Mir Klengbierger (5/7)

5. D‘Séil vum Klengbierger

Wann mär Kleng­bier­ger net ver­sch­won­nen sinn, mä ganz am Contraire eis kul­tu­rell als sozial Klass, oder min­des­tens als sozial Schicht impo­séiert hunn, da gëtt et inter­es­sant ze kucken wéi mer gemaach ginn. 

Dat wär also d‘Fro wéi sech sozial Klas­sen repro­du­zéie­ren. Sozial Repro­duk­tioun hees­cht, dat et sta­tis­tesch gesinn méi wahr­schein­lech ass, dat en Kand vun Aar­bech­ter sel­wer en Aar­bech­ter gëtt, dat en Kand vu kleng­bier­ger­le­chen Elte­ren sel­wer Kleng­bier­ger gëtt. Pro­ba­bi­li­téit ass awer eppes anes­cht wéi strik­ten Deter­mi­nis­mus. Et gëtt also och Beweegungsspillraum.

Wa mer vun engem verein­fach­tem Verständnes vum Marx aus­ginn, da sinn et ëmmer just di eko­no­mesch Bedin­gun­gen, déi d‘Widderhuelung vun den bes­toen­den Verhält­nes­ser bestëm­men. Ganz esou ein­fach ass et awer net. Och wann di eko­no­mesch Bedin­gun­gen en wesent­le­chen Deel vun der Repro­duk­tioun sinn, esou spillen och nach nout­wen­neg kul­tu­rell, sozial an och psy­cho­lo­gesch Fac­teu­ren mat. An déi aner Fac­teu­ren si beson­nesch wich­teg wann, wéi et bei der Kate­go­rie vun den neien Kleng­bier­ger de Fall ass, di eko­no­mesch Basis äus­serst varia­bel si kann. 

Wann et Kleng­bier­ger esou wuel bei den Dok­te­ren an den Affe­ko­ten, wéi bei den klen­gen Uges­tall­ten an esou guer den Aar­bech­ter gëtt, dann ass weder d‘Akommes nach d‘Positioun am Pro­duk­tiouns­pro­zess en ausräi­chen­den Fak­tor fir d‘Reproduktioun vum Kleng­bier­ger ze erklä­ren. E Grond fir­wat strikt Mar­xis­ten dann och déi ganz Kate­go­rie ein­fach ofleh­nen. Heians­do kann eben och de Mar­xis­mus der Rea­li­téits­ver­wei­ge­rung déngen. 

Werfe mer also emol e kuerze Bléck op eis Kleng­bier­ger-Séil. Wann een net als Kleng­bier­ger gebuer ass, mä dozou gëtt, da spillt d‘Sozialiséierung also eng ent­schee­dend Roll. Indi­viual­psy­cho­lo­gie ass dofir vun Ufank un och gläi­chzäi­teg Sozial­psy­cho­lo­gie. (Dat war elo en Pla­giat, well dee Saz ass vum Freud, net vu mär.)

A wann Idi­vi­dual­psy­cho­lo­gie och en Stéck Sozial­psy­cho­lo­gie ass, da musse mer kucken wat spe­zi­fesch ass fir eis Sozia­li­séie­rung als Kleng­bier­ger, a wat net esou, oder net an deem Aus­mooss bei ane­ren sozia­len Klas­sen existéiert.

Ganz grob gekuckt : sozial sët­zen mär Kleng­bier­ger tëscht de Still. Mär Kleng­bier­ger sinn eng Klass déi dem stän­nege Wan­del aus­ge­sat ass. Wien net oppasst oder Pech huet, kann séier dek­las­séiert ginn. Ier­gend­wou drot ëmmer den Abroch vun eisem sozia­len Sta­tus. A wann net an der Rea­li­téit, dann 

Zwou Léi­sun­gen schén­gen ons dofir un Ufank un impo­séiert : ent­we­der alles maa­chen fir dat alles beim Alen bleift an näi­scht sech beweegt, mä dat geet mees­ch­tens net méi duer, oder bes­ser nach : wei­der kom­men, no uewen, eppes Bes­seres ginn.

Pro­le­ta­rier hu keng oder wéi­neg Pers­pek­ti­ven zum sozia­len Ops­tig. Also spillt de ver­kramp­fen Kampf ëm sozia­len Ops­tieg kee Rôle. 

An Grouss­bier­ger ? Jo déi brau­chen näi­scht Bes­seres ze ginn, an och net ze fäer­ten dek­las­séiert ze ginn. Dofir kën­nen si ganz ents­paant mat hiren sozia­len Posi­tiou­nen ëmgoen. Dat ergëtt dann draï ganz ver­schid­den Zor­ten vun Sozialiséierungen. 

D‘Sozialiséierung vum Kleng­bier­ger ass duerch en déi­wen Kon­flikt cha­rak­te­ri­séiert : op dir enger Säit gi mer dozou erzunn d‘Traditiounen, d‘Iwwerzeegungen, d‘Ideologien an d‘Liewensformen vun eisen Elte­ren ze reproduzéieren. 

An op der ane­rer Säit stinn di eko­no­mesch Neces­si­téi­ten, déi sech vu Baus­sen opdrän­gen. Kleng­bier­ger kën­nen, grad esou wéi­neg wéi Pro­le­ta­rier drop ver­trauen dat hir Situa­tioun sech bes­se­ren oder wéins­tens sta­bel blei­wen wäert. Mä do et bei Kleng­bier­ger kee Klas­se­be­wosst­sinn gëtt, also och keen gemein­sa­men poli­tes­chen Kampf, mä just den indi­vi­dua­li­séier­ten Ver­such sech vun den Aar­bech­ter an den ane­ren Kleng­bier­ger ofze­gren­zen, sëtzt d‘Ohnmachtsgefill bei eis des­to méi déif. 

Dat bës­sen Séche­rheet dat mer fan­nen, fanne mer doran esou gutt wéi méi­glech Grouss­bier­ger nozeah­men, déi ons als Lie­wen­si­deal dén­gen. Et funk­tio­néiert bal wéi de Gla­wen un ver­schidde For­men vu Magie : wa mer esou maache wéi wann, wa mer eis esou ginn als ob, da gi mer et och eng Kéier a Wirklechkeet. 

„Posi­tiv Psy­cho­lo­gie“ an d‘Méthode Coué – wien wierk­lech dru gleeft an sech déi Iwwer­zee­gung all Dag wid­de­rhëlt, dee wäert et scho schaf­fen – si bei ons den Ersatz fir poli­tesch Praxis. 

Well esou bal mer reven­di­quéie­ren géi­fen, géif ons schéi glat Fas­sade, onse Bluff vun der Reus­site jo opfléien : wien reven­di­quéiert weist seng Bedürf­teg­keet. Also musse mer schéi roueg a fein blei­wen, wéi wann alles a Bot­ter wär. 

Mä grad esou wéi just den andauern­den oder unha­len­den Wuess­tem de Pro­fit an enger kapi­ta­lis­tes­cher Eko­no­mie garan­téiert, grad esou esou kenne mär Kleng­bier­ger eis just mat onsen klen­gen Pri­vi­le­gien iwwer Waa­ser halen, wa mer dauernd no Bes­se­rem strie­wen : méi Suen, méi Saa­chen, bes­ser Pos­ten, méi Tite­len, méi Uner­ken­nung … Dich­teg, dichteg.

Natier­lech komme mer ni bei den Grouss­bier­ger un. Also kann onst Strie­wen ni opha­len. An dat musse mer als Kan­ner scho léieren. 

A fir wei­der ze kom­men si mer op di aner uge­wi­sen : déi schonn méi ver­dén­gen, oder méi héich an der Hie­rar­chie stinn, méi Tite­len hunn. Un deene musse mer eis orien­téie­ren, an nëm­men dee­nen hir Uner­ken­nung kann eis wei­der hëllefen. 

Dofir musse mer ëmmer dee­nen, déi iwwer eis stinn – real oder ima­ginär – wei­sen dat et mer wäert sinn, vun hin­nen uner­kannt ze ginn, vun hin­nen gehol­lef ze kréien. 

Wien vun eis huet se net an säin Gehir age­brannt kritt, déi schéi For­mel : „maach ewéi de Leit, da geet et der wéi de Leit“. 

Gemengt sinn domat virun allem di anstän­neg Leit, an déi dich­teg Leit. Si deci­déie­ren iwwer onst Schick­sal, si wei­sen ons wie mer sinn.