
Kriteschen Journalismus schéngt hei am Land meeschtens bedeitend manner Wierkung ze hunn wéi an onsen Nopeschlänner. Och wann wichteg Problemer opgedeckt ginn, och wann richteg argumentéiert gëtt, verschwannen esou kritesch Interventiounen séier, an ouni eng Spuer ze hannerloossen. An dat erkläert sech zum groussen Deel aus der Spezifizitéit vum politeschen Mikrokosmos :
Le fonctionnement en champ produit une sorte de fermeture. Cet effet observable est le résultat d’un processus : plus un espace politique s’autonomise, plus il avance selon sa logique propre, plus il tend à fonctionner conformément aux intérêts inhérents au champ, plus la coupure avec les profanes s’accroît. (Bourdieu, P., & Fritsch, P. (2000). Propos sur le champ politique. Lyon : Presses universitaires de Lyon.)