Épisodes radio

Autoritär (7/7): Autoritär haut

Säit 2002 gëtt en Grupp vun Cher­cheu­ren vun der Uni­ver­si­téit vu Leip­zig, ennert der Lee­dung vum Oli­ver Decker and Elmar Bräh­ler, a mat der Enners­tet­zung vun der Hein­rich-Böll-Stif­tung, all 2 Joer eng grouss Etüd iwwer den Riet­sex­tre­mis­mus eraus.

Des Stu­dien situéie­ren sech zum Deel op der Linn vun de grous­sen Stu­dien zum Auto­ri­ta­ris­mus vun der « Frank­fur­ter Schule ». Si benot­zen eng aktua­li­séiert Metho­do­lo­gie fir esou wuel di sozio­lo­gesch wéi di psy­cho­lo­gesch Dimen­siou­nen vum Auto­ri­ta­ris­mus op d’S­puer ze kom­men. An d’Re­sul­ta­ter sinn, säit 2002, ëmmer erëm ers­taun­lech.  (Lire la suite … )

Épisodes radio

Autoritär (6/7): di autoritéitsgebonne Perséinlechkeet

Eng vun den inter­es­san­ten Schluss­fol­ge­runge, déi den Th. W. Ador­no aus den Stu­dien über auto­ritäre Persön­li­ch­keit (1950) gezunn hat – eng inter­dis­zi­plinär Stu­die déi vun 1943 – 1947 an Ame­ri­ka gefouert gouf – war dat den Anti­se­mi­tis­mus, an d’Tendenz zum Radi­ka­lis­mus net esou aus­schliiss­lech vun den ideo­lo­ges­chen a poli­tes­chen Iwwer­zee­gun­gen ofhän­ken, wéi een et sech dat vir­ges­tallt hat.
Net man­ner wich­teg fir des Dis­po­si­tiou­nen, esou den Ador­no, ass eng gewës­sen Per­séin­le­ch­keets- oder Cha­rak­ters­truk­tur, déi sech duerch eng Rei vun cha­rak­te­ris­tes­chen psy­cho­lo­ges­chen Zich aus­zeechent. Et sinn des Zich, et sinn des psy­cho­lo­gesch Dis­po­si­tiou­nen, déi an der Wies­sel­wier­kung mat engem gewës­sen gesell­schaft­le­chen Kli­ma di bes­ch­ten Chan­cen duers­tel­len, fir auto­ritär Orien­téie­run­gen populär ze maa­chen.  (Lire la suite … )