Mir Klengbierger (2/7)

2. Klengbierger an der Kritik

Et ass schwéier beim Wuert Kleng­bier­ger net u Qua­li­téi­ten ze den­ken déi mat der Zäit qua­si zu Syno­ny­men goufen. 

Kleng­bier­ger sinn kleng­ka­réiert, bor­néiert, bie­der, eng­stir­neg, kon­ser­va­tiv, verk­lemmt, phi­lis­te­rhaft a pro­vin­zielll. Kleng­bier­ger sinn, anes­cht gesot, Spiiss­bier­ger an Schäin­hel­le­ger. Iwwer eis Kleng­bier­ger gëtt et dofir och bal nëm­men Kri­tik : an der Lite­ra­tur, am Thea­ter, an der wës­sen­schaft­le­cher Literatur. 

An et emol mär sel­wer kën­nen ons auss­toen. Ech zitéie­ren dozou nach emol den Hans Magnus Enzens­ber­ger, deen dëse ënne­ren Kon­flikt genau op de Punkt bruecht huet :

„De Kleng­bier­ger well alles, nëm­men net Kleng­bier­ger sinn. Seng Iden­ti­téit ver­sicht hien net doduerch ze gewan­nen, dat en sech zu enger Klass bekennt, mä doduerch dat en sech vun hir ofgrenzt, dat en se verleugnet.“

Als Kleng­bier­ger ass et mer enorm wich­teg anes­cht ze sinn, jo bes­ser ze sinn wéi si, di kleng­ka­réiert, schäin­hel­leg Spiis­ser. Dat ass mäin fei­nen Ënnerscheed.

De fran­séi­schen Sozio­log Pierre Bour­dieu, een vu eis, huet dat esou aus­ge­dréckt, dat ons eng Bereet­schaft zum Bluff an zum Usur­péie­ren qua­si vu Gebuert aus mat­ginn ass. 

Wat och ëmmer sozial Iden­ti­téit heesche mag, fir eis ass sozial Iden­ti­téit ëmmer fir d‘éischt de Ver­such d‘Sein, d’Sinn duerch de Schäin ze iwwerhuelen. 

Ma onse Schäin kënnt mat engem Risi­ko : onse Schwin­del, onse Bluff kann zu all Moment opfléien. An de Präis dovun ass deen vun enger undauern­der Ang­scht, am Hannergrond. 

Ang­scht eppes falsch ze maa­chen, Ang­scht eppes ze ver­pas­sen, ons eppes umier­ken ze loos­sen ; eppes dat weise kënnt, dat mer guer net esou sou­verän, guer net esou schlau oder gebilt, guer net esou räich oder wel­ter­fah­ren sinn, wéi mer dat gären an den Aen vun dee­nen Ane­ren wären.

Dofir musse mer all Moment oppas­sen wéi Spëtz­bou­wen wat fir een Androck mer dann elo no baus­sen hin ginn. Mär mus­sen d‘Ausdréck an d‘Reaktiounen vun dee­nen Ane­ren ono­phalt­sam, a virun allem onmierk­bar préiwen. 

Den ame­ri­ka­nes­chen Sozio­log Erving Goff­man huet dofir en ganz flot­ten Aus­drock erfonnt. Hien huet dat „the arts of impres­sion mana­ge­ment“ genannt. Op gutt lët­ze­buer­gesch : d‘Konscht vum Androck maachen. 

Net dat d‘Memberen aus dee­nen ane­ren Klas­sen déi Kon­scht net och am All­dag bräich­ten a prak­ti­zéie­ren géi­fen. Awer fir eis Kleng­bier­ger ass se ganz beson­nesch wich­teg, fir net ze soen lie­wens­wich­teg. Fir eis ass et eng Fro vun der per­séin­le­cher Iden­ti­téit. Dofir si mer gez­won­gen eis mat allen Mët­te­len duer ze stel­len wéi Groussbierger. 

Dozou den däit­schen Sozio­log Robert Schäfer :

„Fir iwwe­rhaapt Chan­cen zum gesell­schaft­le­chen Ops­tig ze hunn, muss de Kleng­bier­ger sech pre­ten­tiös verha­len. Hie muss esou maa­chen, als wär dësen Ops­tig schonn ges­chitt, esou wéi wann hie sel­wer méi grouss, méi héich a méi wär, wéi en eigent­lech ass. An engem Wuert : hie muss heichstapelen.“ 

D‘Konscht vum Androck maa­chen ass bei eis also d‘Konscht vun der Hochs­ta­pe­lei. A wéi den Goff­man dat flott duer­ges­tallt huet, ass déi Kon­scht och zum grous­sen Deel d‘Konscht Inci­den­ten, Gaf­fen a Faux­pasën ze evitéieren. 

Fir eis sinn Faux­pa­sen ëmmer gläich­be­dai­tend mat Ernid­dre­gung, Humi­lia­tioun a Lächer­le­ch­keet. Selbst­verständ­lech seet keen esou gär, an esou oft an esou schein­bar iwwer­zeegt wéi mär, dat di Aner ons ganz egal sinn. 

Mä mär spie­ren et, wa mer ganz éier­lech sinn, bis an de Kär vun onser Séil dat mer mat der gud­der Mee­nung vun dee­nen Ane­ren onst Wie­sen sel­wer verléieren. 

Mä wéi kënne mer dat vermeiden ?

Een gud­den Trick ass et ëmmer nëm­men ënner Leit ze blei­wen déi mer scho ken­nen, an déi ons scho ken­nen. „Loka­lis­mus“ nennt d’So­zio­lo­gie dat. Mär blei­wen an onsem klén­gen Klib­chen oder Dierf­chen wou onst Spill wuel ages­pillt ass, an Tëschefäll extrem geréng sinn.

Mä et gëtt nach eng bes­ser Léi­sung, déi lei­der net allen Kleng­bier­ger zur Verfü­gung steet, déi sech awer wéi en bal onver­wond­baart Immun­sys­tem iwwer onst Spill leet. Dës Léi­sung ass d’Geld. 

Dat hat en Tréie­rer Kleng­bier­ger, een vun onsen bekannts­ten Klas­semëm­be­ren, schonn virun iwwer 150 Joren esou prä­zis a sen­gen paräi­ser Manus­krip­ter for­mu­léiert, dat mer och haut nach näi­scht drun ze ver­bes­se­ren brauchen :

Was durch das Geld für mich ist, was ich zah­len, d.h., was das Geld kau­fen kann, das bin ich, der Besit­zer des Geldes selbst. So groß die Kraft des Geldes, so groß ist meine Kraft. Die Eigen­schaf­ten des Geldes sind meine […] Eigen­schaf­ten und Wesens­kräfte. Das, was ich bin und ver­mag, ist also kei­nes­wegs durch meine Indi­vi­dua­lität bes­timmt. Ich bin häß­lich, aber ich kann mir die schönste Frau kau­fen. Also bin ich nicht häß­lich, denn die Wir­kung der Häß­li­ch­keit, ihre abschre­ckende Kraft ist durch das Geld ver­nich­tet. Ich – mei­ner Indi­vi­dua­lität nach – bin lahm, aber das Geld ver­schafft mir 24 Füße ; ich bin also nicht lahm ; […]

Den inter­es­sants­ten Gebrauch vum Geld fir eis ass also net deen vum Kapi­tal, dat just dofir do ass nach méi Geld ze generéieren. 

An et ass och net ein­fach deen vum Kon­sum, deen Bedürf­nis­ser oder Wënsch befrid­de­gen soll. 

Geld déngt eis virun allem dem Gel­tungs­kon­sum. Dat hees­cht dir Zort vu Kon­sum mat deem ech demons­tréie­ren kann wien a wat ech sinn. 

Méi all­ge­meng for­mu­léiert : Geld erlaabt mer dee Kon­sum deen no baus­sen hin mäin sozia­len Sta­tus weist. An dat geet scho ganz kloer aus dem Marx-Zitat ervir. 

Kuerz gesot : ech sinn wat ech kafen. A wat ech kafen ass meng sozial an esou guer meng mën­schlech Identitéit. 

Den décken Auto, d’Mar­kek­lee­der, di deier Auer sinn di bes­ch­ten Beroue­gung­spël­len géint ons Statusangscht.

An di nächste Kéier ver­siche mer ze kucken wou dat alles hierkënnt.