tatsä­chlech op enger Wies­sel­wier­kung tëscht de Medien an hirem Publikum. 

Mä wat als Hiers­telle vum demo­kra­tesche Kon­sens nout­wen­neg erscheint gëtt och gären ëmmer erëm zum Schrëtt aus der Demo­kra­tie eraus. Dat schéngt ganz beson­nesch siicht­bar, wann d’Ho­mo­ge­ni­séie­rung vun der ëffent­le­cher Mee­nung des zu engem net méi han­ner­fro­ba­ren Dog­ma erfréie­ren léisst, deem ze wid­ders­prie­chen schwéier gemaach gëtt. Dann gëtt di ëffent­lech Mee­nung zum Nähr­bue­dem vu gesell­schaft­le­cher Segre­ga­tioun an pre­pa­réiert d’Le­gi­ti­méie­ren vun der Gewalt.

Op Radio 100,7 lie­sen a lauschteren … ➽