
« Befeelen ass besser wéi Sex », heescht et an engem sizilianeschen Spréchwuert. A wie gär befeelt, deen huet eng Virléift fir Autoritéit an Autoritarismus. Den Autoritären seet : du mëss wat ech well. An du mëss dat, well ech et wëll. Dës Zort vun Autoritéit bedeit also fir d’éischt en Muechtverhältnis, wou een kommandéiert, an di aner follegen. Mä ganz esou einfach ass et awer net. Well zu autoritären Verhältnes gehéieren der mindestens zwee. Zwee déi, wann et net just ëm réi Gewalt geet, duerch en speziellt Verhältnes zur Autoritéit gepräägt sinn.
Op Radio 100,7 lauschteren … »>
Episoden :
- Autoritär. En Iwwerbléck (7. Dezember 2019)
- Di autoritär Massepsychologie (14. Dezember 2019)
- Den autoritäre Charakter (21. Dezember 2018)
- Eng Bannenusiicht vum autoritären Charakter (04. Januar 2020)
- Varianten vun autoritärer Perséinlechkeet (11. Januar 2020)
- Di autoritéitsgebonne Perséinlechkeet (18. Januar 2020)
- Autoritär haut (25. Januar 2020)
Wiirklech héierenswert, mat engem zougänglechen Vokabular an agreabler Stëmm. De Sujet ass (leider) méi wéi heefeg an verdeckt, besonnesch an de Koppelen , oder Elteren/Kanner-bezéiung. Bourreau/victime. Mee ganz schwéier zougänglech. Mir fréen eis op d’Suite/n.
Francine & Henri
Merci ! Ech maache mäin Bescht. 😉