
Am Kontext vun de politeschen Erfolleger vum Faschismus, huet den éisträicheschen Medezinner a Psychoanalytiker Wilhelm Reich sech éischt Gedanken gemaach, iwwert eppes wat hien « autoritären Charakter » genannt huet.
Wéi kënnt et, dat politesch Hetzer do Succès hunn, wou se dach eigentlech missten op Desintresse fale.
De Reich hat eng psychologesch Äntwert op di politesch Fro : an gewëssen Familljen gi bei de Kanner déi Perséinlechkeetsstrukturen ugeluecht, déi se herno empfänglech maachen fir Autoritéit, fir Follegen, an Matmaachen. Verschidde Leit sinn esou psychologesch dozou veranlaagt sech vun Autoritéiten ugezunn ze fillen, och wa se hinnen näischt Guddes bréngen.
(D’Originalausgab vum Wilhelm Reich senger Massenpsychologie des Faschismus vun 1933 fënnt een um Internet Archive op folgender Adresse : https://archive.org/details/Reich_1933_Massenpsychologie_k )
Episoden :
- Autoritär. En Iwwerbléck (7. Dezember 2019)
- Di autoritär Massepsychologie (14. Dezember 2019)
- Den autoritäre Charakter (21. Dezember 2018)
- Eng Bannenusiicht vum autoritären Charakter (04. Januar 2020)
- Varianten vun autoritärer Perséinlechkeet (11. Januar 2020)
- Di autoritéitsgebonne Perséinlechkeet (18. Januar 2020)
- Autoritär haut (25. Januar 2020)