Mir Klengbierger 1/7

1. Wee sinn d‘Klengbierger ? En Iwwerbléck

Eigent­lech hätte mer jo soll­ten vun der Äerd ver­sch­wan­nen, mär Kleng­bier­ger. Eigent­lech hätt sech de Besetz vun de Pro­duk­tiouns­ve­rhält­nes­ser an den Hänn vun ëmmer man­ner Grouss­bier­ger kon­zen­tréie­ren sol­len, an domat ëmmer méi Leit an d‘Proletariat geheien. D‘Proletariat, dat sinn dann déi, di soss näi­scht méi hunn wéi hir Lie­wenszäit, déi se zwecks Aar­becht un d’Grouss­bier­ger verkafen. 

An dann ass et awer net esou komm. De Schock ass eriw­wer. Mär maa­chen d‘Aen grouss op, a kucken ron­derëm eis. An do sti mer nach ëmmer, do wunne mer nach ëmmer, a schaf­fen nach ëmmer, an hunn nach ëmmer eis kléngt Haus, eis kleng Famill, den Auto an de Mupp, oder d‘Kaaz. Mär Kleng­bier­ger sinn net verschwonnen. 

A ver­schid­de­ner, déi eis stu­déiert hunn, men­gen esou guer mer wären haut zu méi wéi je vir­drun. Wäit ewech dovun an d‘Proletariat gefall ze sinn, schéngt et wéi wann d‘Proletariat an esou guer d‘Groussbiergertum sel­wer ons Wäer­ter, ons Wel­tu­siicht an ons Goû­ten iwwe­rholl hätten. 

Mä wie sinn mär ? Mär d‘Klengbierger ? Wat ass d‘Klengbiergertum ? A wat hees­cht klengbiergerlech ?

Wa mer op d‘Adjektiv „kleng­bier­ger­lech“ kucken, da feelt et ons un Qua­li­téite wierk­lech net. 

Kleng­bier­ger­lech hees­cht : bie­der, kleng­ka­réiert, provën­ziell, uge­passt, spies­seg, eng­stir­neg, bor­néiert, reak­tionär, klen­glech, schä­beg, peni­bel oder ein­fach domm.

Esou hu mer eis wéins­tens emol dem Sprooch­ge­brauch opgedrängt 

Doraus kënne mer schonn eng éischt nega­tiv Defi­ni­tioun vum Kleng­bier­ger a Kleng­bier­ge­tum ginn : Kleng­bier­ger ass wat kee si well, a Kleng­bier­ger­tum ass déi sozial Klass zu där keen gehéie­ren well. 

Keen huet Kleng­bier­ger gär. Net d‘Aarbechter, net d‘Bierger an d‘Grousbierger, an net emol d‘Klengbierger selwer. 

An engem net ganz iro­nes­chen Arti­kel vun 1976 huet den Hans Magnus Enzens­ber­ger de Kleng­bier­ger op eng tref­fend Aart a Weis esou defi­néiert (meng Iwwersetzung):

„De Kleng­bier­ger well alles, mä nëm­men net Kleng­bier­ger sinn. Seng Iden­ti­téit ver­sicht en net doduerch ze gewan­nen, dat en sech zu enger Klass bekennt, mä doduerch, dat en sech vun hir ofgrenzt, dat en se ver­leu­gnet. Wat hien mat sen­ges­gläi­chen verbënnt, grad dat streit en of. Gël­len soll nëm­men wat en ënner­scheed : de Kleng­bier­ger, dat ass ëmmer de Aneren.“ 

De Kleng­bier­ger, dat ass ëmmer den Ane­ren. An dat ganz beson­nesch fir de Kleng­bier­ger selwer. 

Domat hu mer emol schonn eppes, an esou guer eppes Wesent­leches. Kleng­bier­ger sinn hees­cht an engem Kon­flikt ma sech a sen­ges­gläi­chen ze lie­wen. Mä eleng domat komme mer nach net onbe­déngt vill wei­der an der Änt­wert op d‘Fro : wat ass en Klengbierger ?

Ver­si­chen mer et mat engem klén­gen Ques­tion­naire, esou wéi den Enzens­ber­ger dat och an sen­gem Text mécht :

  • Lieft där vun der Ren­dite vun ären Inves­tis­se­men­ter vun de Reve­nuen vu ärem Kapi­tal ? Besëtzt där d‘Produktiounsmëttel mat deem Aar­bech­ter eppes hierstellen ? 
  • Oder ëmge­kéiert : lieft der aus­schliiss­lech dovun, datt der är Aar­bechts­kraaft, är Aar­bechtszäit ston­ne­weis un e Kapi­ta­list ver­kaaft deen sech Plus-value vun ärer Aar­becht klaut ? 

Wann d‘Äntwerten op all dës Froen e klore „Nee“ sinn, da sinn d‘Chance gutt dat der selbstän­ne­gen Hand­wier­ker sidd, dat der vläicht e klén­gen Betrib oder en But­tek hutt, dat der en Sala­rié sidd, oder en Fonc­tion­naire oder e Gemen­ge­beam­ten, oder vläicht en Consul­tant, en Dok­ter oder Affe­kot, oder och nach en Ensei­gnant oder en Jour­na­list, en Tech­ni­ker oder en Fuer­scher, asw. …

Wann der also zu ier­gend enger vu dësen sozio­pro­fes­sio­nel­len Kate­go­rien oder enger ähn­le­cher gehéiert, da sidd där och, léi­wen Nolau­sch­te­rer, grad esou wéi ech, en Klengbierger. 

Wann ech mer déi kleng Fre­ch­heet elo erla­ben däerf : d‘Klengbierger, dat si mär. A Kleng­bier­ger, dat ass dat wat mer fir d‘éischt emol net wëlle sinn. Wéi een Kleng­bier­ger spiert dat net a sen­gem déif­sten Kär ? D‘Petit-Bourgen, dat sinn dach di Aner : d‘Spiesser, d‘Bierdemänner, d‘Banausen.

Mä loosse mer emol d‘Urdeeler fir en Moment op der Säit, obwuel si zu dëser Klass, wéi mer et nach méi genau gesi wäer­ten, inherent dozou gehéieren. 

Wie sinn, sozio­lo­gesch gesinn d‘Klengbierger ?

Urs­prén­glech, soe mer emol am 18ten an 19ten Joe­rhon­nert waren dat di kléng Ges­chäfts­leit, selbstän­neg Hand­wier­ker, Patroën vun klén­gen Famil­l­je­be­tri­ber mat vläicht 2 oder 3 Ugestallter.

Et ass vun dësen Leit, wou de Marx viraus­ge­sot hat, si géi­fen ver­sch­wan­nen well d‘Stoussrichtung vum Kapi­ta­lis­mus an déi Rich­tung geet, dat et ëmmer méi Aar­bech­ter ginn, déi ëmmer man­ner Kapi­ta­lis­ten géi­ge­niw­wer stinn. Bis zum Dag vun der grous­ser revo­lu­tionä­rer Ëmkéie­rung, wou d‘Iwwerzuel vum Welt­pro­le­ta­riat déi wéi­neg iwwe­reg blei­wend Kapi­ta­lis­ten enteegent, an sel­wer d‘Muecht an d‘Hand hëlt.

Dat ass, wéi bekannt net geschitt. 

An et gesäit och am Moment nach net duer­no aus – ech ent­schël­lege mech fir di here­tesch Bemier­kung bei men­gen revo­lu­tionä­ren Frënn – wéi wann dat deemnächst de Fall sollt sinn. 

An dat hees­cht och : déi Klass dotë­scht, déi Klass déi duerch Veraar­mung zum aller­gréiss­ten Deel hätt sol­len pro­le­ta­ri­séiert ginn, ass net nëm­men ver­sch­won­nen. Ganz am Contraire : fir ver­schidde Sozio­lo­gen ass d‘Klengbiergertum esou guer déi Klass, déi sech am mees­ch­ten entwé­ckelt huet. 

Den Hans Magnus Enzens­ber­ger huet scho Mëtt vun de 70ger bahaapt, dat d‘Klengbiergertum an allen héich indus­tria­li­séier­ten Gesell­schaf­ten di kul­tu­rell Virherr­schaft iwwe­rholl huet. 

An ane­ren Wie­der : d‘Klengbierger, net d’Pro­le­ta­rier oder d’Grouss­bier­ger hunn, min­des­tens kul­tu­rell, de Klas­se­kampf gewonnen. 

Kucke mer ons di nächste Kéier nach e puer Kri­ti­ken vun de Kleng­bier­ger un.