Léift oder Geschäft ?
Romantesch Léift soll eng vun den leschte Plazen an der kapitalistescher Gesellschaft sinn, wou nach Zesummegehéieregkeet, Bindung, Wäermt an Authentizitéit méiglech sinn. Mat esou enger Hoffnung ass et interessant d‘Notioune vu „romantescher Léift“ a Kapitalismus fir d‘éischt emol méi genau charakteriséieren. Wat an aller Kierzt net grad einfach ass …
Wat am duerchschnëttleche, populäre Verständnes haut als romantesch Léift consideréiert gëtt, ass en verharmloost Fragment vun deem, wat romantesch Léif a sengem historesche Kontext war. Fir et kuerz ze faassen : dat populäert Verständnes vun der romantescher Léif léisst de ganzen Deel vum Schmäerz, vun der Melancholie, an och vun den Doudeswënsch, an dem oft onausweichlechen Selbstmord ganz bei der Säit. Des däischter a bedreelech Säit vun der romantescher Léift gëtt am populäre Verständnes kuerzerhand ersat duerch en positivt Versprieche vum dauerhaftem Gléck.
Wat an dësem populär-kulturelle Modell awer vun der romantescher Léif op der anerer Säit awer och bleift, ass eng Léift déi strikt nom Prinzip vun der Ënnerleeënheet funktionéiert : Léift ass eng strikt subjektiv an emotional empfonnte Bindung un en aneren Individuum. An dëser Perspektiv ass Léift also en virun allem aneren en ënneren Zoustand vum Higezufillen zu enger eenzeger Persoun, mat Exklusioun vun allen anere Persounen, a vun allem Äusseren am allgemengen. Léift ass eng Zort vum Empfannen, vu Fillen. An des Léift soll sech, scho quasi per Definitioun, der Rationalitéit an der Keelt vun der wirtschaftlecher Konkurrenzwelt entzéien. Si proposéiert eng verënnerlecht Léisung op d’Probleemer vun der Bäussewelt. Zum Deel kéint een hei direkt denken, dat Léift eigentlech eng individualiséiert an introvertéiert Léisung op en politeschen a wirtschaftleche Probleem unzielt.
Kucke mer eis dofir och nach ganz séier, och iwwerflächlech, de Begrëff vum Kapitalismus un. Et ginn an der Tëschenzäit esou vill Begrëffer vum Kapitalismus dat et schwéier schéngt eng allgeméng Linn aus dir Wull eraus ze distilléieren. Ech probéieren trotzdeem eppes wéi en allgemengen, gemeinsamen Nenner ze formuléieren, dee sécher all di Kritik verdéngt, déi een ëm maache kann.
Kapitalismus kéint een definéieren als en wirtschaftlechen a gesellschaftleche Prozess dee vun engem eenzegen Zweck bestëmmt gëtt : d‘Maxismiséierung vum individuelle Profit, vun den individuellen Avantage, aus wat och ëmmer se bestoe kënnen.
Kapitalismus ass als Aktivitéit oder Prozess duerch instrumentell Vernonft bestëmmt . Eng Vernonft also, där hiert eenzegt Zil do dra besteet, di bescht a sécherst Mëttelen auszedenken an zur Verfügung ze stellen, déi dem Zweck vun der individueller Beräicherung nëtzen.
Wann esou eng instrumentell Vernonft dann iwwer di reng wirtschaftlech Aktivitéit eraus geet, an och zum Modell vum Denken an Handelen am Alldag gëtt, dann entsteet wat een eng kapitalistesch Kultur nenne kann. Instrumentell Vernonft bestëmmt dann esou wuel di wirtschaftlech wéi och di net wirtschaftlech Beräicher vum Alldag.
Mat deene knappen Definitiounen ass et méi einfach ze gesi, wéi Kapitalismus a Léift sech zouenee verhalen.
An der Kultur vum Kapitalismus ass all aner Persoun an éischter Instanz eng Zort ‚Geschäftspartner‘. Di aner Persoun ass also fir d‘éischt emol, wat ëmmer se soss nach ass, ë Mëttel fir mäin individuelle Profit. Esou kéint een soen dat all Relatioun zu anere Persounen zu enger Zort Geschäftsrelatioun gëtt. Mär verhalen eis dann zu enaner mat der nämmlechter Absicht – entweder zesummen, oder méi oft, deen een op Käschte vun dee aneren – en perséinleche Profit, oder Avantage, Gewënn oder Interesse aus den anere Leit fir eis ze sécheren.
Di romantesch Léift erschéngt direkt als de Contraire vun dëser Zweckméissegkeet : an der romantescher Léift ass di aner Persoun kee Mëttel zum Zweck, mä den Zweck selwer. D‘Bezéiung zur anerer Persoun soll keng Instrument sinn, mä si ass d‘Ziel selwer. Et geet an dëser Léift manner ëm mech, wéi ëm di aner Persoun.
Mindestens op den éischte Bléck schéngt di romantesch Léift also eppes anescht ze proposéieren, wéi en Selbstinteresse. Wat geschitt awer elo wann di instrumentell Vernonft och an dëse Beräich antrëtt ?
Dat héiert een schéin aus enger Rei vun alldeegleche Remarken a Reflexiounen iwwer Bezéiungen eraus. Wie kënnt zum Beispill dës Formel net : déi Persoun, déi „bréngt mär näischt“. An anere Wieder : di Persoun, sief et als Frënn, sief et als Partner, ass en schlechten Investissement vu menger Zäit a mengen Efforten.
Wat also wéinstens am traditionelle romantesche Modell vun der Léift net emol siichtbar war – den Werther huet sech net ëmbruecht well d‘Charlotte him e schlechten affektive Rendement op säin Investissement bruecht huet – ass fir eis schonn Normalitéit.
Fir eis ass d‘Léift mat Selbstverständlechkeet och ëmmer Selbstbefriddegung mat engem aneren. An dat soll keen implizitt negatiivt Urteel sinn. Et geet duer zur Kenntnis ze huelen, dat Léift net onbedéngt radikal der instrumenteller Logik vum Kapitalismus muss entgéintgesat ginn. Déi verschidde Vermëschunge vu Léift, Konsum a Maart si fir eis haut guer net méi schockéierend.
Mä och an enger esou verstanener Léift, déi net esou komplett selbstlos ass, wéi et di chrëschtlech Caritas, gëtt et nach en kloren Ënnerscheed zur Geschäftsrelatioun.
An der Geschäftsrelatioun ass den Nächsten exklusiv d‘Mëttel fir meng Zwecker. An esou guer wann ech mech hei ëm hie suergen, him Opmierksamkeet entgéint bréngen, bleiwen déi Sympathie an Empathie an der Geschäftsrelatioun schlicht Instrumenter vum Gewënn. Och eng geschäftlech „Win-Win“ Situatioun huet net vill mat Léift, awer desto méi mat Profit ze dinn.
Dat heescht : eng Geschäftsrelatioun ass zwar eppes qualitativ aneres wéi eng Libesbezéiung, mä d‘Libesbezéiung ka sech duerch graduell Schrëtt der Geschäftsrelatioun unnäheren. An domat fält dann och de radikalen Ënnerscheed. Léift a Geschäftslogik kënnen dann a verschidde Mëschverhältnësser optrieden.
Dat ass méiglech well esou guer di romantesch Léift en weesentlecht Element, esou erstaunlech dat schéine mag, mam Homo Oeconomicus deelt. Alle Béid si se nämlech Ausdréck vum modernen Individualismus, deen sech am spéiden 18. an am 19. Joerhonnert als gesellschaftleche Grondmodell vun der Subjektivitéit duerchgesat huet.
An de Wieder vum däitsche Soziolog Niklas Luhmann besteet de kulturelle Modell vun der romantescher Léift an enger „grenzelos steigerbarer Individualitéit“: et ass en Verhältnes vun zwee monadeschen Individuen déi sech géigesäiteg an hirer Eenzegaartegkeet endlos unerkennen a bestäerken.
An och den Homo Oeconomicus ass als Notzenmaximiséierer als radikalen Individualist geduecht. Mä, do sëtzt den Ënnerscheed nach fir d‘éischt, en Individualist deen an all senge Rapporten zu den Leit an de Saachen un éischter Plaz hiren Nëtzlechkeetswäert gesäit.
Aus dësem Individualismus eraus gesäit een wéi esou wuel di romantesch Liibhaber an di rational Egoiste vum Kapitalismus sech zesumme verhalen. Si sinn allen zwee Erscheinungsformen vun deem nämmlechten Individualismus, mä se orientéieren sech an géigesätzlech Richtungen.
Wou den Homo Oeconomicus dësen Individualismus als egoistesch Opportunitéit fir den eegenen Avantage gesäit, an versicht de Maximum fir seng eege Bedürfnisser eraus ze schloen, do gesäit di romantesch Léift Keelt, Entfriemung an Onmënschlechkeet.
Romantesch Léift ass, an anere Wieder, de moderne Versuch, vläicht esou guer de moderne Liewensentworf, deen aus dem stoolhaarden Gehais vun der ekonomescher Rationalitéit eraus ze komme. Et ass de Versuch sech duerch d‘Wäermt vun de subjektive Gefiller an d› duerch di affektiv Bindung mat enger Persoun, déi di Gefiller deelt, eng Gefills-Utopie zu zwee ze schaafe.
Mä esou géigesätzlech se sech och zouenee verhalen, sou änlech si se als zwou Grondausriichtunge vun deem nämmlechte modernen Individualismus. Dowéinst kann di kapitalistesch Kultur och d‘Léift progressiv recuperéieren.