6. D‘Politik vun de Klengbierger

Wou kommen politesch Iwwerzeegunge, wou kommen politesch Orientatiounen, a wou kënnt iwwerhaapt en Interesse oder Desintresse u Politik hir?

Äntwerten op déi Froen fëllen Bicher. Ech wëll just e puer Aspekter dovu kuerz beliichten, a besonnesch den Rapport tëscht sozialer Klass a Sozialcharakter am Aa behalen. Als Sozialcharakter kann een deen Deel vu der Perséinlechkeet bezeechnen, deen am Géigesaz zum Individualcharakter duerch an duerch vum sozialen Ëmfeld gepräägt gëtt.

Deen Rapport soll awer net einfach deterministesch geduecht ginn. Sozialcharakter an politesch Astellungen sinn net onbedéngt a ëmmer nëmmen firbestëmmten a friembestëmmten Widderspiggelungen vum Milieu. Soen mer, wann och ë bëssen méi vague, dat Klassen-Zougehéieregkeet a sozial Positioun verschidden Charakterzich a politesch Astellungen op alle Fall begënschtegen.

Rekapituléieren mer vu hei aus e puer séilesch a sozialpsychologesch Aspekter vum Klengbierger.

D‘Bäibehalen vu geschichtlech oft datéierten Wäerter an Normen wéi Uerdnung, Spuersamkeet, Flicht, Sécherheets- a Statusstriewen, Aarbechtsmoral – et héiert een scho bal eppes vum Freud sengem Analcharakter hei ukléngen –, an zur gläicher Zäit d‘Idealiséierung vun net verstanenen, well net gelieften Wäerter an Normen vun der Bourgeoisie, späert d‘Klengbierger an en stereotypescht Denken an Handelen an, dat se vum Gesellschaftsprozess entfriemt.

Klengbierger goufen mat der Zäit ëmmer méi aus hirer traditioneller Positioun am Produktiounsprozess ausgeschloss.

E konkret Beispill: fir en Handwierker war et selbstverständlech seng Wueren vun Ufank bis zum Schluss hierzestellen. Mä do ëmmer méi Produktiounsberäicher vun der Industrialiséierung iwwerholl goufen, gouf den Handwierker ëmmer méi aus dem Produktiounsprozess ausgeschloss. Hie fënnt sech letztendlech zréckgedrängt op Installatioun oder Reparaturaarbechten, oder den einfachen Verkaf vu Wueren déi hien net selwer produzéiert huet.

Déi Zort vun Entwécklung, gëllt nach a verstäerktem Moos fir d’Klengbierger am Verwaltungs- an Serviceberäich, oder am d‘Berufsbeamtentum. Och si goufen géigeniwwer der progressiver bürokratescher ‚Rationaliséierung‘ op ëmmer méi kleng Aarbechtsberäicher ageschränkt, an och si waren letztendlech just nach Ausféierer vun fragmentareschen Aarbechten ouni Verständnis fir de Gesamtvirgang.

Doraus entstinn déi esou, och nach fir eis Klengbierger vun haut, charakteristesch Ängschte: Statusangscht, irrational Existenzangscht, Näid, Jalousie – di Schimmt, di Verleeënheet, di Minderwertegketsgefiller an och di latent Aggressivitéit, déi bei eis ëmmer an Hannergrond laueren.

Aus deene verschiddenen Zich kënnt een sech schonn e puer Hypotheesen iwwert di politesch Orientéierung vun Klengbierger ausdenken. Nach méi interessant gëtt et awer wann een hei empiresch Studien zu Hëllef hëlt.

Di däitsch Soziologin Sabine Kudera huet eng ganz Rei vu Studien zu dem Thema verëffentlecht a gewisen wéi sech aus dir beschriwwener Konstellatioun eng kleng politesch Typologie kristalliséieren léisst.

Kucke mer just dräi grouss politesch Klengbiergerpositiounen un, wéi se sech aus dësen Analysen erginn: deen vun der Ongläichheetskritik, deen vum Konformismus, an deen vun der Randgruppenkritik.

(1) Den Klengbiergertypus deen sech politesch duerch Kritik vun der sozialer Ongläichheet charakteriséiert ass an den Etüden net nëmmen deen am mannst vertrueden, mä och deen am mannsten stereotypesch klengbiergerlechen. Hei fënnt een nach eppes vun ausformuléierten politeschen Gedanken a Richtung Sozialdemokratie. Mä dëss klengbiergerlech Variant ass net, wann och inhaltlech vläicht ähnlech, mat der kämpferescher Positioun vun den Aarbechter ze vergläichen. Bei de Klengbierger, esou d’Sabine Kudera, fënnt een amplaz vum Kampf éischter „Harmoniséierungstendenzen“ oder esou guer Fatalismus.

(2) En aneren politeschen Klengbiergertypus ass deen vum Konformismus. Hei fënnt een Leit mat onkomplizéierten Liewensleef, mat rouegëm Beruffsliewen, ouni gréisser Krisen oder existenziell Ängschte. Sozial Kritik ass hei héchstens e Vernis, wann et der dann iwwerhaapt gëtt. Fir dësen Klengbiergertypus ass alles schonn iergendwéi an der Rei, op der Welt, d’Kierch bleift am Duerf, a soll et och weider esou bleiwen.

(3) Deen politesch am Moment wuel wichtegsten Typus vu Klengbierger ass den vun der Randruppenkritik. Hei fënnt een den rigiden Sozialcharakter mat Tendenz zum Autoritarismus.

Bei dësen Klengbierger gëtt et eng staark a revendikativ Sozialkritik. Mä déi gëllt net de sozialen Strukturen oder der gesellschaftlecher Organisatioun als solcher.

Dës Kritik ass personaliséiert. Si bezitt sech och Gruppen vu Leit – Auslänner, Migranten, Moslemen … a.s.w. – déi net konform, net fläisseg, net verantwortungsvoll, soit net anstänneg sinn. Et ass d‘Kritik vun deenen Aneren, di keng normal a anstänneg Bierger sinn wéi mär.

An dëss Sozialkritik ass am Usaz, kéint een soen, allgemeng xenophob – si betrëfft all déi, di anescht sinn – an dat gëllt dann och fir di korrupt Elitten do uewen, net nëmmen fir d‘Profiteuren vum System do ënnen.

Mat dësen kriteschen Klengbierger kritt d‘Klengbiergertum erëm politeschen Opwand. A wéi den däitschen Populismusbarometer dat elo säit 2 Joer gewisen huet, kënnt den wuessenden Succès vum Rietspopulismus och privilegiéiert aus dëser Richtung.

Och dofir ass et wuel erëm eng Kéier verfréit ze soen, d‘Klengbiergertum wär am Verschwannen. Ganz am Contraire! Een Typus vum Klengbiergertum ass grad am gaangen sech erëm richteg politesch ze affirméieren. A Wee weess: vläicht gehéiert och d‘Zukunft erëm de Klengbierger …

Op Articles similaires :