Moossnamen zur Bekämpfung vun engem Virus, dee wuel ni méi ganz verschwannen wäert, dierften d’Normalitéit vun deenen nächsten Joren bestëmmen. Et kéint een esou guer denken, dat esou Moossnamen ons nach wäerten begleeden, wann eng aner real oder imaginär Gefor déi vum Virus ersat huet. Kandidaten feelen hei net.
Mä déi sëllegen Moossnamen, vun deenen der vläicht e puer och nach sënnvoll an der aktueller Situatioun si kéinten, liwweren virun allem en gefonnent Friessen fir eng gedankelos Symbolpolitik, déi sech ëmmer méi kloer a Richtung vun enger allgemenger Moraliséierung entwéckelt. Esou guer di liberal, an di lénk Politik schléissen sech hei der traditioneller Moral-Rhetorik vun der Rietser un.
Esou politesch Gestikulatiounen wierken sech awer trotz hiren besseren Intentiounen negativ op eist Zesummeliewen, an op eis Stëmmungen aus ; ouni emol vun den katastrophalen wirtschaftlechen, an dat heescht fir vill Leit existenziellen Konsequenzen ze schwätzen.
Di nei Opriff zur perséinlecher Verantwortung, déi d’Restriktiounen vun de gesetzleche Reegelen nach soll iwwerhuelen, funktionéieren wéi oppen Invitatiounen zur Moraliséierung, an dofir och indirekt zur Aggressioun, an zur ëffentlecher Beschämung. Esou politësch gewollten Ëmgangsformen sollen elo Deel ginn vun enger neier Normalitéit, déi vläicht kee wëllt, mä déi mat Enthusiasmus duerchgezunn gi soll.
Beispiller fir esou Ännerungen héiert an erlieft een elo relativ reegelméisseg : Leit déi sech géigesäiteg virwerfen sech net un iergendwellech absurd Reegelen ze halen, oder sech am Contraire déi Reegele net wëllen bidde loossen ; Verkeefer oder Serveuren déi Clienten nolafen, well se hiren Mask vergéiss hunn, oder net richteg opgesat hunn, virworfsvoll Blécker a Remarken vu Passanten op der Strooss oder an der Natur … Wou an den Terrorismusdebatten d’Iwwerwaachung nach kloer bei den ëffentlechen a geheimen staatlechen Institutiounen konnt situéiert ginn, schéngt di géigesäiteg Iwwerwaachung elo och eng Privatsaach ginn ze sinn.
Di nei aggressiv Moraluspréch, an déi sozial a psychologesch Aggressioun di doraus entsteet, mécht di kal Welt vun der duerchgängeger ekonomescher Rationaliséierung a vun der Terrorismuiwwerwaachung nach emol méi kal, wéi se et ounideems scho war.
A verschidden Bäiträg hat ech versicht e puer Gedanken iwwert den Zesummenhang vu Moraliséierung, Aggressioun, Gewalt a Scham ze formuléieren.
Anscheinend, esou krut ech gesot, sinn esou Begrëffer – a wuel och Texter – ze theoretesch, an ze abstrakt fir d’Verständnes vum Duerchschnëttslieser oder Auditeur. En einfacht Beispill dierft awer weisen, dat déi Zesummenhäng duerchaus konkret, an och ouni allzegrouss Ustrengung verständlech sinn.
Huele mer de Fall vun enger Persoun, déi fir d’Vergiessen vun hirem Mask ëffentlech esou vernannt gouf bis dat se an Tréinen ausgebrach ass. (En konkret Beispill dat ech esou verzielt krut, an dat längst net méi dat eenzegt vun dësem Genre am Alldag ass.)
D‘Moraliséierung besteet an esou Situatiounen doran, dat sanitär Reegelen op eemol mat Uechtung a Mëssuechtung vu Persoune verbonne ginn (cf. Moral als Gewalt). Wien sech drun hält ass eng gutt, verantwortlech Persoun a verdéngt Uechtung. Ween sech net un di Reegelen hält, oder se och nëmme kuerz an ongewollt vergësst, ass Schlecht oder Béis, a kann oder muss mëss veruecht an an aller Ëffentlechkeet humiliéiert ginn.
D‘Aggressioun an di psychesch Gewalt drécken sech am Behuele vun deene Persoun aus aus, déi aner Persoun verbal ugräifen, se feindséileg vernennen an erniddregen. Paradoxal ass et, dat dëst aggressiivt Verhalen am Numm, a mat der Iwwerzeegung vun enger Moral vollzu gëtt, déi dat allgemengt Zesummeliewen protegéieren soll.
D’Scham ass wuel déi komplizéiertst Saach an dësem Zesummenhang. Di psychologesch a sozial Komplexitéiten vun der Scham, déi aus den soziologëschen a psychoanalyteschen Studien ervir geet, kann effektiv decourageant fir en presséiert Duerchschnëttsverständnes schéinen. Mä och hei kann een bei engem ganz einfachen, a wuel vu jiddwerengem bekannten Gefill usetzen : dat vun der Schamangscht.
Et ass dat Gefill, dat zum Beispill bei enger attackéierter Persoun ausgeléist gëtt, wa se virun allen Leit als irresponsabel, onmoralesch, a verantwortungslos verurteelt gëtt. Scham ass am perséinlechen Erliewen eng Form vun Angscht, déi mat Erniddregung an Ohnmacht zesumme geet, déi aus engem Zerécksetzen, engem Verstouss oder Verloosse ervir geet. Si hänkt zesummen mat den Gefiller vun der perséinlecher Insuffizienz, vun der Zréckweisung, mat der Asiicht net méi gutt oder anstänneg genuch ze sinn, nach zur Gesellschaft oder zur Merscheet ze gehéieren. Scham gëtt engem d’Loscht sech ze verstoppen oder am Äerdbuedem ze versenken. (Méi dozou hei : Moral und Beschämung.)
An Situatiounen vun der ëffentlecher Aggressioun an Humiliatioun, besonnesch am Numm vun der neier Verantwortung zum Follegen an zum virauseilenden Gehorsam, dierft den Zesummenhang vu Moral, Gewalt a Scham dann zimmlech liicht nozevollzéien ginn. Wann dat awer trotzdeem net de Fall ass, wann den Zesummenhang trotzdeem nach abstrakt, theoretesch oder obskuer schéint, wou en et eigentlech net ass, da wär di nächst Fro déi, firwat eppes, wat eigentlech offensichtlech ass dach esou onverständlech schénge muss ?
En Hiweis op eng Äntwert fënnt een an enger flotter Formulatioun vum Niklas Luhmann, déi seet : „Um so bemerkenswerter, hätte Sigmund Freud gesagt, die Ehtikwelle hat bereits das Unbewußte erreicht.“ (Luhmann, Niklas. Die Moral der Gesellschaft. Frankfurt am Main : Suhrkamp, 2016, S. 253)
Moraliséierung wierkt. A wann een dem Luhmann säin Bonmot eescht huele géif, wann Moraliséierung vun der Politik an dem ëffentlechen Discours also mat all den beschriwwenen psychologeschen Konsequenzen ënnert d’Haut geet, dann kann een agesinn wat fir eng Hemmungen si och am Denken ausléisen mussen.
Wa Schamangscht staark genuch ass, da provozéiert se eng Schwieregkeet oder eng Onméiglechkeet grad iwwer déi Ursaachen kloer ze denken, déi si ausléisen. Dat wär d’Grondiddi vum Ofwiermechanismus, dat heescht vun deenen onbewossten psycheschen Prozesser, bei deenen verschidden Gedanken- oder Virstellungsinhalter vum Bewosstsinn fern gehale ginn, well se ze geféierlech, ze beängschtegend oder ze schmäerzhaft sinn.
A wann dat de Fall ass, dann dierft et och keen Zoufall méi duerstellen, wann et op eemol schwéier schéngt an esou guer selwer erlieften Zësummenhäng ze verstoen. Moral, Scham an Erniddregung provozéieren nämlech gäre déi onbewosst gedanklech Hemmungen, déi hir Begrëffer dann onverständlech maachen.