Meenungsfräiheet

(Erwei­dert Ver­sioun vum Pris­ma› op Radio 100,7)

Demo­kra­tie ass eng fei Saach. Well an enger Demo­kra­tie sol­len et fir all Bier­ger inalié­na­bel, onveräußer­lech Gron­drech­ter ginn. An eent vun deene Gron­drech­ter ass et eng fräi Mee­nung ze hunn, an déi och äus­se­ren ze däerfen.

Wärend di mees­cht europäesch Grond­ge­set­zer dës Fräi­heet ganz uewen an hirer Wäer­thie­rar­chie hunn, muss een an der Lët­ze­buer­ger Kons­ti­tu­tioun dach emol laan­scht d‘Kroun vum Grand-Duc, laan­scht Garan­tië vum Pri­vat­besëtz, a laan­scht de Ver­zicht op d‘Doudesstrof bis erof an den Arti­kel 25 siche goen, fir d‘Meenungsfräiheet ze fan­nen. Do liest een dann :

La liber­té de mani­fes­ter ses opi­nions par la parole en toutes matières, et la liber­té de la presse sont garan­ties, sauf la répres­sion des délits com­mis à l’occasion de l’exercice de ces libertés. 

Mä di schéi Mee­nung­sfräi­heet kënnt och mat e puer Pro­ble­mer. An déi ents­tinn notam­ment am Moment wou et drëm goe soll Ent­schee­dun­gen zesum­men ze treffen.

Mer wës­sen all wéi schwéier et ass ier­gen­deen vun ier­gen­deppes, dat net sen­ger Mee­nung ents­précht, ze iwwer­zee­gen. Ganz onméi­glech schéint dësst, wann nëm­men di gewalt­los Gewalt vum bes­se­ren Argu­ment ziele soll. Esou guer bei dee­nen, déi an Argu­men­ta­tiou­nen a Rai­son­ne­men­ter trai­néiert sinn, wéi Phi­lo­so­phen a Wës­sen­schaft­ler, ass dat éisch­ter see­len de Fall.

An sen­gem Trea­tise of Human Nature (1749/50) huet den englesche Phi­lo­soph David Hume, nach laang virum Scho­pen­hauer, Nietzsche a Freud bemierkt, dat de Rap­port tëscht Ver­nonft a „Pas­sioun“ net deen ass, deen een sech idea­lis­tesch erhofft. En vun deene bekanntste Sätz aus dem Hume sen­gem Trai­té seet : “Rea­son Is and Ought Only to Be the Slave of the Pas­sions”.

Wat den „ought“ an dëser For­mel hees­cht, ass eng kom­pli­zéiert Affär an féiert zu laan­gen Dis­kus­siou­nen. Den „is“ ass méi liicht verständ­lech : Ver­nonft ka kéng emo­tio­nell Impul­ser ginn. Just d‘ „Pas­siou­nen“ set­zen eis a Bewee­gung. An d‘Vernonft ass bes­ch­te­falls d‘Instrument vun der Pas­sioun. Et ass net schwéier an dëser Usiicht schonn en Vir­rei­der vum Freud sen­ger Psy­cho­lo­gie ze gesinn : d‘Vernonft ass och hei just d‘Aa, déi sech d‘Passioune ginn, fir sech an der Welt ze orien­téie­ren. Dozou spéi­der méi.

Komme mer op de Pro­bleem vun der Mee­nung­sfräi­heet zréck. D‘Spannung tëscht der indi­vi­duel­ler, per­séin­le­cher Mee­nung op der enger Säit, an der gedeel­ter, gemein­sa­mer ëffent­le­cher Mee­nung op dir ane­rer Säit huet d‘Denker vun den moder­nen Demo­kra­tië vun Ufank un beschäftegt.

Wéi evi­téiert een et, dat eng Gesell­schaft vun Indi­vi­duen net stän­neg an en bel­lum omnium contra omnes (Hobbes), an en Krich oder e Kampf vun allen géint all ausaart ? Mat där Fro fänkt tatsä­chlech 1642 di modern poli­tesch Phi­lo­so­phie mam Tho­mas Hobbes sen­gem De Cive un.

An den 30er Joer vum les­chte Joe­rhon­nert huet den spéi­der natio­nal­so­zia­lis­tesche Jurist a Rechts­phi­lo­soph Carl Schmitt dofir eng Léi­sung for­mu­léiert, déi och haut nach vill Unzéiung­skraaft bei ver­schidde Ver­trie­der, och vun der „pro­gres­sis­tes­cher“ Lén­ker (wéi beim d‘Chantal Mouffe oder dem Gio­ri­go Agam­ben) vun der Demo­kra­tie huet.

De Schmitt huet näm­lech geduecht, dat esou eng Demo­kra­tie eigent­lech am Bes­chte funk­tio­néiert, wann een eng Homo­ge­ni­téit an der Popu­la­tioun viraus­setze kann. Demo­kra­tie funk­tio­néiert dann am Bes­ch­ten, wa mer all dat nämm­lecht den­ken, eis d‘nämmlecht verha­len, dat nämm­lecht Liewe lie­wen, a virun allem och di nämm­lecht Rass a Relioun hunn.

Zur Demo­kra­tie gehéiert et, sou den Carl Schmitt, dat daat Gläicht gläich behan­delt gëtt, an dat Ongläicht ongläich. An dat hees­cht och dat daat Ongläicht, falls néi­deg, sollt ver­nicht ginn. Den Carl Schmitt schreift a sen­gem bekannte Buch iwwert de Begrëff vum Poli­tes­chen 1932 :

Jeder reli­giöse, mora­lische, öko­no­mische, eth­nische oder andere Gegen­satz ver­wan­delt sich in einen poli­ti­schen Gegen­satz, wenn er stark genug ist, die Men­schen nach Freund und Feind effek­tiv zu gruppieren.

An dat hees­cht, 10 Joer méi fréi an Die geis­tes­ges­chicht­liche Lage des heu­ti­gen Par­la­men­ta­ris­mus schonn :

Jede wirk­liche Demo­kra­tie beruht darauf, daß nicht nur Gleiches gleich, son­dern, mit unver­meid­li­cher Kon­se­quenz, das Nicht­gleiche nicht gleich behan­delt wird. Zur Demo­kra­tie gehört also not­wen­dig ers­tens Homo­ge­nität und zwei­tens – nöti­gen­falls – die Aus­schei­dung oder Ver­nich­tung des Hete­ro­ge­nen. (…) Die poli­tische Kraft einer Demo­kra­tie zeigt sich darin, daß sie das Fremde und Ungleiche, die Homo­ge­nität Bedro­hende zu besei­ti­gen oder fern­zu­hal­ten weiß.

Dofir bes­teet de Grond­prin­zip vun all Poli­tik doran Frënd a Feind ze ënner­schee­den. Dat erkläert fir­wat een dann, falls néi­deg, de ganze rechtss­taat­leche Fun­dament vun der Demo­kra­tie mat engem Aus­na­me­zous­tand aus­ser Kraaft setze kann. Wann et drëm geet de Staat, wuel­ge­mierkt : de Staat, ze bes­chüt­zen, däerf Demo­kra­tie schonn emol eli­mi­néiert ginn. Beson­nesch säit les­chte Joer hu mer gesinn, wéi séier sech Lénks, Riets an Zen­trum an der Poli­tik och nach haut, an Zäite vun enger Kris, sech op dee Prin­zip eenege kënnen.

Zum Gléck hunn awer net all di rezent Den­ker vun der Demo­kra­tie esou radi­kal Kon­se­quenze gezunn. Zur onge­féier nämm­lech­ter Zäit wéi den Carl Schmitt huet en Neveu vum Sig­mund Freud, den Edward Ber­nays, sech och Gedan­ken iwwert dëse Pro­bleem vun enger Mas­sen­de­mo­kra­tie mat Indi­vi­due gemaach Mä wärend de Carl Schmitt auto­ritär, poli­tesch an natio­na­lis­tesch geduecht huet, war de Ber­nays en Unhän­ger vun enger neier libe­ra­ler Ideologie .

De Ber­nays huet näm­lech, grad esou wéi säin illus­te­ren Zäit­ge­nosse, de Jour­na­list a poli­tesche Publi­zist Wal­ter Lipp­mann, gemengt dat all d‘Problemer vum mën­schle­chen Zesum­me­lie­wen da kënne geléist ginn, wann d‘Gesellschaft op allen Niveaue wéi en Maart funk­tio­néiert. Dës demo­kra­tesch Uto­pie gouf spéi­der als neie Libe­ra­lis­mus – oder Neo­li­be­ra­lis­mus – bekannt. Mä d‘Grondiddi ass och hei guer net emol esou nei.

A sen­gem Buch vun 1923 – Crys­tal­li­zing Public Opi­nion – situéiert den Ber­nays de Grond-Pro­blem vun de moderne Mas­sen­de­mo­kra­tien um Niveau vun der Mee­nung­sfräi­heet. An enger demo­kra­tes­cher Gesell­schaft déi op de Prin­zip­pie vun Indi­vi­dua­li­téit an der Ega­li­téit opge­baut ass, wëllt all Bier­ger infor­méiert sinn, a sel­wer seng eegen Ent­schee­dun­gen huelen.

An esou sollt et dann och sinn, an enger moder­ner Demo­kra­tie : all Indi­vi­duum soll mat bes­ch­ter Infor­ma­tioun amstand sinn, seng eegen Inter­es­sen ze ver­fol­le­gen, an säin eegent Lie­wen ze lie­wen. Mä wann dat esou ass, wa jidd­we­ree fir d‘éischt, an am Bes­ch­ten exk­lu­siv no sech kucke sollt, wou kënnt dann de gesell­schaft­le­chen Zesum­men­hang hir ?

D‘Äntwert op déi Fro, wat de Ber­nays net sot oder net wosst, staamt urs­prén­glech aus dem 18. Joe­rhon­nert. 1714 huet de Ber­nard de Man­de­ville – en hollän­nesche Phi­lo­soph an Eko­no­mist – a sen­ger Fabel vun de Beien de Pro­bleem vun der Gesell­schaft vun Indi­vi­due fir d‘éischt an der Ges­chicht vum moderne poli­tes­chen Denke mat der Eko­no­mi­séie­rung vun der Gesell­schaft geléist.

Am bekanntste gouf dem de Man­de­ville säi Prin­zip awer duerch dem schot­tesche Moral­phi­lo­soph an Eko­no­mist Adam Smith seng Aus­so, dat et net de gudde Wëlle vum Metz­ler, Bauer oder Bäcker ass, deen eist Owen­diesse garan­téiert, mä hiert per­séin­lecht Inter­esse. (An Inqui­ry into the Nature and Causes of the Wealth of Nations, 1776) Et ass net well de Metz­ler oder de Bäcker esou gutt Mënsche sinn, oder vun ier­gen­den­ger Phi­lan­thro­pie ani­méiert ginn, dat se esou gutt Bréi­der­cher baken, oder esou gutt Zoos­sisse maa­chen. Si maa­chen déi Bréi­de­cher an di Zoos­sis­sen esou gutt wéi méi­glech, fir der esou vill wéi méi­glech dovun ze ver­ka­fen, an doduerch lie­wen ze kën­nen, oder esou guer domat räich ze ginn. An deem Grond kën­nen dann och mär vun hirem Egois­mus profitéieren.

Wann also an enger Gesell­schaft, esou di Verall­ge­men­ge­rung vun der Bréi­de­chers­si­tua­tioun, di och nach 300 Joer méi spéit bran­dak­tuell ass, déi nom Prin­zip vum Maart funk­tio­néiert jidd­we­ree just no sen­gen Inter­esse kuckt, da funk­tio­néiert dat Ganzt op eemol zum Vir­deel vun allen. Dat wär dann di berüüm­ten „onsiicht­bar Hand“ vum benann­ten Adam Smith. Pri­vat Las­ter ginn an der eko­no­mes­cher Gesell­schaft zum all­ge­menge Gutt. Esou gëtt Egois­mus zur mora­les­cher Kate­go­rie. Dat dat Rai­son­ne­ment am 18. Joe­rhon­nert awer beim de Man­de­ville eng Satir war, a beim Adam Smith tatsä­chlech zu enger opklä­re­res­cher Moral­phi­lo­so­phie gehéiert huet, déi Sym­pa­thie an Empa­thie, déi Mat­ge­fill a Mën­schle­ch­keet als Grondwäer­ter vum mën­schle­chen Zesum­me­liewe viraus­ge­sat huet, ass lei­der scho laang vergiess.

Wat bleift, dat ass d‘Wonner vun der eko­no­mes­cher Gesell­schaft, ganz ouni Iro­nie : wann ech hem­mung­slos meng eegen Inter­esse duerch­set­zen, da schaf­fen ech a Wierk­le­ch­keet fir den „Inté­rêt géné­ral“.

Dank dem oppene Maart gëtt also och nach de selbstsüch­teg­sten Egoist, zum Ver­wal­ter vum ëffent­le­chen Inter­esse. An der eko­nomë­scher Gesell­schaft kann ech mech, meng Frënn, meng Clien­ten a meng Famill esou hem­mung­slos et och nëmme geet beräi­che­ren, a mer trotz­deem dobäi sécher sinn, dat ier­gendwéi, ier­gend­wou och nach di aner dovu pro­fi­téie­ren. D‘Well hieft jo bekannt­lech all d‘Booter no uewen.

An déi Iddien, dëst Won­ner vum Inté­rêt géné­ral wollt den Edward Ber­nays och op de Pro­bleem vun der Mee­nung­sfräi­heet, an der ëffent­le­cher Mee­nung uwen­nen. Virun dësem ideo­lo­ges­chen Han­ner­grond wollt den Ber­nays de Pro­blem vun den ville ver­schid­de­nen indi­vi­duel­len Mee­nun­gen an der Mas­sen­de­mo­kra­tie léisen.

Mä am Ufank vum 20. Joe­rhon­nert war et och scho kloer genuch, dat di onsiicht­bar eko­no­mesch Hand en klén­gen „Coup de Main“ vu baus­sen néi­deg huet. A sen­gem bekanntste Buch mam Titel Pro­pa­gan­da schreift dohier den Edward Bernays :

Di bewosst an intel­li­gent Mani­pu­la­tioun vun den orga­ni­séierte Gewun­nech­ten an Mee­nunge vun de Mas­sen ass en wich­tegt Ele­ment vun der demo­kra­tes­cher Gesellschaft.

Déi­jéi­neg, déi dësen onsiicht­bare Mecha­nis­mus vun der Gesell­schaft mani­pu­léie­ren, bil­den eng onsiicht­bar Regie­rung. […] Mär gi regéiert, eise Vers­tand gëtt for­méiert, eis Ges­chmä­cker geformt, eis Iddie vir­ges­chloen, gréiss­ten­deels vu Män­ner, vun deene mer nach ni héie­ren hunn.

Des Pas­sage gi gären an deem Sënn geliese, dat den Ber­nays hei vun obs­kuere Grup­péie­runge vu Leit schreiwe géit, etwa den „deep state“ oder soss welch Ver­sch­wie­rer, déi d‘Welt aus dem Schied eraus regéiere géi­fen. Dat ass awer net de Fall. De Ber­nays ass net de Frënn vun de Ver­sch­wie­rung­stheo­re­ti­ker. De Ber­nays mécht hei schlicht an ein­fach Rek­lamm fir den neie Beruff, deen hie ver­kafe wëllt : de Beruff vum Consul­tant an de Public Rela­tions. Soit wat een haut wuel de Mana­ger vun der Ëffent­le­ch­keet­saar­becht nenne géif. Di onsiicht­bar Mani­pu­la­teu­ren, déi dës dra­ma­tesch Pas­sagë bes­chreiwe sinn déi Män­ner a Fraen aus de Mar­ke­ting- an Public-Rela­tions Aven­tu­ren, déi fir Hono­rai­ren un den indi­vi­duelle Pas­siou­nen an der ëffent­le­cher Mee­nung schaffen.

Mer brau­chen dann och net op all di Anek­dote vun de fan­tas­tesche Reus­sitte vum Ber­nays sen­gen neien Tech­ni­ken anze­goen. Di sinn zum gud­den Deel iwwer­driw­wen, well dem Ber­nays goung et an éisch­ter Ins­tanz emol dorëm sech sel­wer ze ver­ka­fen. Di éischt Inten­tioun vum Mar­ke­ting ass et de Mar­ke­ting ze verkafen.

De Ber­nays hat selbst­verständ­lech als Mar­ke­ting-Pro­fes­sio­nel­len och méi en all­ge­meng Hang zur stra­te­ges­cher Iwwer­drei­wung. Esou huet en och ëmmer gären op den déi­wen Afloss vu sen­gem Mon­ni Sig­mund Freud sen­ger Psy­cha­na­lyse hige­wi­sen. Et wären dem Freud seng Theo­rië vum Onbe­wosste gewies­cht déi, zum Beis­pill mat der onbe­woss­ter Bedei­tung vum Phal­lus bei der Fra, dozou gefouert hät­ten, dat seng Ziga­ret­ten­damp fir Fraë bei den Suf­fra­get­ten esou gutt funk­tio­néiert hätt. E Phal­lus wär ëmme­rhin en onbe­wosste Sym­bol fir Kraaft, Muecht an Auto­no­mie. An dofir wär d‘Zigarett als Phal­lus­sym­bol grad bei den Frae­recht­le­rin­nen esou gutt ukomm.

An och op deen Onsënn brauch een wuel kaum wei­der anze­goen. Wëll en weist virun allem emol, wéi den Mar­ke­ting et ver­maach déi eidel­st Ste­reo­typ­pen ze mobi­li­séie­ren, an der Hoff­nung eppes bei den Nolau­sch­te­rer ze bewier­ken. Min­des­tens doran­ner hat den Ber­nays d‘Psychanalyse awer vers­ta­nen, an dat ass elo net grad déif, dat Mën­schen net esou staark vun hirer Ver­nonft, awer des­to méi ein­fach vun hire Gefiller, Impul­ser, Tri­ber, Wënsch a Fan­ta­sië moti­véiert ginn.

Wat den Ber­nays och séier vers­ta­nen hat, war dat seng net esou nei poli­tesch Iwwer­zee­gung d‘Gesellschaft als Maart funk­tio­néie­ren ze loos­sen, net nëmme kom­mer­ziell, mä och poli­tesch Uwen­nun­gen huet. Well di onsiicht­bar Hand vun der Eko­no­mie schafft net nëmme fir d‘Ekonomie. An der eko­no­mes­cher Gesell­schaft schafft si och fir d‘Politik.

Well grad esou, wéi en Ver­kee­fer bei poten­tielle Clien­ten en Wonsch no ver­schidde Pro­dui­ten ervir­ze­ruffe ver­sicht, grad esou sollt och eng gewiefte Regie­rung d‘Bierger dozou brén­gen an di gewën­schte Rich­tung, ze den­ken an ze han­de­len. An deen demo­kra­tesche Besoin hunn d‘Consultante vun den Public Rela­tions net emol mus­sen erscha­fen : dee war scho läng­st do.

De Genie vum Ber­nays bes­toung hei virun allem doran Poli­ti­ker seng Ser­vi­cer als Léi­sung op hir Pro­ble­mer ze verkafen.

En gudde Busi­ness brauch en gudde Lea­der­ship. A wa Poli­tik och just en Busi­ness ass, oder wéi den Ber­nays et rap­pel­léiert, wa Poli­tik sou­wi­sou ges­chicht­lech den éisch­ten „Big Busi­ness“ war, dann ass an der demo­kra­tes­cher Poli­tik den nämm­lechte Prin­zip vum Lea­der­ship aus­schlag­ge­bend, wéi am Han­del an an der Fir­ma. An enger Demo­kra­tie, soll also de poli­tesche Lea­der­ship nom Modell vum Busi­ness­lea­der­ship funktionéieren.

Dat hees­cht dat dëse Lea­der­ship an éisch­ter Ins­tanz iwwert Ëffent­le­ch­keet­saar­becht, soit : iwwert d‘Organisatioun an d‘Forméierung vun der fräier, demo­kra­tes­cher Mee­nung leeft.

Dofir ass et wich­teg, dat Poli­tik all d‘Mëttele vun de mediale Mar­ke­ting a Pro­pa­gan­da-Tech­nike, vun der Psy­cho­lo­gie, a vun der uge­wann­ter Sozialwës­sen­schaft benotzt, fir Uerd­nung an de Chaos vun de fräie Mee­nun­gen eran ze brén­gen. Selbst­verständ­lech winnt sech den Public, dat hees­cht d‘Clientë vun der Poli­tik, och un di nei Metho­den an Tricke vun dem Marketing.

Eng gutt Regie­rung, e gudde poli­tesche Lea­der­ship, schreift den Ber­nays, kann a soll ver­kaf gi wéi all aner Wuer och. Well nëm­men esou ent­seet déi fräi Mee­nung, déi mer als Gron­drecht vun eisen Demo­kra­tien esou schätzen.

Op Radio 100,7 lauschteren … ➽