10 Joer no der Studie iwwert Autoritéit a Famill huet en internationalen an interdisziplinären Grupp vu Fuerscher sech nach emol méi direkt der Fro vum autoritären Charakter consacréiert.
Des Etüd, déi zwar säit hirer Verëffentlechung ëmmer erëm kritiséiert gouf, gehéiert trotzdeem haut nach zu den meescht zitéierten Texter an der Soziologie. Si hat et erlaabt 6 verschidde Varianten vun autoritären Syndromer aus enger grousser empirescher Enquête bei ganz ‹normalen› Leit eraus ze isoléieren, an ze beschreiwen.
Et handelt sech hei em en weideren Versuch, no den Studien über Autorität und Familie, d’Spueren vun der gesellschaftlecher Bestëmmung bis an den däischtersten Ecken vun der ‹Séil› opzedecken.
Nicht bloß im Geist, in den Vorstellungen, grundlegenden Begriffen und Urteilen, sondern auch im Inneren des Einzelnen, in seinen Vorlieben und Wünschen spiegelt sich die Klassenordnung wider, in der sein äußeres Schicksal verläuft. Autorität ist daher eine zentrale geschichtliche Kategorie.
(Horkheimer, M. (1988). Gesammelte Schriften Band 3 : Schriften 1931 – 1936.)
Mat dem Begrëff vun der « autoritärer Perséinlechkeet » sollten déi psychologesch Dispositiounen opgewisen ginn, déi eng Persoun potentiell – wann dann och nach déi richteg gesellschaftlech a politesch Bedingungen erfëllt ginn – zum faschistesch Bürokrat, Folterknecht, Zaldot oder Politiker gi kënnen loossen.
Des Studie wullt, trotz hiren empiresch-statisteschen Analysen, net dat lescht Wuert iwwer d’Fro vun den psychologeschen Dispositiounen zum Autoritarismus ausschwätzen, sondern mat, zu där Zäit nach héich originellen an experimentellen Questionnaire- an Interview-Methoden, méiglech Erklärungen zum Verstoen vun engem héich komplexen Phänomen bäidroen.
Wat och nach haut esou interessant un dësen Studien bleift, ass hir Bereetschaft der ganzer politescher, gesellschaftlecher, ekonomescher an psychologescher Komplexitéit vum Problem an enger vaster, interdisziplinärer Approche Rechnung ze droen. Domat ënnerscheeden se sech weesentlech vun esou spspéideren Studien iwwert Autoritéit wéi deenen vum Stanley Milgram (Obedience to Authority) am Ufank vun de 60er Joren, a vum Philipp Zimbardo (« Stanford Prison Experiment ») aus dem Ufank vun de 70er, dei mat méi oder wéineger monokausal vereinfachten Erklärungsmodeller dem Phänomen vun der Autoritéit bäikommen wollten.