Skip to main content

Autoritär (7/7): Autoritär haut

Autoritär (7/7): Autoritär haut

Säit 2002 gëtt en Grupp vun Chercheuren vun der Universitéit vu Leipzig, ennert der Leedung vum Oliver Decker and Elmar Brähler, a mat der Ennerstetzung vun der Heinrich-Böll-Stiftung, all 2 Joer eng grouss Etüd iwwer den Rietsextremismus eraus.

Des Studien situéieren sech zum Deel op der Linn vun de groussen Studien zum Autoritarismus vun der « Frankfurter Schule ». Si benotzen eng aktualiséiert Methodologie fir esou wuel di soziologesch wéi di psychologesch Dimensiounen vum Autoritarismus op d’Spuer ze kommen. An d’Resultater sinn, säit 2002, ëmmer erëm erstaunlech.

Autoritär (6/7): di autoritéitsgebonne Perséinlechkeet

Autoritär (6/7): di autoritéitsgebonne Perséinlechkeet

Eng vun den interessanten Schlussfolgerunge, déi den Th. W. Adorno aus den Studien über autoritäre Persönlichkeit (1950) gezunn hat – eng interdisziplinär Studie déi vun 1943-1947 an Amerika gefouert gouf – war dat den Antisemitismus, an d’Tendenz zum Radikalismus net esou ausschliisslech vun den ideologeschen a politeschen Iwwerzeegungen ofhänken, wéi een et sech dat virgestallt hat.
Net manner wichteg fir des Dispositiounen, esou den Adorno, ass eng gewëssen Perséinlechkeets- oder Charakterstruktur, déi sech duerch eng Rei vun charakteristeschen psychologeschen Zich auszeechent. Et sinn des Zich, et sinn des psychologesch Dispositiounen, déi an der Wiesselwierkung mat engem gewëssen gesellschaftlechen Klima di beschten Chancen duerstellen, fir autoritär Orientéierungen populär ze maachen.

Autoritär (5/7): Variante vun autoritärer Perséinlechkeet

Autoritär (5/7): Variante vun autoritärer Perséinlechkeet

10 Joer no der Studie iwwert Autoritéit a Famill huet en internationalen an interdisziplinären Grupp vu Fuerscher sech nach emol méi direkt der Fro vum autoritären Charakter consacréiert.

Des Etüd, déi zwar säit hirer Verëffentlechung ëmmer erëm kritiséiert gouf, gehéiert trotzdeem haut nach zu den meescht zitéierten Texter an der Soziologie.

Autoritär (4/7): Bannenussiicht vum autoritäre Charakter

Autoritär (4/7): Bannenussiicht vum autoritäre Charakter

No baussen ass en autoritäre Charakter liicht ze klassifizéieren an ze beobachten. Mee domat ass nach net erkläert, wéi e vu banne funktionéiert.
Wéi tickt also eng autoritär Perséinlechkeet?

Den Erich Fromm stäipt sech, bei senger Erklärung, zum groussen Deel op dem Freud seng psychoanalytesch Theorie. Déi deelt d’Séil no verschiddenen, charakteristesche Funktiounen an.

Autoritär (3/7): Den autoritäre Charakter

Autoritär (3/7): Den autoritäre Charakter

Wei den Wilhelm Reich, huet och den Erich Fromm geduecht, dat d’Psychologie vun den Individuen en wichtegen Rôle an de gesellschaftlechen Prozesser spillt.

Mä hien konnt och op dir anerer Säit weisen, wéi d’Individualpsychologie selwer, vun de gesellschaftlechen Prozesser bestëmmt gëtt.

Autoritär (2/7): Di autoritär Massepsychologie

Autoritär (2/7): Di autoritär Massepsychologie

Am Kontext vun de politeschen Erfolleger vum Faschismus, huet den éisträicheschen Medezinner a Psychoanalytiker Wilhelm Reich sech éischt Gedanken gemaach, iwwert eppes wat hien « autoritären Charakter » genannt huet.

Wéi kënnt et, dat politesch Hetzer do Succès hunn, wou se dach eigentlech missten op Desintresse fale.

De Reich hat eng psychologesch Äntwert op di politesch Fro: an gewëssen Familljen gi bei de Kanner déi Perséinlechkeetsstrukturen ugeluecht, déi se herno empfänglech maachen fir Autoritéit, fir Follegen, an Matmaachen.

D’Politik vun de Klengbierger

D’Politik vun de Klengbierger

D’Politik vun de Klengbierger ass net esou liicht ze faassen, wéi et de Stereotyp vum konservative Spießbürger schénge léisst. En fait sinn déi politesch Orientéierungen vun de Klengbierger geschichtlech variabel. An trotzdeem begënschtegt hir Positioun am soziale Raum haut och nach eng Rei vun Orientéierungen, déi een als Klengbiergertypologie faasse kann. Et kann een hei […]