Di emotional Intelligenz
„Es muss im einzelnen dargestellt werden, wie die Menschen die Produktionsweise auf ihr Leben übertragen und wie schließlich die Produktionsverhältnisse anstelle der Psychologie treten. Dazu etwa die psychologisch gar nicht verständliche Tatsache, dass die Menschen, wo sie dem mechanistischen Produktionsprozess auszuweichen trachten, in ihrer Freizeit, ihn nur reproduzieren. Ihr Genuss besteht in Stoß und Wiederholung wie die Tätigkeit der Maschine.“ (Adorno, Theodor W. [1941] 2004. Notizen zur neuen Anthropologie. In : Adorno, Theodor W./Horkheimer, Max. 2003. Briefwechsel Bd. II 1938 – 1944.)
Di amerikanesch Soziologin Arlie Russell Hochschild hat Ufank den 80er Joer de Begrëff vun der emotionaler Aarbecht agefouert, fir eng nei Dimensioun vun der Aarbecht am Spéitkapitalismus ze erfuerschen. Wärend déi traditionell Industriearbecht prioritär op Kierperfunktiounen, op Kierperkraaft an Ausdauer, limitéiert war, koum mat der Entwécklung vun den Déngschtleeschtungen och d‘Verwirtschaftlechung vun den Denkfunktiounen, dem Wëssen an de Kompetenz dobäi.
A verschiddene Beruffer steet awer nach eng aner Verwirtschaftlechung un éischter Plaz. Bei Fluchbegleeder, Receptionnisten, Serveuren, mä och ëmmer méi an enger neier Form vu Management trëtt de Gebrauch an d‘Reguléierung vun de Gefiller an de Virdergrond.
Hei geet et net nëmmen dorëm en Déngscht ze leeschten, mä virun allem och eng gewëssen emotional Atmosphär ze erschafen, sief et duerch en Hierstelle vu Pläséier an Enthusiasmus, sief et duerch en Vermëttele vu Loyalitéitsgefiller, sief et esou guer duerch eng latent Sexualiséierung vun de geschäftleche Rapporten.
D‘Arlie Russell Hochschild huet gewisen wéi Stewardessen, als frappant Beispill, an der Business-Class en sexualiséiere Séductiouns-Rapport mat hire männleche Clienten oprecht erhale sollen, fir dat déi sech am Fliger wuelfillen a méi, a besser consomméieren.
1999 haten och di zwee franséisch Soziologen, d‘Éve Chiapello an de Luc Boltanski schonn dës Beweegung zum emotionale Kapitalismus an den neie Forme vum Firmemanagement entdeckt.
An der éischter Generatioun vum Industrikapitalismus huet de Firmenbesëtzer seng Entreprise nach a gudder Familljepapp-Traditioun mat Strof a Belounung géréiert.
Duerno koum dann eng nei Generatioun vu Manager déi selwer als Salariéë Firme mat hirer technescher Expertise geleet hunn. D‘Firmeleedung bestoung dunn privilegiéiert aus Ingenieure mat praktescher Erfarung um Terrain.
Mat der weiderer Entwécklung vum Déngschtleeschtungssecteur koum dunn en neien Typ vu Manager a Leeder zum Virschäin, besonnesch am Beräich vum Bankwiesen, der Finanz, der Consultance an den neien Elektronik- an Informatikfirmen.
Dëse Manager, esou d‘ Éve Chiapello an de Luc Boltansky, brauch net méi besonnesch vill vu senger Firma an hire Produkter ze kennen oder verstoen. Hie schaft manner mat senger fachlecher Expertise, oder senger praktescher Erfarung an deem Produktiounsberäich wéi mat enger Expertise an der Gestioun a vum „Human Resource Management“.
Dat heescht, den neie Manager muss seng Kompetenz haaptsächlech dora weisen, dat hie weess wéi een seng professionell a perséinlechen Netzwierker beaarbecht, a wéi een d‘Personal mat psychologeschen Tricken a Manipulatioun bei Laun a bei der Staang hält, wéi een seng eege Karriär bei deenen, déi doriwwer decidéieren, preparéiert. Am Ëmfeld vun der neoliberaler Transformatioun vun der Wirtschaft an der Politik, wou all gesellschaftlech Produktioun soll nom Modell vun enger kapitalistescher Firma funktionéieren, gesäit een dann och, dat di nämmlecht Zort vu Manager belibeg am Privatsecteur oder an der Politik schaffen, eng Schoulpolitik bestëmmen oder eng Consultingfirma mat leeden, an der Autosindustrie schaffen, oder en Spidol mat dirigéieren. Do et just nach Firme mat Profitorientéierung gi soll, fënnt een dës Zort vu Management esou wuel an der Industrie wéi an der Politik, an kulturelle wéi am humanitäre Beräich.
An der Soziologie ginn et zwou Interpretatioune vun dësem neie Gefillsmanagement, dee lues a lues di gesamt Service-Branche, mä och d‘Politik am allgemengen koloniséiert huet.
Op der enger Säit, a quasi säit dem Entsoe vun der Soziologie am spéiden 19. Joerhonnert, gouf Gefillsmanagement als Ënnerdréckung vun authentesche Gefiller kritesch gesinn. Beim Max Weber a beim Georg Simmel liest een scho vun der Rationaliséierung a vun der Offlaachen vun de Gefiller am Kapitalismus.
Och di däitsch Philosophen a Sozialwëssenschaftler Theodor Adorno a Max Horkheimer bekloen den huele Charakter vun de Mënschen am Spéitkapitalismus zu schéine Fassaden. Si schreiwen, aus hiren Erfarungen an Amerika, dat Perséinlechkeet schonn an de 40er/50er Jore kaum méi heescht wéi stralend wäiss Zänn an d‘Ofwiesenheet vun Axelschweess an Emotiounen.
Op dir anerer Säit gesäit een och, dat säit den 80er an 90er Jore vum leschte Joerhonnert genau den Contraire geschitt. D‘Gefiller sollen net méi der einfacher Rationaliséierung ënnerworf ginn, an sech offlaachen. D‘Aarbechter, d‘Consultanten an d‘Manager am Serviceberäich sollen och keng eidel Hülse mat wäissen Zänn an ouni Emotioune sinn. Den neien Toun ass dee vun der enthusiastescher Selbstverwierklechung bei der Aarbecht.
Dofir ginn et dann eng ganz Rei vu Methode vum positiven Selbstmanagement (i.e. „positiv Psychologie“) wéi „positiivt Denken“, autogenen Training, „neurolinguistesch Programmatioun“ an Neuro-Management.
Mais eng Method, déi wuel méi bekannt gouf wéi all di aner zesummen ass déi vum amerikanesche Psycholog Daniel Colemann erfonnten „emotional Intelligenz“. Emotional Intelligenz ass di onkontestéiert Kinnigin vum neiem Management vu sech, a vun deenen aneren.
D‘Wuert selwer vun der emotionaler Intelligenz schéint esou paradoxal wéi villverspriechend. Paradoxal well d‘Gefiller jo traditionell als irrational geduecht goufen. Sécher gouf et do eng déif Ëmkéierung fir d‘éischt an der Philosophie vum 19. Joerhonnert, an dann och an der Psychologie mat der Entwécklung vum Sigmund Freud senger Psychanalyse.
Mäi dorop kënnt den Daniel Goleman net emol zréck. Hie setzt seng emotional Intelligenz ganz ouni Geschicht an d‘Welt wéi di griichesch Göttin Athena, déi enges Daachs a voller Rëschtung aus dem Kapp vum Zeus eraus geklommen ass.
Wat interessant an intelligent kléngt, an di emotional Intelligenz huet jo och en beandrockende kommerzielle Succès iwwer den Firmemanagement eraus, ass awer leider méi banal wéi een et erhoffe kéint.
Dem Goleman seng emotional Intelligenz liwwert virun allem Techniken, mat deenen een sech selwer als onerschöpflech Quell vu Potentialer entwéckele kann. Dat kléngt tatsächlech net vill méi schlau wéi all di aner 10-Schrëtt Methoden, mat deenen een Erfolleg, Gléck, Geld, Léift a Sex kréie kann. Ugefaange mam Dale Carnegie sengem Klassiker vun 1936 iwwer wéi een sech Frënn mécht an d‘Leit influenzéiere kann.
Wuelgemierkt, de Grondgedanken ass bei esou Ratgeber ëmmer dat een duerch di richteg Manipulatioun vu sech selwer a vun deenen Anere bal alles erreeche ka wat een sech wënscht.
Mat dem Goleman senger emotionaler Intelligenz, als nei Technik vun der Selbstoptimiséierung, ass dat dann och net anescht. Onst Aarbechtsliewen, esou d‘Versprieche vum Goleman, profitéiert haut an enger nach ni do gewieschter Aart a Weis vun der emotionaler Intelligenz. Dofir solle mer dann all léiere mam richtege Gefillsmanagement fir d‘éischt emol eist eegent Gehier zum „emotionale Manager„ ëmzefunktionéieren. Selbstverständlech feelt och bei der emotionaler Intelligent den aktuelle Jargon vun der Neurowëssenschaft net. Well och d‘Gehier, als programmabelt Organ, soll jo virun allem emol en Instrument sinn, eng Waff fir d‘Selbstbehaaptung am ekonomesche Konkurrenzkampf.
Dat heescht awer och dat d‘Notioun vu Gefiller, wéi mer se bis dohi kannt hunn, emol kuerzerhand an ouni weider Diskussioun oder Reflexioun ëmgekrempelt gëtt. Gefiller sinn nämlech fir den Goleman keng Zeeche méi déi eis onwillkürlech doriwwer informéiere wat an eis virgeet, déi eis an eisem Verhältnes zu anere Mëschen droen oder leeden. Gefiller sinn fir dës Psychologe Psychologie vun den Emotioune mat engem Sënn fir dat Kommerziellt, keng Deeler méi vu Stëmmungslaagen, aus deenen eraus mer eis op d‘Welt bezéien. An et sinn net emol méi Reaktiounen op real Uläss.
Trauer, Angscht, Suerge, Frustratiounen, Onzefriddenheete ginn an der emotionaler Intelligenz vum Goleman einfach vun enger instrumenteller Käschten-Notzen Analysen als negativ an onerwënscht erkläert, a solle vun der „Gefillsaarbecht“ vum Eenzelen einfach opgeléist a vum Reservoir vun de positive Ressourcen ersat ginn. Wéi d‘Gehier selwer si Gefiller also Instrumenter vum allgemenge Geschäft op dat sech all gesellschaftlech an individuell mënschlech Interaktioune reduzéiere sollen.
Nieft den interpersonelle Gefillskompetenzen a Ressourcë gëtt et nom Golemann dann och interpersonell Forme vu Gefillsmanagement. Well deen emotionale Selbstmanagement, deen eis zu erfollegräiche Perséinlechkeete mécht, hëlleft och di Aner ronderëm eis ze beaflossen.
„Empathie“ an „sozial Fäegkeeten“ erlaben et nämlech dem gewiefte Selbstmanager bei deenen Anere genau déi Gefiller ervir ze ruffen, déi him bei sengem eegenen Erfolleg hëllefen. Dobäi geet et drëm, wéi scho beim Dale Carnegie, déi aner esou schlau ze manipuléieren, dat si sech net manipuléiert fillen. Dat wär d‘Paradebeispill vun der emotionaler Inteligenz.
A sengem Artikel iwwer Emotion by Design bréngt den däitsche Soziolog Sighard Neckel de Begrëff an de Programm vum emotionalen Management op de Punkt. A wat hien vum Dale Carnegie sengem Klassiker schreift, gëllt a fortiori och fir di emotional Intelligenz :
„Selbstkontrolle und Fremdtäuschung gehen Hand in Hand und vereinigen sich in dem Ziel, andere Akteure durch Dramaturgien der Zuneigung für eigene Zwecke zu instrumentalisieren.“
Fir di emotional Intelligenz gëllt dann :
„Gesellschaftlich erwünschte Emotionen nehmen dadurch den Charakter eines inneren Reservoirs permanent mobilisierbarer mentaler Ressourcen an, die jederzeit für instrumentelle Zwecke einsetzbar sind. Der Maßstab für die Abgrenzung zum Normalen ist die reine Nützlichkeit einer Emotion, wenn es gilt, persönliche Erfolgsziele zu erreichen.“
Emotional Intelligenz, wéi kann et dann och anescht sinn, gouf esou eng vun de stäerkste Waffen am wirtschaftleche Konkurrenzkampf.
Mä duerch déi Rationaliséierung vun den Gefiller am emotionalen Kapitalismus setzt sech dann awer erëm eppes duerch, wat d‘Klassiker vun der Soziologie bemierkt haten : en Prozess vun der Rationaliséierung, mä dës Kéier net op Käschten vun de Gefiller, mä mat Gefiller déi vun der wirtschaftlecher Produktivitéit instrumentaliséiert ginn.
D‘Eva Illouz an Yaara Benger Alaluf schreiwen dozou an hirem Bäitrag iwwer emotional Intelligenz am Band 3 vun der grousser Histoire des émotions :
Le concept d‘« intelligence émotionnelle » est une excellente illustration de la façon dont les émotions ont été transformées en compétences qui, à leur Tour, ont été objectivées et sont ainsi devenues des entités mesurables. Définie comme « la capacité à percevoir et à exprimer avec justesse les émotions, à se servir de ces émotion s pour faciliter la réflexion, à comprendre et à gérer les émotions pour son propre développement émotionnel », la notion d’« intelligence émotionnelle » n’est plus considérée comme un oxymore, mais bien comme la caractéristique d’une nouvelle rationalité émotionnelle individuelle.
Emotional Intelligenz mécht also, am Géigesaz zu dem wat een sech denke géif, wann een den Numm héiert – mä dat ass jo den ganzen Trick beim intelligente Marketing – den Kapitalismus nei méi „waarm“ oder besser un d‘Emotionalitéit vun den Aarbechter ugepasst. Emotional Intelligenz proposéiert ganz am Contraire eng Uwennung vun der kapitalistescher Logik – d‘Assuréiere vum perséinleche Profit – op d‘Gefiller.