Mir Klengbierger (4/7)

4. Di nei Klengbierger

Kleng­bier­ger sinn net ver­sch­won­nen, wéi dat nach ëm 19ten Joe­rhon­nert viraus gesot gouf. Mä se hunn awer och net iwwer­lieft ouni déif Änne­run­gen mat ze maachen. 

Hunn Kleng­bier­ger am 19ten Joe­rhon­nert déi sozial Klass bezeechent, déi duerch klénge Besëtz, zwar Pro­prietä­ren vun hiren eegen Pro­duk­tiounsmët­tel waren, esou hunn se trotz­deem nach hiert Lie­wen duerch hir eegen Aar­becht ver­dén­gen mussen. 

Letz­tend­lech huet sech dem Marx & Engels hir Viru­soe fir dës Zort vu Kleng­bier­ger spéits­tens nom zwee­ten Welt­krich zum Deel awer rea­li­séiert. Well ëmmer méi Dee­ler vun der gesell­schaft­le­cher Pro­duk­tioun indus­tria­li­séiert gou­fen, sinn di mees­cht Hand­wierks­be­tri­ber qua­si ganz vum Maart ver­drängt ginn. Dofir misst een dann och, wann een un enger mar­xis­tes­cher Pers­pek­tive fes­thält, den­ken, dat et keng Kleng­bier­ger méi ginn ; oder just nach ganz wéineg. 

Fir vill Kleng­bier­ger huet dat Ver­sch­wan­nen gehees­cht, dat se sel­wer zu Aar­bech­ter hu musse ginn, wat de Marx & Engels bal hon­nert Joer ze fréi viraus­ge­sot haten. Mä wat di zwee net viraus­ge­sinn haten, war dat d‘Klengbiergertum sech zum ganz grous­sen Deel an d‘Déngschtleeschtungs- a Ver­wal­tungs­be­ruf­fer ëmo­rien­téiert hunn. 

Dofir ver­sch­wan­nen Kleng­bier­ger zwar vum Radar vun der klas­ses­cher mar­xistë­scher Klas­se­na­na­lyse, mä si hunn net opge­ha­len ze exis­téie­ren. An obwuel se hir Plaz am Pro­duk­tiouns­pro­zess domat grond­leeënd verän­nert hunn, blei­wen se vill vun de Virs­tel­lun­gen, vun de Wäer­ter, den Nor­men, der Lie­wens­weis, der Ästhe­tik an och der Psy­cho­lo­gie vun den urs­prén­gle­chen Kleng­bier­ger trai. 

Wien Kleng­bier­ger ënnert dësen verän­ner­ten Bedin­gun­gen nach als sozial Klass faasse wëll, dee brauch also en ane­ren Klassebegrëff.

Een vun dee­nen ambi­tiéi­seste Ver­sich sozial Klas­sen anes­cht, méi dif­fé­ren­ziéiert a lei­der och bedei­tend méi kom­plex ze faas­sen, ass deen vum fran­séi­schen Sozio­loge Pierre Bourdieu. 

Ech ver­si­chen esou gutt ech kann déi Approche kuerz duer­zes­tel­len, well si erlaabt et eis net nëm­men d‘Klengbierger net aus den Aen ze ver­léie­ren, mä se och nach an hiren neien Ver­sioun am Aa ze haalen. 

Nom Bour­dieu ass d‘Gesellschaft e mul­ti­di­men­sio­na­len sozia­len Raum. Ver­kierzt kéint een soen, dat di dräi Haapt-Dimen­siou­nen vum sozia­len Raum déi sinn vum e‑konomeschen Kapi­tal, déi vum kul­tu­rel­len Kapi­tal an déi vun hirer Evo­lu­tioun, vun hirer Bewee­gung an der Zäit.

Kapi­tal ass hei net am mar­xis­tes­chen Sënn ze vers­toen, mä als alles wat e Vir­deel am sozia­len Spill aus­mécht. Dem Bour­dieu säi Kapi­tal gläicht also dem Max Weber sen­ger Defi­ni­tioun vun Muecht ; dat hees­cht all Chance an enger sozia­ler Bezéiung säin Wël­len och géint de Wid­ders­tand vun ane­ren duer­ch­ze­set­zen. En sozia­len Acteur, eng sozial Klass defi­néiere sech dann duerch hir Posi­tioun op dësem dräi­di­men­sio­na­len Repère. 

Eng sozial Klass ass esou net méi nëm­men duerch hir Plaz am Pro­duk­tiouns­pro­zess defi­néiert, oder duerch hir sozio-pro­fes­sio­nell Kate­go­rie, oder Akommes, mä duerch eng kom­plex Kons­tel­la­tioun vun Cha­rak­te­ris­ti­ken, déi en sta­be­len Zesum­men­hang opweist, an déi am Zesum­men­hang vun engem gesell­schaft­le­chen Posi­tiouns­kampf, zu ane­ren Klas­sen evoluéiert.

Elo awer genuch Theo­rie, wat erlaabt et dës Approche vun den neien Kleng­bier­ger ze gesinn. 

Wann eppes den Klas­sen­ha­bi­tus vun den neien Kleng­bier­ger cha­rak­te­ri­séiert, dann ass et dat wat den Bour­dieu als „bonne volon­té cultu­relle“ bezeechent huet ; also genau dat wat en Enzens­ber­ger, qua­si zur nämm­lech­ter Zäit den Kleng­bier­ger als kul­tu­rell Hege­mo­nie zou­ge­rechent huet. 

Wéi dréckt sech déi „bonne volon­té cultu­relle“ bei den Kleng­bier­ger aus ? 

D‘Klengbierger-Kultur cha­rak­te­ri­séiert sech duerch d‘Verwiesselen vun Kennt­nis a vun Erë­mer­ken­nen, duerch d‘Onverständnes vu Kul­tur an d‘Valoriséieren vu deem wat en Quiz-Wës­sen nën­nen kënnt. 

E puer kon­kret Beis­piller : dat ass den Dok­ter oder den Inge­nieur, déi virum Tableau vum Rubens eng ganz Serie vun Datu­mer a Kon­schtk­las­si­fi­ka­tiou­nen opze­zie­len weess, de Pro­fes­ser deen all Regioun an all Drau­wen­zort vu sen­gen gud­der Wäi­ner kënnt. Et ass den Affe­kot den sech als „Fän“ vun asia­tes­cher Kul­tur an Zeen setzt, an dobäi schlau Best­sel­ler-Bicher ze zitéie­ren weess. Oder nach de Büro­su­ges­tall­ten deen di bekann­test éis­träi­chesch Ope­ret­ten genéisst, a kee Joer d‘Strauss-Iwwerdroungen vum Wie­ner Nei­joer­sch­con­cert ver­passt, mä sech grad esou gär mam Faus­ti a mam Käpt‘n Ända op der Fréi­joers-Croi­sière amu­séiert : „et muss een jo net ëmmer alles esou ees­cht hue­len“. Et ass nach de Ges­chäfts­mann oder d‘Geschäftsfra, déi am rich­te­gen Moment eng Zeil vum Molière oder vum Beau­mar­chais mat engem schlauen Bléck ze zitéie­ren wës­sen, wës­send dat hin­nen domat d‘Bewonnerung vun den Dësch­no­pe­ren sécher ass.

Kul­tur ass also esou en Pro­blem fir eis Kleng­bier­ger. Mär géife jo gären, an mer stren­gen ons och wierk­lech un fir kul­ti­véiert eriw­wer ze kom­men, mä dann klappt et awer ni esou richteg. 

An och wann et ons emol geléngt eng bean­dro­ckend Usamm­lung vun Datu­mer, an Nimm, a Klas­si­fi­zéie­run­gen a vläicht nach e puer Anek­do­ten zesum­men ze mëschen, esou bleift dach ëmmer den Noges­ch­maach vum For­céier­ten an vum net wierk­lech Vers­ta­ne­nen ëmmer spierbar. 

Dofir ka Kul­tur eis nëm­men a Form vum Besëtz beroue­gen. Kul­tur, dat ass wat een sech a säin Wäi­kel­ler stelle kann, oder an seng Eta­gè­ren, oder dat wat een sech un d‘Mauer hän­ken kann. Et zielt als déi Infor­ma­tioun déi mer aus onser Gedät­schtes-Täsch zéien kën­nen, fir am rich­te­gen Moment ze wei­sen, dat mer esou kleng guer net sinn.