5. D‘Séil vum Klengbierger

Wann mär Klengbierger net verschwonnen sinn, mä ganz am Contraire eis kulturell als sozial Klass, oder mindestens als sozial Schicht imposéiert hunn, da gëtt et interessant ze kucken wéi mer gemaach ginn.

Dat wär also d‘Fro wéi sech sozial Klassen reproduzéieren. Sozial Reproduktioun heescht, dat et statistesch gesinn méi wahrscheinlech ass, dat en Kand vun Aarbechter selwer en Aarbechter gëtt, dat en Kand vu klengbiergerlechen Elteren selwer Klengbierger gëtt. Probabilitéit ass awer eppes anescht wéi strikten Determinismus. Et gëtt also och Beweegungsspillraum.

Wa mer vun engem vereinfachtem Verständnes vum Marx ausginn, da sinn et ëmmer just di ekonomesch Bedingungen, déi d‘Widderhuelung vun den bestoenden Verhältnesser bestëmmen. Ganz esou einfach ass et awer net. Och wann di ekonomesch Bedingungen en wesentlechen Deel vun der Reproduktioun sinn, esou spillen och nach noutwenneg kulturell, sozial an och psychologesch Facteuren mat. An déi aner Facteuren si besonnesch wichteg wann, wéi et bei der Kategorie vun den neien Klengbierger de Fall ass, di ekonomesch Basis äusserst variabel si kann.

Wann et Klengbierger esou wuel bei den Dokteren an den Affekoten, wéi bei den klengen Ugestallten an esou guer den Aarbechter gëtt, dann ass weder d‘Akommes nach d‘Positioun am Produktiounsprozess en ausräichenden Faktor fir d‘Reproduktioun vum Klengbierger ze erklären. E Grond firwat strikt Marxisten dann och déi ganz Kategorie einfach oflehnen. Heiansdo kann eben och de Marxismus der Realitéitsverweigerung déngen.

Werfe mer also emol e kuerze Bléck op eis Klengbierger-Séil. Wann een net als Klengbierger gebuer ass, mä dozou gëtt, da spillt d‘Sozialiséierung also eng entscheedend Roll. Indiviualpsychologie ass dofir vun Ufank un och gläichzäiteg Sozialpsychologie. (Dat war elo en Plagiat, well dee Saz ass vum Freud, net vu mär.)

A wann Idividualpsychologie och en Stéck Sozialpsychologie ass, da musse mer kucken wat spezifesch ass fir eis Sozialiséierung als Klengbierger, a wat net esou, oder net an deem Ausmooss bei aneren sozialen Klassen existéiert.

Ganz grob gekuckt: sozial sëtzen mär Klengbierger tëscht de Still. Mär Klengbierger sinn eng Klass déi dem stännege Wandel ausgesat ass. Wien net oppasst oder Pech huet, kann séier deklasséiert ginn. Iergendwou drot ëmmer den Abroch vun eisem sozialen Status. A wann net an der Realitéit, dann

Zwou Léisungen schéngen ons dofir un Ufank un imposéiert: entweder alles maachen fir dat alles beim Alen bleift an näischt sech beweegt, mä dat geet meeschtens net méi duer, oder besser nach: weider kommen, no uewen, eppes Besseres ginn.

Proletarier hu keng oder wéineg Perspektiven zum sozialen Opstig. Also spillt de verkrampfen Kampf ëm sozialen Opstieg kee Rôle.

An Groussbierger? Jo déi brauchen näischt Besseres ze ginn, an och net ze fäerten deklasséiert ze ginn. Dofir kënnen si ganz entspaant mat hiren sozialen Positiounen ëmgoen. Dat ergëtt dann draï ganz verschidden Zorten vun Sozialiséierungen.

D‘Sozialiséierung vum Klengbierger ass duerch en déiwen Konflikt charakteriséiert: op dir enger Säit gi mer dozou erzunn d‘Traditiounen, d‘Iwwerzeegungen, d‘Ideologien an d‘Liewensformen vun eisen Elteren ze reproduzéieren.

An op der anerer Säit stinn di ekonomesch Necessitéiten, déi sech vu Baussen opdrängen. Klengbierger kënnen, grad esou wéineg wéi Proletarier drop vertrauen dat hir Situatioun sech besseren oder wéinstens stabel bleiwen wäert. Mä do et bei Klengbierger kee Klassebewosstsinn gëtt, also och keen gemeinsamen politeschen Kampf, mä just den individualiséierten Versuch sech vun den Aarbechter an den aneren Klengbierger ofzegrenzen, sëtzt d‘Ohnmachtsgefill bei eis desto méi déif.

Dat bëssen Sécherheet dat mer fannen, fanne mer doran esou gutt wéi méiglech Groussbierger nozeahmen, déi ons als Liewensideal déngen. Et funktionéiert bal wéi de Glawen un verschidde Formen vu Magie: wa mer esou maache wéi wann, wa mer eis esou ginn als ob, da gi mer et och eng Kéier a Wirklechkeet.

„Positiv Psychologie“ an d‘Méthode Coué – wien wierklech dru gleeft an sech déi Iwwerzeegung all Dag widderhëlt, dee wäert et scho schaffen – si bei ons den Ersatz fir politesch Praxis.

Well esou bal mer revendiquéieren géifen, géif ons schéi glat Fassade, onse Bluff vun der Reussite jo opfléien: wien revendiquéiert weist seng Bedürftegkeet. Also musse mer schéi roueg a fein bleiwen, wéi wann alles a Botter wär.

Mä grad esou wéi just den andauernden oder unhalenden Wuesstem de Profit an enger kapitalistescher Ekonomie garantéiert, grad esou esou kenne mär Klengbierger eis just mat onsen klengen Privilegien iwwer Waaser halen, wa mer dauernd no Besserem striewen: méi Suen, méi Saachen, besser Posten, méi Titelen, méi Unerkennung … Dichteg, dichteg.

Natierlech komme mer ni bei den Groussbierger un. Also kann onst Striewen ni ophalen. An dat musse mer als Kanner scho léieren.

A fir weider ze kommen si mer op di aner ugewisen: déi schonn méi verdéngen, oder méi héich an der Hierarchie stinn, méi Titelen hunn. Un deene musse mer eis orientéieren, an nëmmen deenen hir Unerkennung kann eis weider hëllefen.

Dofir musse mer ëmmer deenen, déi iwwer eis stinn – real oder imaginär – weisen dat et mer wäert sinn, vun hinnen unerkannt ze ginn, vun hinnen gehollef ze kréien.

Wien vun eis huet se net an säin Gehir agebrannt kritt, déi schéi Formel: „maach ewéi de Leit, da geet et der wéi de Leit“.

Gemengt sinn domat virun allem di anstänneg Leit, an déi dichteg Leit. Si decidéieren iwwer onst Schicksal, si weisen ons wie mer sinn.