Ëffentlech Meenung
Radio

Ëffentlech Meenung

Opgrond vun de grousse poli­tesche Revo­lu­tioune vum 18. an 19. Joe­rhon­nert gouf d‘Demokratie am Ufank vum 20.
Joe­rhon­nert gär als Mas­se­phe­no­men inter­pre­téiert. Et sollt een den­ken dat déi spontan
Mas­se­be­wee­gun­gen déi d‘Adelsherrschaft ofges­chaaft hunn, an och nach den Kapitalismus
sollte mat engem Knall ofscha­fen, de wich­teg­ste Grond vun der Demo­kra­tie duers­tel­len.  (Lire la suite … )

Épisodes radio

Gefiller vum Kapitalismus (3/8): Di emotional Intelligenz

Lang Zäit gou­gen di sozio­logësch Ana­ly­sen vum Kapi­ta­lis­mus an déi Rich­tung ze soen, dat d’Ge­filler­lie­wen duerch de Beräi­sche­rung­strieb an d’Ra­tio­na­li­séie­rung vum ges­chäft­leche Ver­kéier oof­ge­flaacht gëtt. 

Méi rezent huet sech awer eng aner Entwé­ck­lung vum Kapi­ta­lis­mus gewis­sen, déi d’Ge­filler an hiren Mana­ge­ment an de Vir­der­grond stellt. 

D’Tech­ni­ken vun der posi­ti­ver Psy­cho­lo­gie an der emo­tio­na­ler Intel­li­genz sol­len dobäi hël­le­fen, nach méi Pro­fit­ter anzesammelen.

Emo­tio­nal Intel­li­genz war emol en flott Vers­prie­chen, mä si war lei­der och vun Ufank un dorop uge­luecht den neien Gefills­ka­pi­ta­li­mus op Héich­toue­ren ze brén­gen.  (Lire la suite … )

Épisodes radio

Gefiller vum Kapitalismus (2/8): Gefiller op der Aarbecht a Gefiller als Aarbecht

Tra­di­tio­nell gouf den Kapi­ta­lis­mus ëmmer mat Gefills­keelt an ins­tru­men­tel­ler Ver­nonft an Zesum­men­hang bruecht. 

Kapi­ta­lis­mus gouf duerch Ratio­na­li­séie­rung a Gefills­ver­flaa­chung um affek­tive Plang cha­rak­te­ri­séiert. An den 1990er Joren huet awer eng ame­ri­ka­nesch Sozio­lo­gin ent­deckt wéi och d‘Gefiller vum Kapi­ta­lis­mus gebraucht goufe fir d‘Produktivitéit ze steigeren. 

Nom Kapi­ta­lis­mus vun der ins­tru­men­tel­ler a gefills­ka­ler Ver­nonft ass am spéi­den 20. Joe­rhon­nert eng nei Form vu Kapi­ta­lis­mus ents­tane : den „emo­tio­nale Kapi­ta­lis­mus“.  (Lire la suite … )

Épisodes radio

Gefiller vum Kapitalismus (1/8): Gefiller : tëscht Biologie a Geschicht

Wann Aar­becht a Léift d’Quelle sinn vum Gléck, wéi gesäit et da mat der Aar­becht an der Léift an der Welt vum Kapi­ta­lis­mus aus ? 

Mécht Aar­becht am kapi­ta­lis­tesche Pro­duk­tiouns­pro­zess, mécht Aar­becht an den neien Tech­no­lo­gie­bran­chen an de grousse Consul­ting­firme glécklech ? 

A wann dat net de Fall si sollt, wéi steet et mat der Léift ? Kann d’Léift ons virum Kapi­ta­lis­mus ret­ten ?  (Lire la suite … )

Radio

Gefiller vum Kapitalismus

En vun de mar­kantste rezen­ten his­to­res­chen Decou­ver­ten vun der Sozio­lo­gie ass d‘Funktioun vun de Gefiller am Kon­text vum Spéitkapitalismus. 

An ëmmer méi Aar­bech­ten aus dem Déng­scht­lees­ch­tungs­sec­teur spillen d’Ge­filler, a Form vum Gefills­ma­na­ge­ment an d’Ge­fills­ma­ni­pu­la­tioun, wich­teg Rollen. 

Unhand vun zwee repre­sen­ta­tive Beis­piller, der Aar­becht an der Léift, sol­len des Änne­run­gen an der Gesell­schaft, an an eiser Psy­cho­lo­gie veran­schau­lecht ginn.  (Lire la suite … )

Radio

Gruppendenken

Poli­tesch Debat­ten a grouss one­ko­no­mesch Dis­cour­sen lafen gären op Flos­ke­len, Phra­sen a Wuert­gek­lén­gel eraus. Wien sech schonn e puer vun dee­nen fan­tas­tes­chen Inter­vie­wen mat Poli­ti­ker, oder mat der Elite vun den Indus­trie- a Wirt­schafts-Deci­deu­ren am Paper­jam uge­kuckt huet, dierft och heians­do den ongud­den Androck gehat hunn, dat hei keng lie­weg, den­kend a fillend Per­sou­nen hir Gedan­ken aus­dré­cken, mäi eppes wéi en Sproo­che­pro­gramm deen en Jar­gon mam Voka­bu­larräich­tum vun engem Grond­schoul­kand duer­ch­dek­li­néiert.  (Lire la suite … )