Autoritär (6/7): di autoritéitsgebonne Perséinlechkeet

Eng vun den inter­es­san­ten Schluss­fol­ge­runge, déi den Th. W. Ador­no aus den Stu­dien über auto­ritäre Persön­li­ch­keit (1950) gezunn hat – eng inter­dis­zi­plinär Stu­die déi vun 1943 – 1947 an Ame­ri­ka gefouert gouf – war dat den Anti­se­mi­tis­mus, an d’Tendenz zum Radi­ka­lis­mus net esou aus­schliiss­lech vun den ideo­lo­ges­chen a poli­tes­chen Iwwer­zee­gun­gen ofhän­ken, wéi een et sech dat vir­ges­tallt hat. 

Net man­ner wich­teg fir des Dis­po­si­tiou­nen, esou den Ador­no, ass eng gewës­sen Per­séin­le­ch­keets- oder Cha­rak­ters­truk­tur, déi sech duerch eng Rei vun cha­rak­te­ris­tes­chen psy­cho­lo­ges­chen Zich aus­zeechent. Et sinn des Zich, et sinn des psy­cho­lo­gesch Dis­po­si­tiou­nen, déi an der Wies­sel­wier­kung mat engem gewës­sen gesell­schaft­le­chen Kli­ma di bes­ch­ten Chan­cen duers­tel­len, fir auto­ritär Orien­téie­run­gen populär ze maachen :

Der poten­tiell faschis­tische Cha­rak­ter muß als Pro­dukt der Wech­sel­wir­kung zwi­schen dem kul­tu­rel­len Kli­ma des Vorur­teils und den »psy­chi­schen« Reak­tio­nen auf dieses Kli­ma betrach­tet wer­den. Es bes­teht nicht nur aus gro­ben äuße­ren Fak­to­ren wie öko­no­mi­schen und sozia­len Bedin­gun­gen, son­dern aus Mei­nun­gen, Ideen, Anschauun­gen und Verhal­tens­wei­sen, die als die des Indi­vi­duums erschei­nen, die aber weder sei­nem auto­no­men Den­ken noch sei­ner unabhän­gi­gen psy­chi­schen Ent­wi­ck­lung ents­prin­gen, son­dern auf seine Zugehö­rig­keit zu unse­rer Kul­tur zurück­ge­hen. (Ador­no, T. W., & Frie­de­burg, L. von. (1995 [1950]). Stu­dien zum auto­ritä­ren Cha­rak­ter. Suhr­kamp.)

Op der enger Säit also en poli­tes­cht a gesell­schaft­lecht ‹Kli­ma›, eng Kul­tur, an op der ane­rer Säit eng spe­zi­fesch psy­cho­lo­gesch Empfän­gle­ch­keet fir radi­kal Ideologien. 

Néng Varia­be­len soll­ten, an den sël­le­gen Ques­tion­nai­ren an Inter­vie­wen, en Hiweis op dei psy­cho­lo­gesch Empfän­gle­ch­keet ginn. Dat waren esou Aspek­ter wei Kon­ven­tio­na­lis­mus, starr Unterwür­feg­keet, auto­ritär Aggres­sioun, Anti-Intra­zep­tioun (also Onfäeg­keet en Kon­takt zur eege­ner Sub­jek­ti­vi­téit, an der eege­ner Sen­si­bi­li­téit hier­zes­tel­len), Aber­glau­ben, Ste­reo­ty­pie, Muecht­den­ken, Des­kruk­ti­vi­téit, Pro­jek­ti­vi­téit (d’Ten­denz di eegen Gedan­ken a Gefiller op di aner ze iwwer­droen), an Sexualitéit. 

Mam psy­cho­lo­ges­chen Deel vun der « poten­tiell faschis­tes­cher » Per­soun, ass selbst­verständ­lech nach net alles erkläert. Awer dës Pers­pek­tiv erlaabt et trotz­deem schonn déi Déres­pon­sa­bi­li­séie­rung, déi op en pas­siivt Fol­le­gen vun Uer­de­ren insis­téiert huet, als Falsch ze wid­der­leeën. Aus­ser am extre­men Fall vun der Gewal­tun­dreeung, impli­zéiert en Fol­le­gen vun Uer­de­ren och ëmmer en, wéi och ëmmer psy­cho­lo­gesch nego­ciéiert, Matmaachen.

» (s’ouvre dans un nou­vel onglet) »>Op Radio 100,7 lie­sen a lauschteren … »>