Säit 2002 gëtt en Grupp vun Chercheuren vun der Universitéit vu Leipzig, ennert der Leedung vum Oliver Decker and Elmar Brähler, a mat der Ennerstetzung vun der Heinrich-Böll-Stiftung, all 2 Joer eng grouss Etüd iwwer den Rietsextremismus eraus.
Des Studien situéieren sech zum Deel op der Linn vun de groussen Studien zum Autoritarismus vun der « Frankfurter Schule ». Si benotzen eng aktualiséiert Methodologie fir esou wuel di soziologesch wéi di psychologesch Dimensiounen vum Autoritarismus op d’Spuer ze kommen. An d’Resultater sinn, säit 2002, ëmmer erëm erstaunlech.
D’Editeuren treffen am leschten Sammelband vun 2018 eng wichteg Ënnerscheedung am Begrëff vum Autoritarismus tëscht enger gesellschaftlecher autoritärer Dynamik, déi soziologesch a geschichtlech verstane gi muss, an engem psychologeschen Pendant, deen net einfach mat Léier- oder Verhalenstheoreteschen Approchen ka begraff ginn, mä deen op psychoanalytesch Notiounen zeréck gräife muss. Fir d’Erklären vum autoritären Syndrom muss dann, genau esou wéi d’Studien vun der Frankfurter Schule, den Zesummenhang an d’Wiesselwierkung tëscht autoritärer Dynamik an autoritärem Syndrom eegens aus enger soziologesch Informéierter, psychoanalytescher Sozialisatiounstheorie begraff ginn :
Wie alle Erklärungsmodelle, braucht auch der Autoritarismus beständige Aktualisierung, soll er nicht zum starren Konzept verkommen, in dem die Menschen in »Schafe und Böcke« unterteilt werden (Horkheimer & Adorno […]). Diese Auseinandersetzung muss sich auf die Frage beziehen, welche Autorität die Gesellschaft durchdringt, was ihre Rationalität ist und welche sozialen Widersprüche sich in der Irrationalität der Gesellschaftsmitglieder zeigen.
Decker, O., & Brähler, E. (Hrsg.). (2018). Flucht ins Autoritäre : Rechtsextreme Dynamiken in der Mitte der Gesellschaft : die Leipziger Autoritarismus-Studie 2018. Psychosozial-Verlag.
Och an dëser Studie bleift awer d’Ökonomie eng « zentral Scharnéier », an esou fern si eng abstrakt Identifizéierungsméiglechkeet fir en sekulariséiert « Heilsversprechen » och nach haut duerstellt. An Krisenzäiten kënnen des Abstraktioun an deelweis Sekulariséierung awer erëm an en personaliséiert Verhältnes zu engem charismateschen Leader ëmschloen.
Den Gratifikatiounsopschub (« delayed gratification »), deen de Kapitalismus fir di allermeescht Leit bedeit, an deen ënner normalen gesellschaftleche Bedingungen op d’Gedold an Toleranz vun deenen Benodeelegten rechnen kann, brécht an Krisenmomenter zwar zesummen, mä net esou, dat en einfach an engem ‹revolutionären› Moment zur Iwwerwannung drängen géif. D’Verlaangen no der nämmlechter Gratifikatioun, nom Verspriechen vun der kapitalistescher Ekonomie, deplacéiert sech just vun der Ekonomie op déi Persoun, déi dat Verspriechen schéngt droen ze kennen. Dat mécht den Succès vum Populismus (riets a lénks) aus, deen di Leipziger Statistiken esou iwwerzeegend duerleeë.
Liesen a lauschteren op Radio 100,7 … »>
(Am nämmlechten Kontext, aus enger méi soziologescher Perspektiv : Dörre, K., Bose, S., Lütten, J., & Köster, J. (2018). Arbeiterbewegung von rechts ? Motive und Grenzen einer imaginären Revolte. Berliner Journal für Soziologie, 28(1), 55 – 89. https://doi.org/10.1007/s11609-018‑0352‑z)