4. Di nei Klengbierger

Klengbierger sinn net verschwonnen, wéi dat nach ëm 19ten Joerhonnert viraus gesot gouf. Mä se hunn awer och net iwwerlieft ouni déif Ännerungen mat ze maachen.

Hunn Klengbierger am 19ten Joerhonnert déi sozial Klass bezeechent, déi duerch klénge Besëtz, zwar Proprietären vun hiren eegen Produktiounsmëttel waren, esou hunn se trotzdeem nach hiert Liewen duerch hir eegen Aarbecht verdéngen mussen.

Letztendlech huet sech dem Marx & Engels hir Virusoe fir dës Zort vu Klengbierger spéitstens nom zweeten Weltkrich zum Deel awer realiséiert. Well ëmmer méi Deeler vun der gesellschaftlecher Produktioun industrialiséiert goufen, sinn di meescht Handwierksbetriber quasi ganz vum Maart verdrängt ginn. Dofir misst een dann och, wann een un enger marxistescher Perspektive festhält, denken, dat et keng Klengbierger méi ginn; oder just nach ganz wéineg.

Fir vill Klengbierger huet dat Verschwannen geheescht, dat se selwer zu Aarbechter hu musse ginn, wat de Marx & Engels bal honnert Joer ze fréi virausgesot haten. Mä wat di zwee net virausgesinn haten, war dat d‘Klengbiergertum sech zum ganz groussen Deel an d‘Déngschtleeschtungs- a Verwaltungsberuffer ëmorientéiert hunn.

Dofir verschwannen Klengbierger zwar vum Radar vun der klassescher marxistëscher Klassenanalyse, mä si hunn net opgehalen ze existéieren. An obwuel se hir Plaz am Produktiounsprozess domat grondleeënd verännert hunn, bleiwen se vill vun de Virstellungen, vun de Wäerter, den Normen, der Liewensweis, der Ästhetik an och der Psychologie vun den ursprénglechen Klengbierger trai.

Wien Klengbierger ënnert dësen verännerten Bedingungen nach als sozial Klass faasse wëll, dee brauch also en aneren Klassebegrëff.

Een vun deenen ambitiéiseste Versich sozial Klassen anescht, méi différenziéiert a leider och bedeitend méi komplex ze faassen, ass deen vum franséischen Soziologe Pierre Bourdieu.

Ech versichen esou gutt ech kann déi Approche kuerz duerzestellen, well si erlaabt et eis net nëmmen d‘Klengbierger net aus den Aen ze verléieren, mä se och nach an hiren neien Versioun am Aa ze haalen.

Nom Bourdieu ass d‘Gesellschaft e multidimensionalen sozialen Raum. Verkierzt kéint een soen, dat di dräi Haapt-Dimensiounen vum sozialen Raum déi sinn vum e-konomeschen Kapital, déi vum kulturellen Kapital an déi vun hirer Evolutioun, vun hirer Beweegung an der Zäit.

Kapital ass hei net am marxisteschen Sënn ze verstoen, mä als alles wat e Virdeel am sozialen Spill ausmécht. Dem Bourdieu säi Kapital gläicht also dem Max Weber senger Definitioun vun Muecht; dat heescht all Chance an enger sozialer Bezéiung säin Wëllen och géint de Widderstand vun aneren duerchzesetzen. En sozialen Acteur, eng sozial Klass definéiere sech dann duerch hir Positioun op dësem dräidimensionalen Repère.

Eng sozial Klass ass esou net méi nëmmen duerch hir Plaz am Produktiounsprozess definéiert, oder duerch hir sozio-professionell Kategorie, oder Akommes, mä duerch eng komplex Konstellatioun vun Charakteristiken, déi en stabelen Zesummenhang opweist, an déi am Zesummenhang vun engem gesellschaftlechen Positiounskampf, zu aneren Klassen evoluéiert.

Elo awer genuch Theorie, wat erlaabt et dës Approche vun den neien Klengbierger ze gesinn.

Wann eppes den Klassenhabitus vun den neien Klengbierger charakteriséiert, dann ass et dat wat den Bourdieu als „bonne volonté culturelle“ bezeechent huet; also genau dat wat en Enzensberger, quasi zur nämmlechter Zäit den Klengbierger als kulturell Hegemonie zougerechent huet.

Wéi dréckt sech déi „bonne volonté culturelle“ bei den Klengbierger aus ?

D‘Klengbierger-Kultur charakteriséiert sech duerch d‘Verwiesselen vun Kenntnis a vun Erëmerkennen, duerch d‘Onverständnes vu Kultur an d‘Valoriséieren vu deem wat en Quiz-Wëssen nënnen kënnt.

E puer konkret Beispiller: dat ass den Dokter oder den Ingenieur, déi virum Tableau vum Rubens eng ganz Serie vun Datumer a Konschtklassifikatiounen opzezielen weess, de Professer deen all Regioun an all Drauwenzort vu sengen gudder Wäiner kënnt. Et ass den Affekot den sech als „Fän“ vun asiatescher Kultur an Zeen setzt, an dobäi schlau Bestseller-Bicher ze zitéieren weess. Oder nach de Bürosugestallten deen di bekanntest éisträichesch Operetten genéisst, a kee Joer d‘Strauss-Iwwerdroungen vum Wiener Neijoerschconcert verpasst, mä sech grad esou gär mam Fausti a mam Käpt‘n Ända op der Fréijoers-Croisière amuséiert: „et muss een jo net ëmmer alles esou eescht huelen“. Et ass nach de Geschäftsmann oder d‘Geschäftsfra, déi am richtegen Moment eng Zeil vum Molière oder vum Beaumarchais mat engem schlauen Bléck ze zitéieren wëssen, wëssend dat hinnen domat d‘Bewonnerung vun den Dëschnoperen sécher ass.

Kultur ass also esou en Problem fir eis Klengbierger. Mär géife jo gären, an mer strengen ons och wierklech un fir kultivéiert eriwwer ze kommen, mä dann klappt et awer ni esou richteg.

An och wann et ons emol geléngt eng beandrockend Usammlung vun Datumer, an Nimm, a Klassifizéierungen a vläicht nach e puer Anekdoten zesummen ze mëschen, esou bleift dach ëmmer den Nogeschmaach vum Forcéierten an vum net wierklech Verstanenen ëmmer spierbar.

Dofir ka Kultur eis nëmmen a Form vum Besëtz berouegen. Kultur, dat ass wat een sech a säin Wäikeller stelle kann, oder an seng Etagèren, oder dat wat een sech un d‘Mauer hänken kann. Et zielt als déi Informatioun déi mer aus onser Gedätschtes-Täsch zéien kënnen, fir am richtegen Moment ze weisen, dat mer esou kleng guer net sinn.