
D’Politik vun de Klengbierger ass net esou liicht ze faassen, wéi et de Stereotyp vum konservative Spießbürger schénge léisst. En fait sinn déi politesch Orientéierungen vun de Klengbierger geschichtlech variabel.
An trotzdeem begënschtegt hir Positioun am soziale Raum haut och nach eng Rei vun Orientéierungen, déi een als Klengbiergertypologie faasse kann. Et kann een hei dräi grouss Gruppe vun politeschen Orientéierungen ausmaachen, vun deenen ee Grupp eng villverspriechend Zukunft viru sech ze hu schéngt.