2. Klengbierger an der Kritik

Et ass schwéier beim Wuert Klengbierger net u Qualitéiten ze denken déi mat der Zäit quasi zu Synonymen goufen.

Klengbierger sinn klengkaréiert, bornéiert, bieder, engstirneg, konservativ, verklemmt, philisterhaft a provinzielll. Klengbierger sinn, anescht gesot, Spiissbierger an Schäinhelleger. Iwwer eis Klengbierger gëtt et dofir och bal nëmmen Kritik: an der Literatur, am Theater, an der wëssenschaftlecher Literatur.

An et emol mär selwer kënnen ons ausstoen. Ech zitéieren dozou nach emol den Hans Magnus Enzensberger, deen dëse ënneren Konflikt genau op de Punkt bruecht huet:

„De Klengbierger well alles, nëmmen net Klengbierger sinn. Seng Identitéit versicht hien net doduerch ze gewannen, dat en sech zu enger Klass bekennt, mä doduerch dat en sech vun hir ofgrenzt, dat en se verleugnet.“

Als Klengbierger ass et mer enorm wichteg anescht ze sinn, jo besser ze sinn wéi si, di klengkaréiert, schäinhelleg Spiisser. Dat ass mäin feinen Ënnerscheed.

De franséischen Soziolog Pierre Bourdieu, een vu eis, huet dat esou ausgedréckt, dat ons eng Bereetschaft zum Bluff an zum Usurpéieren quasi vu Gebuert aus matginn ass.

Wat och ëmmer sozial Identitéit heesche mag, fir eis ass sozial Identitéit ëmmer fir d‘éischt de Versuch d‘Sein, d’Sinn duerch de Schäin ze iwwerhuelen.

Ma onse Schäin kënnt mat engem Risiko: onse Schwindel, onse Bluff kann zu all Moment opfléien. An de Präis dovun ass deen vun enger undauernder Angscht, am Hannergrond.

Angscht eppes falsch ze maachen, Angscht eppes ze verpassen, ons eppes umierken ze loossen; eppes dat weise kënnt, dat mer guer net esou souverän, guer net esou schlau oder gebilt, guer net esou räich oder welterfahren sinn, wéi mer dat gären an den Aen vun deenen Aneren wären.

Dofir musse mer all Moment oppassen wéi Spëtzbouwen wat fir een Androck mer dann elo no baussen hin ginn. Mär mussen d‘Ausdréck an d‘Reaktiounen vun deenen Aneren onophaltsam, a virun allem onmierkbar préiwen.

Den amerikaneschen Soziolog Erving Goffman huet dofir en ganz flotten Ausdrock erfonnt. Hien huet dat „the arts of impression management“ genannt. Op gutt lëtzebuergesch: d‘Konscht vum Androck maachen.

Net dat d‘Memberen aus deenen aneren Klassen déi Konscht net och am Alldag bräichten a praktizéieren géifen. Awer fir eis Klengbierger ass se ganz besonnesch wichteg, fir net ze soen liewenswichteg. Fir eis ass et eng Fro vun der perséinlecher Identitéit. Dofir si mer gezwongen eis mat allen Mëttelen duer ze stellen wéi Groussbierger.

Dozou den däitschen Soziolog Robert Schäfer:

„Fir iwwerhaapt Chancen zum gesellschaftlechen Opstig ze hunn, muss de Klengbierger sech pretentiös verhalen. Hie muss esou maachen, als wär dësen Opstig schonn geschitt, esou wéi wann hie selwer méi grouss, méi héich a méi wär, wéi en eigentlech ass. An engem Wuert: hie muss heichstapelen.“

D‘Konscht vum Androck maachen ass bei eis also d‘Konscht vun der Hochstapelei. A wéi den Goffman dat flott duergestallt huet, ass déi Konscht och zum groussen Deel d‘Konscht Incidenten, Gaffen a Fauxpasën ze evitéieren.

Fir eis sinn Fauxpasen ëmmer gläichbedaitend mat Erniddregung, Humiliatioun a Lächerlechkeet. Selbstverständlech seet keen esou gär, an esou oft an esou scheinbar iwwerzeegt wéi mär, dat di Aner ons ganz egal sinn.

Mä mär spieren et, wa mer ganz éierlech sinn, bis an de Kär vun onser Séil dat mer mat der gudder Meenung vun deenen Aneren onst Wiesen selwer verléieren.

Mä wéi kënne mer dat vermeiden?

Een gudden Trick ass et ëmmer nëmmen ënner Leit ze bleiwen déi mer scho kennen, an déi ons scho kennen. „Lokalismus“ nennt d’Soziologie dat. Mär bleiwen an onsem kléngen Klibchen oder Dierfchen wou onst Spill wuel agespillt ass, an Tëschefäll extrem geréng sinn.

Mä et gëtt nach eng besser Léisung, déi leider net allen Klengbierger zur Verfügung steet, déi sech awer wéi en bal onverwondbaart Immunsystem iwwer onst Spill leet. Dës Léisung ass d’Geld.

Dat hat en Tréierer Klengbierger, een vun onsen bekanntsten Klassemëmberen, schonn virun iwwer 150 Joren esou präzis a sengen paräiser Manuskripter formuléiert, dat mer och haut nach näischt drun ze verbesseren brauchen:

Was durch das Geld für mich ist, was ich zahlen, d.h., was das Geld kaufen kann, das bin ich, der Besitzer des Geldes selbst. So groß die Kraft des Geldes, so groß ist meine Kraft. Die Eigenschaften des Geldes sind meine […] Eigenschaften und Wesenskräfte. Das, was ich bin und vermag, ist also keineswegs durch meine Individualität bestimmt. Ich bin häßlich, aber ich kann mir die schönste Frau kaufen. Also bin ich nicht häßlich, denn die Wirkung der Häßlichkeit, ihre abschreckende Kraft ist durch das Geld vernichtet. Ich – meiner Individualität nach – bin lahm, aber das Geld verschafft mir 24 Füße; ich bin also nicht lahm; […]

Den interessantsten Gebrauch vum Geld fir eis ass also net deen vum Kapital, dat just dofir do ass nach méi Geld ze generéieren.

An et ass och net einfach deen vum Konsum, deen Bedürfnisser oder Wënsch befriddegen soll.

Geld déngt eis virun allem dem Geltungskonsum. Dat heescht dir Zort vu Konsum mat deem ech demonstréieren kann wien a wat ech sinn.

Méi allgemeng formuléiert: Geld erlaabt mer dee Konsum deen no baussen hin mäin sozialen Status weist. An dat geet scho ganz kloer aus dem Marx-Zitat ervir.

Kuerz gesot: ech sinn wat ech kafen. A wat ech kafen ass meng sozial an esou guer meng mënschlech Identitéit.

Den décken Auto, d’Markekleeder, di deier Auer sinn di beschten Berouegungspëllen géint ons Statusangscht.

An di nächste Kéier versiche mer ze kucken wou dat alles hierkënnt.