Eigentlech, esou eng bekannt Virausso aus dem 19ten Joerhonnert, sollten Klengbierger als sozial Klass lues a lues verschwannen. D’Zukunft, esou des Iddi, gëtt bestëmmt vum Kampf tëscht Proletarier an Groussbierger. Bekanntlech ass et net esou komm. Oder net esou wéi d’Auteuren vun dëser Virausso – de Marx an den Engels – dat geduecht haten. Klengbierger sinn net nëmmen net aus der Geschicht verschwonnen, mä verschidden Soziologen mengen esou guer dat si di Kulturell Virherrschaft iwwerholl hunn.
Klengbiergertum kann also méi bezeechnen wéi eng sozial Klass. Et charakteriséiert sech och duerch eng Welt- a Liewensopfaassung, an fir veschidden Auteuren esou guer duerch eng ganz bestëmmten Zort vu Psychologie.
Klengbierger sinn eng Zort vu gesellschaftlechen Tëschenwiesen, weder Aarbechter nach Groussbierger, mä e bëssen vu béidem. Esou liewen Klengbierger mat engem déiwen Onbehagen : e Klengbierger wëllt net Klengbierger, an dreemt dovun emol Groussbierger ze ginn, oder en stellt sech vir et schonn ze sinn. Doraus verstoen sech dann och, ënner anerem, di variabel politesch Affinitéiten vun de Klengbierger.
1. Wie sinn d’Klengbierger ? En Iwwerbléck (4. Dezember 2018) [Audio] [Manuskript]
Den Numm ass kee Kompliment : Klengbierger, am Géigesaz zu den sougenannten Mëttelklassen oder Mëttelschichten, ass en Diminutiv. Kleng Bierger si mannerwäerteg Bierger déi gären esou wären oder gären esou maachen wéi di Grouss. An dat heescht och ; Klengbierger sinn dat wat eigentlech kee si wëllt. Virun allem net d’Klengbierger selwer. Am 19ten Joerhonnert gouf virausgesot d’Klengbierger géifen als sozial Klass verschwannen. Mä an den 1970er Joren huet den Hans Magnus Enzensberger festgestallt, dat d’Klengbiergertum, ganz am Contraire, an de westlechen Gesellschaften di kulturell Virherrschaft iwwerholl huet.
2. Klengbierger an der Kritik (11. Dezember 2018) [Audio] [Manuskript]
De Begrëff vum Klengbierger selwer kléngt net nëmmen wéi eng Kritik ; et ass et schonn. Et geet duer sech d’Synonymmer unzekucken wéi Spiissbürger oder Biedermann, oder Philister fir sech drun ze erënneren dat et net agreabel ass en Klengbierger ze sinn. Dofir ass och dat éischt Gebot vum Klengbierger alles ze maachen, dat een him de Klengbierger net umierkt. An dat bedeit oft eng haart Aarbecht um äusseren Erscheinen. Mä zum Gléck ginn et do e puer flott Léisungen. Besonnesch d’Geld wierkt do bal Wonner.
3. Eng kuerz Geschicht vum Klengbiergertum (18. Dezember 2018) [Audio] [Manuskript]
Wann een sech d’Geschicht vum Klengbiergertum ukuckt, besonnesch déi vum traditionelle Klengbiergertum am 19ten Joerhonnert, dat fält engem séier op, dat d’Kritiken vun de Klengbierger sech meeschtens nëmmen op ë puer wéineg Aspekter konzentréieren. Hier gesellschaftlech Tëschenpositioun huet och e puer méi iwwerraschend Aspekter, déi gären vergiess ginn. Klengbierger waren net nëmmen Spiisser, mä haten och e puer interessant sozial, ekonomesch an esou guer politesch Qualitéiten. D’Klengbiergertum war net vun Ufank un reaktionär oder esou guer ëmmer politesch riets.
4. Di nei Klengbierger (8. Januar 2019) [Audio] [Manuskript]
Am 20ten Joerhonnert ginn déi traditionell Klengbierger zwar ëmmer méi seelen. Mä donieft hu sech nei Aarten vu Klengbierger ausgebilt déi elo virun allem an den Déngschtleeschtungs- a Verwaltungsberufferberuffer. Aus deem Grond si Klengbierger dann net méi aus der Perspektiv vun der marxistescher Klassenanalys ze faassen. Wat awer charakteristesch bleift, dat ass hiren Habitus : hiren Liewensstil, hir Wäerter an Normen a ganz besonnesch hire Rapport zur Kultur. Kultur ass fir Klengbierger e Wäert oder e Besëtz deen dozou déngt sech gesellschaftlech ze distinguéieren.
5. D’Séil vun de Klengbierger (15. Januar 2019) [Audio] [Manuskript]
Als Klengbierger gëtt een net gebuer, zum Klengbierger gëtt en gemaach. An dobäi spillen net nëmmen ekonomesch Facteuren eng Roll. Besonnesch bei den neien Klengbierger, déi sech net méi einfach duerch ekonomesch a sozio-professionell Kategorien faasse loossen, ginn aner Bestëmmungen wiesentlech. An och psychologesch stinn Klengbierger an engem déiwen Konflikt tëscht Uspréch sozial ze klammen, an den Ängschte et awer net ze packen, tëschent musse maache wéi wann, a wëssen dat et nach net esou ass, tëscht dem Liewensideal. deen di héijer sozial Schichten duerstellen, an eiser Situatioun déi deem dach ni entsprécht.
6. D’Sozialpsychologie vum Klengbierger (22. Januar 2019) [Audio] [Manuskript]
Als Kanner an enger Klengbiergerfamill gi mer grouss mam séchere Gefill, dat mer eppes Besseres gi sollen wéi ons Elteren. Si weisen eis a wéi eng Richtung et geet, an och wa mer eis dogéint striewen an alles maachen fir net esou ze ginn wéi si, bleiwe mer der Richtung dach ëmmer trei. Well och fir eis heescht net esou ze ginn wéi si eppes Besseres ze ginn. An esou reproduzéieren mer eis als gesellschaftlech Schicht vun Klengbierger, ëmmer anescht, an anzwousch dach ëmmer gläich. Mär striewen no eppes anerem an dach wäerte mer bleiwe wat mer sinn. Vläicht och well et am Fong dat ass, wat mer wierklech wëllen …
7. D’Politik vun de Klengbierger (29. Januar 2019) [Audio] [Manuskript]
D’Politik vun de Klengbierger ass net esou liicht ze faassen wéi et den Stereotyp vum konservativen Spießbürger schéinen léisst. En fait sinn di politesch Orientéierungen vun de Klengbierger geschichtlech variabel. An trotzdeem begënschtegt hir Positioun am sozialen Raum haut och nach eng Rei vun Orientéierungen déi een als Klengbiergertypologie faasse kann. Et kann een esou 3 grouss Gruppen vun politeschen Orientéierungen ausmaachen, vun deenen een Grupp eng villverspriechend Zukunft viru sech zu hu schéngt.