Déi sozial Leeder eropklammen ass net selbstverständlech. Déi Betraffen haten dacks eng ganz Rëtsch u gesellschaftlechen a psychologesche Barrièren ze iwwerwannen.
A wa si dann « ukomm » sinn, fille si sech néierens méi richteg doheem. Virun allem bilde si d’Ausnam vun der Reegel, nämlech datt een aus der sozialer Klass vun den Elteren net erauskënnt.
Déi franséisch Philosophin Chantal Jaquet huet sech mam Phenomen vun den « transclasses » auserneegesat. De Michel Delage an den Thierry Simonelli diskutéieren iwwer « Les Transclasses ou la non-reproduction » (PUF) an iwwer de Sammelband « La Fabrique des transclasses » (PUF).