Autoritär (3/7): Den autoritäre Charakter

Erich Fromm (1900-1980)

Wéi de Wil­helm Reich huet och den Erich Fromm geduecht, datt d’Psy­cho­lo­gie vun den Indi­vi­duen e wich­tege Rôle an de gesell­schaft­leche Pro­zes­ser spillt. 

Mee war och drop aus iwwert den Reich eraus ze wei­sen, a wéi fern d’In­di­vi­dual­psy­cho­lo­gie sel­wer vun gesell­schaft­leche Pro­zes­ser bestëmmt gëtt. Tëscht Psy­cho­lo­gie a Gesell­schaft bes­teet zwar en dia­lek­tes­chen Pro­zess, mä an dem Pro­zess behält dat Gesell­schaft­lecht de Vir­rang virun dem Psychologeschen. 

Esou for­mu­léiert de Fromm den auto­ritäre Cha­rak­ter als Arti­ku­la­tioun vun der sozio­lo­ges­cher an psy­cho­lo­ges­cher Dimen­sioun am gesell­schaft­le­chen Sozia­li­sa­tiouns­pro­zess. An och beim Fromm steet hei d’Fa­mill nach emol am Mët­tel­punkt, als Agen­tur vun der Gesellschaft. 

Dem Fromm seng Approche ënner­scheet sech an esou fern och vum Wil­helm Reich sen­ger, dat se net nëm­men méi en vas­ten a reflek­téier­ten theo­re­tes­chen Han­ner­grond huet. Si sëtzt och op zwou grouss uge­luech­ten, mul­ti­dis­zi­plinä­ren empi­resch-sta­tis­tes­chen Stu­dien iwwert d’Aar­bech­ter an d’U­ges­tall­ten an der spéi­der Wei­ma­rer Repu­blik, an iwwert d’Fa­mill an d’Au­to­ri­téit am Ufank vum natio­nal­so­zia­lis­tes­chen Regime. 

Op Radio 100,7 lie­sen a lauschteren … »>


Episoden :
  1. Auto­ritär. En Iwwer­bléck (7. Dezem­ber 2019)
  2. Di auto­ritär Mas­se­psy­cho­lo­gie (14. Dezem­ber 2019)
  3. Den auto­ritäre Cha­rak­ter (21. Dezem­ber 2018)
  4. Eng Ban­ne­nu­siicht vum auto­ritä­ren Cha­rak­ter (04. Januar 2020)
  5. Varian­ten vun auto­ritä­rer Per­séin­le­ch­keet (11. Januar 2020)
  6. Di auto­ri­téits­ge­bonne Per­séin­le­ch­keet (18. Januar 2020)
  7. Auto­ritär haut (25. Januar 2020)