„Man erzählt, ein wundertätiger Rabbi in Chelm habe einmal in einer Vision gesehen, wie das Lehrhaus in Lublin, mehr als achtzig Kilometer entfernt, niedergebrannt sei. Diese bemerkenswerte Erscheinung vergrößerte seinen Ruhm als Wundertäter aufs nachhaltigste. Als einige Tage später ein Reisender aus Lublin in Chelm eintraf, wurde er von den Anhängern des Wunder-Rabbis mit Trauer und Sorge begrüßt, aber auch mit einem gewissen Gefühl des Stolzes. ‚Wovon sprecht ihr eigentlich?‘ fragte der Reisende. ‚Als ich Lublin vor drei Tagen verließ, stand das Lehrhaus wie immer. Was für eine Art von Wunder-Rabbi soll das sein?‘ ‚Na schön‘, antwortete einer der Anhänger des Rabbis, ‚abgebrannt oder nicht, das ist nur ein Detail. Das Wunder ist doch, dass er so weit sehen konnte‘.“
(Lewontin Richard C.. 1995. „Die Jagd nach den Genen. Das Genom-Projekt und der Traum von decodierten Menschen“. In : Lettre International, H. 30, 1995, S.16 – 23)
Am Ufank vu sengem 2007 verëffentlechte Buch Weltrisikogesellschaft, zielt den Ulrich Beck di folgend Geschicht :
Am September 2006 huet di brittesch Polizei e puer Terroriste festgeholl, déi wëlles haten en Fliger mat flëssegem Sprengstoff an d‘Luucht ze joen. Dräi Méint méi spéit, am November 2006 trëtt eng europäesch Virschrëft a Kraaft di d‘Mathuele vu Flëssegkeeten an d‘Kabinn staark beschränkt. An kuerz duerno huet di Reegel weltwäit gegollt, a weltwäit gouf d‘Fräiheet vu Millioune Leit ageschränkt wéinst engem Terroruschlag deen net geschitt ass.
De Beck zitt doraus den Schluss : Di nei Sécherheetsvirkéierungen sinn weltwäit d‘Reaktioun op antizipéiert Terroruschléi, déi op engem bestëmmten Uert, zu London, net statt fonnt hunn.
Nach emol : déi weltwäit Sécherheetsvirkéierunge reagéieren op en Uschlag, deen op enger eenzeger Plaz net statt fonnt huet.
An dëser Reaktioun op en Net-Evenement gesäit een di ganz Logik, an di ganz Absurditéit vun onsem politeschen Ëmgang mam Risiko.
Kucke mer fir d‘éischt op d‘Logik vun der Reaktioun. Déi schéngt einfach ze verstoen : wann all Flëssegkeet e méigleche Sprengstoff si kann, dann ass et am séchersten all Flëssegkeet wéi en Sprengstoff ze behandelen. Esou kann een da sécher all méigleche Flësseg-Spengstoff vermeiden.
De Risiko-Management nennt esou eng Situatioun en „low probability – high impact“ Evenement. An eng änlech Situatiounen erliewe mer haut mat onsem neie Virus.
D‘Logik vun der Preventioun verlaangt hei anscheinend och, dat all Risiko vum Ustiechen, an domat all Risiko vun derf neier Krankheet, an domatt all Risiko vun engem schwéiere Verlaf vun der Krankheet, an domat all méiglechem Doud, behandelt solle ginn wéi eng Sécherheet, oder wéinstens wéi eng grouss Warscheinlechkeet.
All Méiglechkeet vum Ustieche – dat jo u sech nach keng Krankheet bedeit, wéi mer et haut wëssen – soll behandelt gi wéi d‘Warscheinlechkeet vum Ustieche, all Ustieche soll behandelt ginn wéi d’Warscheinlechkeet vun der Krankheet, an all Krankheet soll behandelt ginn, wéi d‘Warscheinlechkeet vun engem schwéiere Verlaf, an all schwéiere Verlaf soll behandelt gi wéi den warscheinlechen Doud.
Dofir kann dann en ganzt Land den État d‘Urgence gesat ginn, well warscheinlech di liewenswichteg Interesse vun engem Deel oder vun der ganzer Bevëlkerung warscheinlech bedreet sinn. Well Risiken si keng Katastrophen, mäi d‘Antizipatioun vu Katastrophen.
D‘Politik huet dës Zort vu Logik scho laang verstanen. Virun 20 Joer hat den deemolegen amerikanesche Vizepresident Dick Cheney doraus esou guer seng eegen „Doktrinn“ gemaach.
Am Kontext vun den Terroruschléi vun 2001, huet den Cheney folgende Räsonement benotzt, fir seng Risiko-Doktrinn ze illustréieren : wann et och nëmmen 1% Chance gëtt, dat d‘Pakistan Al-Quaida eng Atombomm baut, da musse mär reagéiere wéi wann si di Bomm schonn hätten. D‘Konsequenze vun dëser Logik an der Politik si bekannt : Krich, Doud, Folter, a Leed ouni Enn. Alles am Numm vun der Preventioun.
D‘Ideologen vum politeschen Autoritarismus beruffen sech hei gären op den esou genannte Präventiouns-Paradox : Stellt Iech emol vir wéi schlëmm et hätt komme kënnen – an hei dierf jiddwereen seng Fantasie spille loossen – wa mer kee Krich, keen Doud, keng Folter a keng Veruechtung vun allen Mënscherechter praktizéiert hätten ?
An eisem Fall : Stellt iech emol vir, wéi schlëmm et komm wär mat eisem Virus, wa mer net einfach d‘Demokratie mam Noutstandsgesetz ausgeschalt hätten ?
Och am Fall vun onsem Virus gëllt also d‘Logik vum Ugrëffs-Krich, a vum aggressiven Autoritarismus : Wann et och nëmmen 1%, oder och nëmmen 0,5% Risiko gëtt, datt eppes geschitt, muss mat allen Mëttele gehandelt wéi, wei wann dat effektiv geschéie géif.
D‘Logik vun der Virus-Preventioun huet déi vun Terrorismus-Pretentioun also nach emol ëm e villfacht verschäerft. Esou laang et op dëser Welt nach een méiglechen Terrorist gëtt, esou laang et nach eng eenzeg Infektioun gëtt, muss gehandelt ginn, wéi wa mer matten am Krich wären.
Et muss also reagéiert gi wéi wann eppes scho statt fanne géif, genau do wou dat net de Fall ass. An gesäit een hoffentlech och di ganz Absurditéit vun dëser Risiko-Preventiounspolitik.
Déi Absurditéit besteet net doran, dat iwwerhaapt Präventioun gedriwwe gëtt. Mä mat der Preventiounspolitik ass et wéi mam Recht : summum jus, summa injuria. Recht gëtt zum Onrecht, wann et iwwergenau, an iwweräifreg ugewannt gëtt. A wann de Summum vun der Preventioun erreecht ass, da gëtt d‘Logik vun der Preventioun zur Absurditéit, an hir Politik zur Tyrannei.
Kucke mer eis di zwou Transformatioune vun der Risiko-Preventioun un.
Wann ech mäin Sécherheetsgurt am Auto undinn, ass dat wuel eng gutt Präventioun géint verschidde Risiken. Mä de Sécherheetsgurt erlaabt et net ze behaapten, dat ech domat Accidenter vermeit hunn oder vermeide wäert. De Sprong vum Preventiounsparadox op d‘Scheinkorrelatioun ass also séier gemaach. D‘Logik nennt dat den – den post hoc ergo propter hoc Feelschloss. Iwwersat : wat virdru koum ass d‘Ursaach fir dat, wat duerno koum. Beispill : Well ech de ganze Wanter Kamillentéi gedronk hunn, oder Vitamin‑D geholl hunn, krut ech kee Covid-19.
Hei gëtt aus enger einfacher zäitlecher Successioun eng Kausalitéit gebastelt. Beispill : Well d‘Politik dës oder déi Entscheedunge getraff huet, gouf dat Schlëmmst evitéiert.
Domat gesi mer dann och schonn d‘Transformatioun vun der Preventiouns-Politik : Well mer d‘Demokratie an d‘Grondrechter opgehuewen hunn, hu mer dat Schlëmmst evitéiert.
Dës Scheinkorrelatioun ass ganz besonnesch offensichtlech an den Diskussiounen iwwert di imminent „zweet Well“. No dëser absurder Logik, wäert nämlech nach emol gesot ginn, wann di Well net kënnt, dat déi dowéinst net komm ass, well mer alles gemaach haten, wat d‘Preventiouns-Politik, egal wéi absurd, ons virgeschriwwen hat.
Wann et di wichtegst an prioritär Funktioun vum Staat ass, d‘Liewen an d‘Gesondheet vu senger Bevëlkerung mat allen Mëttelen ze sécheren, da féiert hei en direkte Wee vun der Preventiouns-Politik an de Preventiouns- oder Polizeistaat.
Eng gängeg Aart dës zwou Transformatiounen trotzdeem ze legitiméiere schéint doran ze bestoen, sech op d‘Wëssenschaft ze beruffen. Zum Deel mat guddem Recht.
Well prinzipiell sinn di grouss global Risike mat deene mer an den leschte Joerzéngten ze dinn haten – Ëmweltkatastrophen, Pollutioun, Klimawiessel, Pandemien – Risiken déi een weder einfach gesäit, nach direkt bemierkt.
D‘Existenz an di genau Bedeitung vun dëse Risike mussen also fir d‘éischt emol vun der Wëssenschaft konstruéiert ginn. Dat heescht dat all Entscheedung, politesch a perséinlech, par rapport zu dëse Risiken noutwenneg vu Friemwëssen ofhänkt. Risike sinn dofir, no der flotter Formulatioun vum Ulrich Beck : Net-Erfarungen aus zweeter Hand.
An déi gedanklech Onmündekeet, déi se eis imposéieren si weder selbstverschëldet, nach gëtt se der Vernonft, oder hirem populisteschen Abklatsch, dem „gesonde Mënscheverstand“, genügend fiabel Informatioun, fir sech selwer en Wee aus der Oniwwersiichtlechkeet eraus ze denken. Do hëlt ons d’Wëssenschaft also weeder eis perséinlech, nach eis politësch Entscheedungen aus der Hand.
Wéi komme mer dann awer aus dëser Zwéckmillchen eraus ?
An senger Risikogesellschaft vun 1986 hat den Ulrich Beck geschriwwen : „Mat der Bedreeung […] wuessen d’Chancen vun enger dirigistescher Politik.“ An „do wou d’Gefor zur Normalitéit gëtt“, an dat gesi mer haut all Dag méi kloer, „hëlt dës dirigistesch Politik eng dauerhaft institutionaliséiert Gestalt un“. Zum Beispill mat Covid-19 Gesetzer. Hei bestëmmt „Angscht d‘Liewensgefill, an d‘Angscht-Politik ernäert sech vum allgemengen Nervenzesummebroch.“
Da ginn et just nach zwou Optiounen : entweder Kritik a zivillen Ongehorsam, oder Identifizéierung mam Aggressor. Dat éischt schéngt kloer, dat Zweet heescht : sech dem Wëlle vun den Autoritéiten ënneruerdnen a sech mat dem System vun der Repressioun identifizéieren. Déi do Uewe luewen, an déi do Ënnen, di sech net drun halen, denunzéieren a bestrofen.
Do treffen sech dann di gutt Absichten vun der Politik a vun den infantisliséierten Bierger :
„Die seelische Einstellung des Kindes gegenüber dem Vater ist diejenige, die dem Staat bei der großen Masse seiner Bürger erwünscht und notwendig ist. Er muß sich aller Mittel bedienen, um sich der Masse als Vaterimago darzubieten und es auf diese Weise zu bewerkstelligen, daß der einzelne die Einstellung, die er einst zum Vater hatte, auf die Herrschenden überträgt.“
(Fromm, E. (1930) « Der Saat als Erzieher ». Gesamtausgabe Band I, S. 9.)