1. Wee sinn d‘Klengbierger ? En Iwwerbléck
Eigentlech hätte mer jo sollten vun der Äerd verschwannen, mär Klengbierger. Eigentlech hätt sech de Besetz vun de Produktiounsverhältnesser an den Hänn vun ëmmer manner Groussbierger konzentréieren sollen, an domat ëmmer méi Leit an d‘Proletariat geheien. D‘Proletariat, dat sinn dann déi, di soss näischt méi hunn wéi hir Liewenszäit, déi se zwecks Aarbecht un d’Groussbierger verkafen.
An dann ass et awer net esou komm. De Schock ass eriwwer. Mär maachen d‘Aen grouss op, a kucken ronderëm eis. An do sti mer nach ëmmer, do wunne mer nach ëmmer, a schaffen nach ëmmer, an hunn nach ëmmer eis kléngt Haus, eis kleng Famill, den Auto an de Mupp, oder d‘Kaaz. Mär Klengbierger sinn net verschwonnen.
A verschiddener, déi eis studéiert hunn, mengen esou guer mer wären haut zu méi wéi je virdrun. Wäit ewech dovun an d‘Proletariat gefall ze sinn, schéngt et wéi wann d‘Proletariat an esou guer d‘Groussbiergertum selwer ons Wäerter, ons Weltusiicht an ons Goûten iwwerholl hätten.
Mä wie sinn mär ? Mär d‘Klengbierger ? Wat ass d‘Klengbiergertum ? A wat heescht klengbiergerlech ?
Wa mer op d‘Adjektiv „klengbiergerlech“ kucken, da feelt et ons un Qualitéite wierklech net.
Klengbiergerlech heescht : bieder, klengkaréiert, provënziell, ugepasst, spiesseg, engstirneg, bornéiert, reaktionär, klenglech, schäbeg, penibel oder einfach domm.
Esou hu mer eis wéinstens emol dem Sproochgebrauch opgedrängt
Doraus kënne mer schonn eng éischt negativ Definitioun vum Klengbierger a Klengbiergetum ginn : Klengbierger ass wat kee si well, a Klengbiergertum ass déi sozial Klass zu där keen gehéieren well.
Keen huet Klengbierger gär. Net d‘Aarbechter, net d‘Bierger an d‘Grousbierger, an net emol d‘Klengbierger selwer.
An engem net ganz ironeschen Artikel vun 1976 huet den Hans Magnus Enzensberger de Klengbierger op eng treffend Aart a Weis esou definéiert (meng Iwwersetzung):
„De Klengbierger well alles, mä nëmmen net Klengbierger sinn. Seng Identitéit versicht en net doduerch ze gewannen, dat en sech zu enger Klass bekennt, mä doduerch, dat en sech vun hir ofgrenzt, dat en se verleugnet. Wat hien mat sengesgläichen verbënnt, grad dat streit en of. Gëllen soll nëmmen wat en ënnerscheed : de Klengbierger, dat ass ëmmer de Aneren.“
De Klengbierger, dat ass ëmmer den Aneren. An dat ganz besonnesch fir de Klengbierger selwer.
Domat hu mer emol schonn eppes, an esou guer eppes Wesentleches. Klengbierger sinn heescht an engem Konflikt ma sech a sengesgläichen ze liewen. Mä eleng domat komme mer nach net onbedéngt vill weider an der Äntwert op d‘Fro : wat ass en Klengbierger ?
Versichen mer et mat engem kléngen Questionnaire, esou wéi den Enzensberger dat och an sengem Text mécht :
- Lieft där vun der Rendite vun ären Investissementer vun de Revenuen vu ärem Kapital ? Besëtzt där d‘Produktiounsmëttel mat deem Aarbechter eppes hierstellen ?
- Oder ëmgekéiert : lieft der ausschliisslech dovun, datt der är Aarbechtskraaft, är Aarbechtszäit stonneweis un e Kapitalist verkaaft deen sech Plus-value vun ärer Aarbecht klaut ?
Wann d‘Äntwerten op all dës Froen e klore „Nee“ sinn, da sinn d‘Chance gutt dat der selbstännegen Handwierker sidd, dat der vläicht e kléngen Betrib oder en Buttek hutt, dat der en Salarié sidd, oder en Fonctionnaire oder e Gemengebeamten, oder vläicht en Consultant, en Dokter oder Affekot, oder och nach en Enseignant oder en Journalist, en Techniker oder en Fuerscher, asw. …
Wann der also zu iergend enger vu dësen sozioprofessionellen Kategorien oder enger ähnlecher gehéiert, da sidd där och, léiwen Nolauschterer, grad esou wéi ech, en Klengbierger.
Wann ech mer déi kleng Frechheet elo erlaben däerf : d‘Klengbierger, dat si mär. A Klengbierger, dat ass dat wat mer fir d‘éischt emol net wëlle sinn. Wéi een Klengbierger spiert dat net a sengem déifsten Kär ? D‘Petit-Bourgen, dat sinn dach di Aner : d‘Spiesser, d‘Bierdemänner, d‘Banausen.
Mä loosse mer emol d‘Urdeeler fir en Moment op der Säit, obwuel si zu dëser Klass, wéi mer et nach méi genau gesi wäerten, inherent dozou gehéieren.
Wie sinn, soziologesch gesinn d‘Klengbierger ?
Ursprénglech, soe mer emol am 18ten an 19ten Joerhonnert waren dat di kléng Geschäftsleit, selbstänneg Handwierker, Patroën vun kléngen Familljebetriber mat vläicht 2 oder 3 Ugestallter.
Et ass vun dësen Leit, wou de Marx virausgesot hat, si géifen verschwannen well d‘Stoussrichtung vum Kapitalismus an déi Richtung geet, dat et ëmmer méi Aarbechter ginn, déi ëmmer manner Kapitalisten géigeniwwer stinn. Bis zum Dag vun der grousser revolutionärer Ëmkéierung, wou d‘Iwwerzuel vum Weltproletariat déi wéineg iwwereg bleiwend Kapitalisten enteegent, an selwer d‘Muecht an d‘Hand hëlt.
Dat ass, wéi bekannt net geschitt.
An et gesäit och am Moment nach net duerno aus – ech entschëllege mech fir di heretesch Bemierkung bei mengen revolutionären Frënn – wéi wann dat deemnächst de Fall sollt sinn.
An dat heescht och : déi Klass dotëscht, déi Klass déi duerch Veraarmung zum allergréissten Deel hätt sollen proletariséiert ginn, ass net nëmmen verschwonnen. Ganz am Contraire : fir verschidde Soziologen ass d‘Klengbiergertum esou guer déi Klass, déi sech am meeschten entwéckelt huet.
Den Hans Magnus Enzensberger huet scho Mëtt vun de 70ger bahaapt, dat d‘Klengbiergertum an allen héich industrialiséierten Gesellschaften di kulturell Virherrschaft iwwerholl huet.
An aneren Wieder : d‘Klengbierger, net d’Proletarier oder d’Groussbierger hunn, mindestens kulturell, de Klassekampf gewonnen.
Kucke mer ons di nächste Kéier nach e puer Kritiken vun de Klengbierger un.