D’Sozialpsychologie vum Klengbierger

Als Kan­ner an enger Kleng­bier­ger­fa­mill gi mer grouss mam séchere Gefill, dat mer eppes Bes­seres gi sol­len wéi ons Elte­ren. Si wei­sen eis a wéi eng Rich­tung et geet, an och wa mer eis dogéint strie­wen an alles maa­chen fir net esou ze ginn wéi si, bleiwe mer der Rich­tung dach ëmmer trei. Well och fir eis hees­cht net esou ze ginn wéi si eppes Bes­seres ze ginn.

An esou repro­du­zéie­ren mer eis als gesell­schaft­lech Schicht vun Kleng­bier­ger, ëmmer anes­cht, an anz­wousch dach ëmmer gläich. Mär strie­wen no eppes ane­rem an dach wäerte mer bleiwe wat mer sinn. Vläicht och well et am Fong dat ass, wat mer wierk­lech wëllen …

Op Radio 100,7 lauschteren … »