Gruppendenken

„Jeder, sieht man ihn ein­zeln, ist leid­lich klug und verstän­dig,
Sind sie in cor­pore, gleich wird dir ein Dumm­kopf daraus.“

(Fr. von Schiller)

Poli­tesch Debat­ten a grouss one­ko­no­mesch Dis­cour­sen lafen gären op Flos­ke­len, Phra­sen a Wuert­gek­lén­gel eraus. Wien sech schonn e puer vun dee­nen fan­tas­tes­chen Inter­vie­wen mat Poli­ti­ker, oder mat der Elite vun den Indus­trie- a Wirt­schafts-Deci­deu­ren am Paper­jam uge­kuckt huet, dierft och heians­do den ongud­den Androck gehat hunn, dat hei keng lie­weg, den­kend a fillend Per­sou­nen hir Gedan­ken aus­dré­cken, mäi eppes wéi en Sproo­che­pro­gramm deen en Jar­gon mam Voka­bu­larräich­tum vun engem Grond­schoul­kand duerchdeklinéiert.

Déi Ten­denz mani­fes­téiert sech och am sou­ge­nann­ten ëffent­le­chen Dis­cours, an pri­vi­le­giéiert op de sozia­len Medien, wou een dann och nach ‹en direct› d’Grup­pen­dy­na­mi­ken vun de klén­gen a grous­sen Reseauen obser­véie­ren kann.

Esou bekannt de Phä­no­men ass, esou inter­es­sant bleift en fir sozial­psy­cho­lo­gesch a sozio­lo­gesch Ana­ly­sen. Et han­delt sech dobäi em en Ges­chéien dat als « Grup­pen­den­ken » vum ame­ri­ka­nes­chen Sozial­psy­cho­log Irving Janis bezeechent gouf. Esou en Den­ken ass mees­ch­tens net emol gewollt ; et setzt sech onbe­wosst an han­ner­récks vun de Per­sou­nen mat déif emp­fonn­ter Grup­pe­ni­den­ti­téit duerch.

Den Janis huet sech beim Choix vu sen­gem Begrëff gewollt op dem George Orwell säin « News­peak » geleent. Hie schreift :

I use the term group­think as a quick and easy way to refer to the mode of thin­king that per­sons engage in when concur­rence-see­king becomes so domi­nant in a cohe­sive ingroup that it tends to over­ride rea­lis­tic apprai­sal of alter­na­tive courses of action. Group­think is a term of the same order as the words in the news­peak voca­bu­la­ry George Orwell used in his dis­maying world of 1984.

(Janis, I. (1971) Group­think. Psy­cho­lo­gy Today, 5, S. 43 – 46, 74 – 76)

D’Grup­pen­den­ken mani­fes­téiert sech cha­rak­te­ris­tesch duerch eng ganz Rei vu Symp­to­mer déi dann ents­tinn wann d’Mem­be­ren vun engem Grupp – vun der Par­tei, an der Gewerk­schaft, iwwert d’Ins­ti­tu­tiou­nen an d’Gre­mien bis erof an d’Kee­len- a Fuss­ball­clibb eran – am beha­gle­chen a hee­me­le­gen « Mär-Gefill » ariich­ten. Aus dësem léi­wen Zësum­men­ge­héie­reg­keets­ge­fill ents­tinn dann eng Rei vun psy­ches­chen a sozia­len Phe­no­me­ner déi den Janis an 8 ideal­ty­pes­chen opzielt :

  1. Illu­sioun vun der Invulnérabilitéit
  2. Defen­siv Ratio­na­li­séie­rung géint all kon­tra­dik­to­resch Rea­li­téit oder Iddi
  3. Iwwer­zee­gung vun der eege­ner Supérioritéit
  4. Den­ken, Schwät­zen an Han­de­len a Form vu Stereotyppen
  5. Drock géint all inter­nen Zwei­wel a méi­gle­chen Dissens
  6. Verën­ner­lecht Selbstzensur
  7. Illu­sioun vun der Unanimitéit

Wat awer no ban­nen esou hee­me­leg a léif ass, dat ass gären grad esou kal, oflee­nend, entmën­schle­chend an aggres­siv no baus­sen. D’Mem­be­ren vun Friem­grup­pen kën­nen mam Gefill vu Berech­te­gung deni­gréiert, atta­ckéiert, a fir­wat net, gefol­tert an ëmbruecht ginn. An do gëtt et eng direkt Kor­re­la­tioun am kusche­len no ban­nen, an am Aggres­séie­ren no baus­sen, déi den Freud schonn a sen­ger Mas­se­psy­cho­lo­gie (1921) opge­deckt hat. 

Den Janis schreift :

The more amia­bi­li­ty and esprit de corps there is among the mem­bers of a poli­cy-making ingroup, the grea­ter the dan­ger that inde­pendent cri­ti­cal thin­king will be repla­ced by group­think, which is like­ly to result in irra­tio­nal and dehu­ma­ni­zing action., direc­ted against outgroups.

(Janis, loc.cit. S. 85)

Et ass keen Zou­fall, dat des, vum Janis aus Ana­ly­sen vu poli­tes­chen Deci­siouns­pro­zes­ser eraus opges­tall­ten Mecha­nis­men an Grup­pen, den Symp­to­mer vum deem gläi­chen wat « nar­ziss­tesch Per­séin­le­ch­keet » genannt gouf. 

Tatsä­chlech erschéngt d’Grup­pen­den­ken als verall­ge­men­ger­ten Equi­va­lent vum den nar­ziss­tes­chen Symp­to­mer : Iwwer­schät­zen vun den eege­nen Fäeg­kee­ten, vun der eege­ner Intel­li­genz a Kul­tur, Gréis­se­fan­ta­sien, Iwwer­drei­wen vun den eege­nen Lees­ch­tun­gen, Gefiller vun Iwwer­leeën­heet an Ori­gi­na­li­téit, Ënner­bewäer­tung vun de Lees­ch­tun­gen vun dee­nen Ane­ren, Man­gel un Afillung­sver­méi­gen, Berech­te­gung­sge­fill, asw. Mä bei der nar­ziss­tes­cher Per­séin­le­ch­keet fënnt och grad esou schnell di aner Säit : Vul­ne­ra­bi­li­téit duerch den stee­tege Besoin vun Uner­ken­nung, an als Reak­tioun dorop Arro­ganz, Veruech­tung, Wut, Rage an Aggressioun.

D’Erklä­rung vun dëser flot­ter Har­mo­nie fënnt een beim Freud : den Zesum­men­halt vum Grupp, vun der Mass funk­tio­néiert iwwert Iden­ti­fi­zéie­rung (Mär vs. di Aner). Iden­ti­fi­zéie­rung als urs­prén­glechst Form vu Gefills­bin­dung, wéi een se nach aus der Léift kennt, depla­céiert sech vum gefléif­ten Esch, oder der gefléif­ter Per­soun op den Grupp. Den Esch, esou de Freud, gëtt an der üble­cher Léift ëmmer méi kleng, méi bes­chei­den, méi usprochs­los, an di gefléif­ten Per­soun ëmmer méi grous­saar­teg a wäertvoll.

Genau dat ges­chitt och am Grupp, an doduerch funk­tio­néiert den Grupp wéi en Nar­ziss­mus ‹par Pro­cu­ra­tioun›. Dat hee­me­legt Mär-Gefill gëtt do zum sozio­lo­gesch insta­billen Equi­va­lent vun enger arti­fi­ziel­ler Léift.

Op Radio 100,7 lie­sen a lauschteren … »>