
„Der Rechtsstaat zeichnet sich dadurch aus, dass er eindeutige Verhaltensregeln aufstellt und die Gewährleistung von Rechtssicherheit es dem Bürger ermöglicht, durch normkonformes Verhalten den Staat auf Distanz zu halten. Im Präventionsstaat gilt dies nicht mehr : Hier stellt jeder Bürger ein potenzielles Risiko dar und kann dadurch Objekt staatlicher Überwachung und Kontrolle werden.“
(Huser S. & Rudolph K. (Hrsg.). 2008. Vom Rechtsstaat zum Präventionsstaat ? Frankfurt : Suhrkamp Verlag.)
Am Ufank vun der Pandemie huet et geheescht, mer missten den exponentielle Wuesstem vun der Infektioun vermeiden, fir d’Spideeler net ze iwwerlaaschten. Dat war déi klassesch Gesondheetspolitik vum Wuelfaartsstaat : all Bierger sollt d’Méiglechkeet hunn, behandelt ze ginn. Mëttlerweil huet sech déi Zilsetzung awer geännert : si gouf vun engem aneren Zil ersat, dat weder thematiséiert, nach kritesch diskutéiert gouf.
Um Ufank vun der Coronavirus-Pandemie huet et an allen europäesche Länner geheescht : mer mussen alles drusetzen, fir dat ze evitéieren, wat an der Lomardei geschitt ass. Domat war gemengt : ze vermeiden, datt esou vill Leit beienee schwéier Verleef vun der neier Krankheet hunn, datt d’Spideeler iwwerfuerdert ginn. An deem Kontext hu mer all, déi net Medezinner sinn, en neie erschreckende Begrëff kennegeléiert : dee vum Triage.
[…]
An trotzdeem geet et weider. En neit Gesetz sollt dunn a Kraaft trieden, dat nach emol déif Aschnëtter an d’Fräiheetsrechter virgesäit, dat voller rechtleche Onsécherheete war, an dat esouguer Mesurë virgesinn hat, déi contraire waren zu den universelle Mënscherechter. Dat ass u sech schonn en décke Brocke vu Leit, déi net méi an der Panik reagéiert hunn, mee déi méintlaang un deem Text geschafft hunn. Wat awer bal nach méi erschreckend ass, ass den Fait, datt d’Zilsetzung vun deene radikalen neie Mesurë sech ënner der Hand an ouni weider Diskussioun geännert huet.