3. Eng kuerz Geschicht vum Klengbiergertum

Éier mer eis d‘Geschicht vun de Klengbierger ukucken brauchen mer en praktiablen Begrëff vum deem wat Klengbierger iwwerhaapt sinn.

Fir mam Einfachsten unzefänken: d‘Klengbiergertum bezeechent eng sozial Klass. An do geet leider de Misär scho lass. Net nëmmen well et eng ganz Rei vu verschidden Begrëffer vun sozialer Klass ginn, mä och well et Kritiken un der Iddi selwer vun der sozialer Klass ginn. An esou guer bei deenen Soziologen, Historiker an Anthropologen, déi sech op e gemeinsamen Klassenbegrëff eenegen kënnen, gëtt et net ëmmer en Konsens doriwwer wat Klengbierger als Klass duerstellen.

Komplizéieren mer eis dofir d‘Saach net, an hale mer ons fir dësen kuerzen geschichtlechen Iwwerbléck un eng klassesch Definitioun. Och wann se net an allem Ausmooss an zu 100% zoutrefft, esou schéint se dach eng ganz Rei vu Saachen richteg ze treffen.

Fir et ganz séier ze maachen, a fir op deen Denker zeréck ze goen deen dem Begrëff vun sozialer Klass en entscheedenden Impuls ginn huet – de Karl Marx -, kann een ënnerscheeden tëscht Leit déi näischt besetzen ausser der Zaït, an dir se schaffe kënnen, an deene Leit déi Fabricken an Gebaier besetzen, an deenen di éischt schaffe kënnen. Fir Suen ze verdéngen, an iessen a wunnen ze kënnen, sinn déi di näischt hunn forcéiert hir Zäit an hir Aarbechtskraaft un déi Leit ze verkafen, déi hinnen d‘Geleeënheet kënne ginn ze schaffen. Dat kléngt wéi en fären Deal, mä do ass bekanntlech en kléngen Hoken dobäi.

De Proprietär vun der Fabrick kann bestëmmen ënner wat fir engen Bedingungen bei him geschafft gëtt. An eng vun deenen amüsanten Bedingungen déi sech esou Besëtzer ausgeduecht hunn, ass, dat se deenen déi fir si schaffen just en kléngen Deel vun deem Wäert ausbezuelen deen se erschaffen.

An do hätte mer di zwou ausschlaggebend Klassen fir de Marx: den Aarbechter oder Proletarier op der enger Säit, an de Kapitalist, oder de Bourgeois op dir anerer. An tëschent deenen zwee herrscht e Muechtverhältnes vun Dominatioun an Ausbeutung.

An d‘Klengbierger? Nun, wéi den Numm et undeit ass de Klengbierger eng Variant vu Bierger. D‘Kritik ass schonn an Numm mat dran: Klengbierger si kleng Bierger. Si hunn ë bëssen Besetz a kënnen eventuell den een oder aneren Aarbechter ustellen, mä si mussen och selwer bei der Aarbecht mat upaken.

Dofir fënnt een se an der politescher Geschicht dann och emol op der Säit vun der Bourgeoisie a vun der Ausbeutung, oder wann et se besser arrangéiert, op der Säit vun den Aarbechter, an esou guer de Sozialisten. Klengbierger sinn net ëmmer konservativ oder reaktionär, et gëtt och eng Traditioun vu klengbiergerlechem Sozialismus. Dofir hat de Marx och en Numm: Klengbiergersozialismus huet hien Sozial-Demokratie genannt.

Dat „aalt“ Klengbiergertum, am 19ten Joerhonnert, bestoung virun allem aus Handwierksmeeschter mat klengem Betrib oder Butteksbesëtzer. De Bäcker vum Duerf oder vum Staatvéierel, de Metzler, de Schmadd, de Schräiner, den Cafetier oder och den Epicier : dat sinn déi ursprénglech Klengbierger.

Klengbierger sinn dofir ëmmer déif am Duerfliewen oder am Staatvéierel verankert. Si hu just Accès op de lokalen Maart, op lokal Clienten. Dofir sinn esou Wäerter wéi d‘Famill, de klénge Besëtz, d‘Eierlechkeet, d‘Vertrauen, moralesch Unerkennung an d‘Bekanntschaft mat den Leit aus der Géigend fir d‘Klengbierger wesentlech.

Hei falen Besetz, Famill, Wunnen a Schaffen ëmmer zesummen. D‘Mentalitéit vum Klengbierger passt op déi sozial Verhältnesser, an op déi lokal Interessen am Kontext vun deene hien schafft a lieft.

Klengbierger funktionéieren also och an enger Wirtschaftsform, déi (nach) net dem Kapitalismus entsprécht: eng Wirtschaftsform déi den engleschen Historiker E.P. Thompson „moralesch Ekonomie“ genannt huet.

Moralesch Ekonomie ass typesch fir lokal Gemeinschaften, e Verhältnes wou d‘Ekonomie op gedeelten moraleschen Wäerter a Virstellungen, an net just récksiichtlos op rengem Gewënn baséiert. Dat kléngt op der enger Säit ganz flott, mä et ergëtt op der anerer Säit och dat verstockten Kierchturemsdenken, de Lokalpatriotismus, d‘Verteidegen vu de klengbiergerlechen Familljewäerter, vum klengem Besëtz a vun der Selbststännegkeet.

Heiraus gesäit een schonn firwat d‘Klengbiergertum duerno en gefonnend Friessen Nationalsozialisten, d‘Poujadisten an d‘Populisten ginn.

Mä Klengbierger emol vun der anerer Säit betruecht droen och dozou bäi eng Zort vun ëffentlecher Sphäre ze schafen, déi wäit iwwer di bourgeois Salonen eraus geet, an deenen den Habermas eng wesentlech Roll am Entstoen vun der moderner Demokratie gesinn huet.

Beim Bäcker, beim Metzler, an der Epicerie a virun allem am Kafé gëtt net nëmmen kaf, an consomméiert, mä och diskutéiert a kritiséiert. D‘Butteker vun de Klengbierger sinn och Uerter wou sech eng ëffentlech Meenung ausbilt, a formuléiert.

Duerch hir Ofhängegkeet vum lokalen Maart, duerch d‘Onméiglechkeet gréisser Kreditter ze kréien fir d‘Betriber an Richtung Kapitalismus ze entwéckelen, doduerch och dat hir Existenz komplett vum Verhältnes zu hiren Clienten ofhoung war d‘Alldagserfahrung vun de Klengbierger am Ufank méi no un deem vun den Aarbechter, wéi deen vun de Groussbierger an den Aristokraten.

Eréischt géint Enn vum 19en Joerhonnert evoluéiert d‘Klengbiergertum zu neien Aarbechten a Sozialverhältnesser zu dem Verwaltungs- an Déngschtleeschtungsberäich. An an deem Moment fänkt d‘Klengbiergert um sech verstäerkt un den Wäerter an un Geschmaach vun de Groussbierger ze orientéieren. Hei fänkt dat un, wat da spéider am 20ten Joerhonnert zur typescher klengbiergerlechen Hochstapelei sech entwéckelt.