Mir Klengbierger 7/7

6. D‘Politik vun de Klengbierger

Wou kom­men poli­tesch Iwwer­zee­gunge, wou kom­men poli­tesch Orien­ta­tiou­nen, a wou kënnt iwwe­rhaapt en Inter­esse oder Desin­tresse u Poli­tik hir ?

Änt­wer­ten op déi Froen fël­len Bicher. Ech wëll just e puer Aspek­ter dovu kuerz beliich­ten, a beson­nesch den Rap­port tëscht sozia­ler Klass a Sozial­cha­rak­ter am Aa beha­len. Als Sozial­cha­rak­ter kann een deen Deel vu der Per­séin­le­ch­keet bezeech­nen, deen am Géi­ge­saz zum Indi­vi­dual­cha­rak­ter duerch an duerch vum sozia­len Ëmfeld gepräägt gëtt. 

Deen Rap­port soll awer net ein­fach deter­mi­nis­tesch geduecht ginn. Sozial­cha­rak­ter an poli­tesch Astel­lun­gen sinn net onbe­déngt a ëmmer nëm­men fir­bestëmm­ten a friem­bestëmm­ten Wid­ders­pig­ge­lun­gen vum Milieu. Soen mer, wann och ë bës­sen méi vague, dat Klas­sen-Zou­ge­héie­reg­keet a sozial Posi­tioun ver­schid­den Cha­rak­ter­zich a poli­tesch Astel­lun­gen op alle Fall begënschtegen. 

Reka­pi­tu­léie­ren mer vu hei aus e puer séi­lesch a sozial­psy­cho­lo­gesch Aspek­ter vum Klengbierger.

D‘Bäibehalen vu ges­chicht­lech oft datéier­ten Wäer­ter an Nor­men wéi Uerd­nung, Spuer­sam­keet, Flicht, Séche­rheets- a Sta­tuss­trie­wen, Aar­bechts­mo­ral – et héiert een scho bal eppes vum Freud sen­gem Anal­cha­rak­ter hei uklén­gen –, an zur gläi­cher Zäit d‘Idealiséierung vun net vers­ta­ne­nen, well net gelief­ten Wäer­ter an Nor­men vun der Bour­geoi­sie, späert d‘Klengbierger an en ste­reo­ty­pes­cht Den­ken an Han­de­len an, dat se vum Gesell­schafts­pro­zess entfriemt.

Kleng­bier­ger gou­fen mat der Zäit ëmmer méi aus hirer tra­di­tio­nel­ler Posi­tioun am Pro­duk­tiouns­pro­zess ausgeschloss. 

E kon­kret Beis­pill : fir en Hand­wier­ker war et selbst­verständ­lech seng Wue­ren vun Ufank bis zum Schluss hier­zes­tel­len. Mä do ëmmer méi Pro­duk­tiouns­beräi­cher vun der Indus­tria­li­séie­rung iwwe­rholl gou­fen, gouf den Hand­wier­ker ëmmer méi aus dem Pro­duk­tiouns­pro­zess aus­ges­chloss. Hie fënnt sech letz­tend­lech zréck­ge­drängt op Ins­tal­la­tioun oder Repa­ra­tu­raar­bech­ten, oder den ein­fa­chen Ver­kaf vu Wue­ren déi hien net sel­wer pro­du­zéiert huet.

Déi Zort vun Entwé­ck­lung, gëllt nach a verstäerk­tem Moos fir d’K­leng­bier­ger am Ver­wal­tungs- an Ser­vi­ce­beräich, oder am d‘Berufsbeamtentum. Och si gou­fen géi­ge­niw­wer der pro­gres­si­ver büro­kra­tes­cher ‚Ratio­na­li­séie­rung‘ op ëmmer méi kleng Aar­bechts­beräi­cher ages­chränkt, an och si waren letz­tend­lech just nach Aus­féie­rer vun frag­men­ta­res­chen Aar­bech­ten ouni Verständ­nis fir de Gesamtvirgang.

Doraus ents­tinn déi esou, och nach fir eis Kleng­bier­ger vun haut, cha­rak­te­ris­tesch Äng­schte : Sta­tu­sang­scht, irra­tio­nal Exis­ten­zang­scht, Näid, Jalou­sie – di Schimmt, di Ver­leeën­heet, di Min­der­wer­teg­kets­ge­filler an och di latent Aggres­si­vi­téit, déi bei eis ëmmer an Han­ner­grond laueren. 

Aus deene ver­schid­de­nen Zich kënnt een sech schonn e puer Hypo­thee­sen iwwert di poli­tesch Orien­téie­rung vun Kleng­bier­ger aus­den­ken. Nach méi inter­es­sant gëtt et awer wann een hei empi­resch Stu­dien zu Hël­lef hëlt.

Di däitsch Sozio­lo­gin Sabine Kude­ra huet eng ganz Rei vu Stu­dien zu dem The­ma verëf­fent­lecht a gewi­sen wéi sech aus dir bes­chriw­we­ner Kons­tel­la­tioun eng kleng poli­tesch Typo­lo­gie kris­tal­li­séie­ren léisst.

Kucke mer just dräi grouss poli­tesch Kleng­bier­ger­po­si­tiou­nen un, wéi se sech aus dësen Ana­ly­sen erginn : deen vun der Ongläi­ch­heets­kri­tik, deen vum Kon­for­mis­mus, an deen vun der Randgruppenkritik. 

(1) Den Kleng­bier­ger­ty­pus deen sech poli­tesch duerch Kri­tik vun der sozia­ler Ongläi­ch­heet cha­rak­te­ri­séiert ass an den Etü­den net nëm­men deen am mannst ver­true­den, mä och deen am manns­ten ste­reo­ty­pesch kleng­bier­ger­le­chen. Hei fënnt een nach eppes vun aus­for­mu­léier­ten poli­tes­chen Gedan­ken a Rich­tung Sozial­de­mo­kra­tie. Mä dëss kleng­bier­ger­lech Variant ass net, wann och inhalt­lech vläicht ähn­lech, mat der kämp­fe­res­cher Posi­tioun vun den Aar­bech­ter ze ver­gläi­chen. Bei de Kleng­bier­ger, esou d’Sa­bine Kude­ra, fënnt een amplaz vum Kampf éisch­ter „Har­mo­ni­séie­rung­sten­den­zen“ oder esou guer Fatalismus. 

(2) En ane­ren poli­tes­chen Kleng­bier­ger­ty­pus ass deen vum Kon­for­mis­mus. Hei fënnt een Leit mat onkom­pli­zéier­ten Lie­wens­leef, mat rouegëm Beruff­slie­wen, ouni gréis­ser Kri­sen oder exis­ten­ziell Äng­schte. Sozial Kri­tik ass hei héchs­tens e Ver­nis, wann et der dann iwwe­rhaapt gëtt. Fir dësen Kleng­bier­ger­ty­pus ass alles schonn ier­gendwéi an der Rei, op der Welt, d’Kierch bleift am Duerf, a soll et och wei­der esou bleiwen. 

(3) Deen poli­tesch am Moment wuel wich­teg­sten Typus vu Kleng­bier­ger ass den vun der Ran­drup­pen­kri­tik. Hei fënnt een den rigi­den Sozial­cha­rak­ter mat Ten­denz zum Autoritarismus.

Bei dësen Kleng­bier­ger gëtt et eng staark a reven­di­ka­tiv Sozial­kri­tik. Mä déi gëllt net de sozia­len Struk­tu­ren oder der gesell­schaft­le­cher Orga­ni­sa­tioun als solcher. 

Dës Kri­tik ass per­so­na­li­séiert. Si bezitt sech och Grup­pen vu Leit – Auslän­ner, Migran­ten, Mos­le­men … a.s.w. – déi net kon­form, net fläis­seg, net verant­wor­tungs­voll, soit net anstän­neg sinn. Et ass d‘Kritik vun dee­nen Ane­ren, di keng nor­mal a anstän­neg Bier­ger sinn wéi mär. 

An dëss Sozial­kri­tik ass am Usaz, kéint een soen, all­ge­meng xeno­phob – si betrëfft all déi, di anes­cht sinn – an dat gëllt dann och fir di kor­rupt Elit­ten do uewen, net nëm­men fir d‘Profiteuren vum Sys­tem do ënnen. 

Mat dësen kri­tes­chen Kleng­bier­ger kritt d‘Klengbiergertum erëm poli­tes­chen Opwand. A wéi den däit­schen Popu­lis­mus­ba­ro­me­ter dat elo säit 2 Joer gewi­sen huet, kënnt den wues­sen­den Suc­cès vum Riets­po­pu­lis­mus och pri­vi­le­giéiert aus dëser Richtung.

Och dofir ass et wuel erëm eng Kéier ver­fréit ze soen, d‘Klengbiergertum wär am Ver­sch­wan­nen. Ganz am Contraire ! Een Typus vum Kleng­bier­ger­tum ass grad am gaan­gen sech erëm rich­teg poli­tesch ze affir­méie­ren. A Wee weess : vläicht gehéiert och d‘Zukunft erëm de Klengbierger … 

Op » (s’ouvre dans un nou­vel onglet) »>Radio 100,7 lauschteren … »>