
Als Klengbierger gëtt een net gebuer, zum Klengbierger gëtt ee gemaach. An dobäi spillen net nëmmen ekonomesch Facteuren eng Roll. Besonnesch bei den neie Klengbierger, déi sech net méi einfach duerch ekonomesch a sozio-professionell Kategorië faasse loossen, ginn aner Bestëmmunge wesentlech. An och psychologesch sti Klengbierger an engem déiwe Konflikt tëschent Uspréch sozial ze klammen, an den Ängschten et awer net ze packen, tëschent musse maache wéi wann, a wëssen, datt et nach net esou ass, tëschent dem Liewensideal, deen déi héijer sozial Schichten duerstellen, an eiser Situatioun, déi deem dach ni entsprécht.