Léift : Utopie vum perséinlechem Gléck ?
Säit den 30er Jore vum 20. Joerhonnert gëtt et kritesch Orientéierunge an der empirescher Soziologie, der kritescher Psychologie, an an der Sozialphilosophie, déi en düstere Constat molen. Deemno hätt de Kapitalismus lues a lues quasi all d‘Beräicher vun der Gesellschaft am allgemengen, a vun der individueller Séil am spezielle koloniséiert.
Trotzdeem ginn et fir di Fuerscher an Denker, déi dëse Constat opstellen, nach kléng Reservater, nach kléng Inselen nieft dem grousse Kontinent vum Maartfundamentalismus, déi dir Koloniséierung resistéieren.
Vum Sigmund Freud soll di Behaaptung staamen, dat Aarbecht an Léift d‘Quelle sinn, vum mënschleche Gléck. Aarbecht a Léift wären also zwee esou Reservater, déi nach net ganz vum Kapitalismus a vu sengem eendimensionale Profitstriewen assimiléiert goufen.
Besonnesch wat d‘Aarbecht schéngt dës Behaaptung eegenaarteg naiv. Bestëmmt huet de Freud, wéi en dat gesot sollt hunn, net un Fliessbandaarbecht, oder Bürosaarbechten oder „Bullshit Jobs“ geduecht. Warscheinlech, esou kéint een dat vläicht besser verstoen, huet hien dobäi u seng eegen Aarbecht, oder un d‘Aarbecht vu Kënschtler a Schrëftsteller geduecht, un Aarte vun Aarbechte wou d‘Mënschlechkeet vum Aarbechter, wou de Sënn vun der Aarbecht nach net ganz entfriemt, an deem eenzege Sënn vum produktive Wuesstem ënnergeuerdent goufen. Mä Aarbechten déi nach net ganz vun der kapitalistescher Funktionslogik duerchwuess sinn, sinn haut nach méi rare wéi se et schonn zum Freud senger Zäit waren.
Besonnesch säit dem Developpement vun den Déngschtleeschtungen an der sougenannter post-industrieller Produktioun, gouf net nëmme méi de Kierper vum Aarbechter, wéi den Marx an den Engels dat nach virun Aën haten, mä och dat ganzt Liewenswelte vum Mënsch mat an di kapitalistesch Produktioun agespaant. Esou ass lues a lues dat entstanen, wat den Herbert Marcuse 1964 den „eendimensionale Mënsch“ genannt huet. An hien hat zu där Zäit schonn d‘Instrumentaliséierung an di technokratesch Manipulatioun vum ganze Mënsch – Haut an Hoer, Kierper a Geescht – am kapitalistesche Produktiounsprozess am Aa.
D‘Psychoanalytiker, Soziologen a Philosophe vun der „Frankfurter Schule“ haten nämlech scho joerzéngtelaang virum ekonomeschen Nobelpräisgewënner Gary Becker (aus dem Ëmfeld vum Milton Friedman) gemierkt, dat d‘Perséinlechkeet oder den Charakter vum Mënsch selwer zum Instrument am Produktiounsapparat gouf. Dat wat den Nobelpräisgewënner an der Ekonomie – déi léisst och esou eenegs iwwert d‘Bedeitung vun esou Päiser erblécken – als grousse Fortschrëtt begräife wollt, dat sougenannten Humankapital als Zenter vun de Kompetenzen, vun der Produktivitéit déi haut nach als Piliere vun der Relance an der Kompetitivitéit gefeiert ginn, gouf schonn an den 40er a 50er Jore vum 20. Joerhonnert kritesch hannerfroot.
Fir d‘Fuerscher vum Institut für Sozialfuerschung vu Frankfurt – dorënner och dee benannten Marcuse – war d‘Humankapital, deem deemools nach net esou en flotte Branding zudeel gi war, nach d‘Spëtzt vun der mënschlecher Alienatioun bedeit. Si hunn an der Entwécklung vum avancéierte Kapitalismus eng Quell vun der Formatioun vu verschiddene Charaktertypen oder Perséinlechkeetsstrukture gesinn. Des Perséinlechkeetsstrukture charakteriséieren sech am allgemengen doduerch, dat se d‘Bedürfnisser vum Maart, an vun der Kapital-Akkumulatioun, esou déif verënnerlecht hunn dat se hinnen a Fleesch a Blutt iwwergaange sinn. Di ekonomesch Verhältnesser personifizéieren sech esou a verschidde Charakterstrukturen an ginn zur ‚zweeter Natur‘. An anere Wieder : de Mënsch selwer gëtt zum Kapital, net nëmme fir di aner, déi Profit aus him zéien. Hie verhält sech dann och zu sech selwer wéi zu engem Kapital : jiddwereen soll zum Entrepreneur vu senger Karriär, vu sengem Liewen, soit vu sech selwer ginn. Am Kapitalismus ass de Mënsch Kapital ginn, a sollt sech och esou behandelen, soit : Humankapital.
E flagrant Beispill vun esou enger Humankapital-Perséinlechkeet ass dat wat den Psychoanalytiker an Philosoph Erich Fromm den Marketingcharakter genannt huet.
De Marketingcharakter ass, nom Fromm, déi vollstännegst a gelongenst Upassung vum Mënsch un den Maart. Hei mécht sech d‘Persoun selwer also zum Kapital, an och zur Wuer mécht. Genau dat also, wat den Gary Becker e puer Joerzéngte méi spéit schonn, ganz ouni Ironie, als e grousse Fortschrëtt vun der mënschlecher Fräiheet gedeit huet. Als Marketingcharakter, an als Humankapital hänkt onse Wäert als Mënschen, als Persounen un éischter Stell dovun of, wéi mer gutt ons op deene verschiddenste Mäert verkafen. Déi Mäert sinn dann och net méi just déi vun der Aarbechtswelt. Am neien Kapitalismus, deen säin Héichpunkt Ufank vun den 80er Jore vum leschte Joerhonnert ugesat huet, am sougenannten Neoliberalismus oder Maartfundamentalismus (K. Polanyi) sollt jo schliisslech alles zum Maart ginn. Dorop kommen ech nach zréck : also och d‘Léift wa se bis als Dating-Maart funktionnéiert.
Als Humankapital hänkt also alles dovun of wéi gutt a wéi iwwerzeegend eis Verpakung ass. Fir ze reusséieren, kënnt et beim Marketingcharakter dorop un sech deenen aneren esou virdeelhaft wéi méiglech duerzestellen, an domat seng eege Plaaz géint d‘Konkurrenz ze sécheren.
Als Humankapital si mer gläichzäiteg Verkeefer vun eis selwer als Persounen, an Ubidder vun eise selwer als Wuer. Hei geet et ons un éischter Stell drëmm eppes ze weise wat interessant genuch ass kaf ze ginn, bezuelt oder einfach nëmmen unzéihend, sexy interessant fir di Aaner ze ginn. De moraleschen Imperativ vum Marketingcharatker, säin Über-Ich wéi den Freud soe géif, besteet an der Upassung un d‘Bedürfnis vum Maart am allgeméngen, a vun deenen spezifëschen Mäert, net nëmmen di ekonomësch, am speziellen.
Den Erich Fromm schreift dozou : e Mënsch vun där Zort huet net emol méi en Ësch, en „Ich“ wéi den Freud en nach nom Modell vum biergerlechen Individuum geduecht huet.
Mäin „Ech“ als Marketingcharakter ass esou wéis du mech gären häss, wéis du mech brauchs. Dofir ass de Mënsch mat Marketingcharakter och onendlech wandelbar a steets op gréisst méiglech Effizienz an der Duerstellung vu sech aus.
Dat gëllt fir Aarbechter esou gutt wéi fir de Politiker, dee just nom Audimat oder no den Sondagë funktionéiert. Dat ass och den Wëssenschaftler, deen seng Aarbecht un den gréisstméiglechen Zitatiounschancen orientéiert, oder deen an de Medien ëmmer gären dat zielt, wat am Moment am meeschte gefrot ass. Dat ass och nach den Kulturmanager oder den Mediendirekter, dei hiren Succès un den Besicherzuelen, un den Abonenneten oder un den Aschaltquote miessen. An dat si mer all, op de sozialen Medien an op den Dating-Apps, wou mer eis schéinsten, schlauesten an interessantesten Säiten all Dag zur Schau stellen mussen.
Komme mer dann zum zweeten Deel vum Freud senger eegenaarteger Ausso iwwert Aarbecht a Léif als Quelle vum Gléck.
Wann am Beräich vun den allermeeschten Aarbechten de Mënsch mat Haut an Hoer, mat Kierper a Séil am kapitalistesche Produktiounsprozess integréiert gouf, wéi steet e da mat der Léift ? Ass Léift wéinstens eng vun deenen Inselen, déi nach net un d‘Imperium vun der Produktioun ugeschloss gouf ? Sinn d‘Léift a Partnerschaft, an anere Wieder, den leschten Offshore vum Kapitalismus ?
Fir dorop ze äntwere musse mer fir d‘éischt kucke wat Léift an dësem Zesummenhang, wat Léift an eisem geschichtleche Moment, an eiser Kultur heescht. Well Léift ass net just nëmmen en subjektive Gefill, a ganz sécher net einfach eng Rei vu biochemesche Reaktiounen am Gehier, an am Kierper. Léift ass virun allem och eng sozial, kulturell a geschichtlech Praxis, mat formellen an informellen Institutiounen.
Fir et staark vereinfacht ze soen : all geschichtlech Gesellschaftsform huet hir grouss Modeller vun der Léift. An dat heescht dat nach dat individuellst Erliewe vun der Léift, hir subjektiivst Erfarung, an hir perséinlechst Bedeitung och ëmmer a gläichzäiteg d‘Zich vun der Zäit a vun der Gesellschaft droen, an deenen se sech ausdrécken. Léift funktionéiert also och no gesellschaftlechen an emotionale ‚Schablounen‘ déi de Kader vun onse Virstellungen, Iwwerzeegungen an och Gefiller ausmaachen, an oft och nach en groussen Deel um Inhalt dozou liwweren.
Am nooste bei eis, an nach ëmmer kulturell wierksam ass di romantesch Konzeptioun vun der Léift, déi Enn vum 18. Joerhonnert entstanenen ass.
Kucke mer awer elo net op dat populäert, a scho kommerziell vermëttelt Verständnes vun der romantescher Léift. Romantesch Léift huet ursprénglech näischt mat Libesfilm, mam Owendiesse mat Käerzen, oder engem waarme Schaumbad zu zwee mat Schampes ze dinn.
D‘Romantik war eng literaresch a philosophesch Beweegung déi sech géint Klassik an Opklärung opgeleent huet. An der Romantik goufen, karikaturéiert zesummegefaasst, dat Irrationaalt, d‘Fantasie, di subjektiv Ënnerleeënheet an Individualitéit an de Virdergrond vum kënschtleresche Schaffen an philosopheschen Denke bruecht.
Des Romantik huet näischt mat de schéine Gefiller vun de kommerziellen Libesfilmer ze dinn. Si hänkt mat deem zesummen, wat den Alfred Musset mam Begrëff vum „Mal du siècle“ populariséiert huet. De Mal du siècle war en déift Gefill vun Onbefaangen. A sengem Roman vun 1836 – La Confession d’un enfant du siècle – beschreift den Musset dëst existenziell Dispositioun esou :
Ce fut comme une dénégation de toutes choses du ciel et de la terre, qu’on peut nommer désenchantement, ou, si l’on veut désespérance ; comme si l’humanité en léthargie avait été crue morte par ceux qui lui tâtaient le pouls.**
Romantik läit, fir et iwwerspëtzt am Jargon vun der positiver Psychologie ze soen, ze soen, méi no un der Depressioun an un Doudesfantasien, wéi un de waarme Gefiller vu Wellness-Hoteller déi Romantik-Wochenenn mat Moundschäin verkafen. D‘Gefill vun der romantescher Ergrëffenheet ass dat vun der ënner Zerrassenheet.
D‘Léift am Kontext vun der Romantik präsentéiert sech dann och wéi en Versuch dëss Zerrassenheet, déi als Präis vum neie gesellschaftlechen Individualismus entsteet, ze iwwerwannen. Als Erléisung vun der absolutter Zerrassenheet am kapitalisteschen Konkurrenzkampf, präsentéiert sech di romantesch Léift dann als absolutte Choix fir d‘Léift, fir d‘Léift vun enger Persoun, lassgeléist vun allem aneren.
Di romantesch Léift soll an der Iwwereneestëmmung vun zwou Séilen aus der Einsamkeet an der Onverstaanenheet eraus féieren, an déi zwee Léiwend, nom Ausdrock vum Friedrich Schlegel, an der „Wollust vun der einsamen Emäermung“ zum „hellegsten Wonner vun der Natur féieren“.
Dem Begrëff an dem Projet no, kéint di romantesch Léift also en Ausgang aus dem maartwirtschaftlechen Konkurrenz-Dasein vum Individuum duerstellen. Dës Léift kéint och eppes anescht verspriechen, wéi en triste Fassaden-Alldaag vum Makretingcharakter.
Gi mer dem Verspriechen also di nächste Kéier op de Gronn …