6. D’Sozialpsychologie vum Klengbierger

Psychologie existéiert net an engem gesellschaftlechen Vide. An dat heescht konkret dat gesellschaftlech Strukturen, an déi sozial an ekonomesch Verhältnesser déi se charakteriséieren, de Buedem ausmaachen an deem d‘Psychologie vun den Individuen an de Klassen a Schichten wuesse kann.

Wann en dat unhëlt, dann erschéngt engem direkt den ganzen Projet vun enger Psychologie als Naturwëssenschaft, also enger Psychologie déi eppes iwwer abstrakt Mënschen am Allgemengen aussoen géif, als eng eegenaarteg Klassevergiessenheet, oder et misst een soen: Klasseverdrängung.

Naturwëssenschaftlech Psychologie, emol ganz provokativ gesot, ass haut eng vun den akademeschen Lieblingsdisziplinnen vum Klengbierger. Méi genau: vu dir Zort vu Klengbierger, déi als „Bildungsbürgertum“ bezeechent goufen, dat eigentlech en Bildungskleinbürgertum ass.

Mär ginn di Klengbierger déi mer sinn an der klengbiergerlecher Famill. An déi Famill ënnerscheet sech nach ewell zolidd vun der proletarescher oder der groussbiergerlecher, oder der adeleger Famill.

Dobäi muss een och soen dat et selbstverständlech soziologesch net just een Typ vu Klengbierger a Klengbiergerfamill gëtt.

Wa mer ons just d‘Opdeelung vum franséischen Soziolog Pierre Bourdieu ukucken, da fanne mer z.B. eng „petite bourgeoisie en déclin“ (dat wären etwa déi kleng Handwierker, di kléng Geschäftsleit), eng „petite bourgeoisie d‘exécution“ (dat wären d‘Cadres moyens, also di mëttel Führungsebene, d‘Techniker, Schoulmeeschter, Lyceesproffen) an eng „nouvelle petite-bourgeoisie“ (mat Beruffer wéi der Kannerpflege, Eheberoder, Ernährungsberoder, Psychotherapeuten, Physiotherapeuten, Sozialpädagogen, Educateuren, asw.). An dat ass selbstverständlech nach just eng éischt grob Glidderung.

Fir mech kuerz ze halen muss ech also verallgemengeren, quitt dat elo alles net genau op all Klengbiergertypus passt. Et soll just eng grouss Richtung uginn.

Als Klengbierger wuesse mer an Famillen op wou mer et sollen besser hunn wéi eis Elteren. Net dat mer do laang gefrot géifen: dat ass vun Ufank un de Programm fir eis.

Well di real wirtschaftlech Verhältnesser et meeschtens onsen Elteren an hirem Liewen net erlaabt hunn do unzekommen wou si eigentlech hi wollten oder sollten – bei den besseren oder den dichtegen Leit, bei deenen Groussen a Wichtegen – musse mär also déi Pflicht am Staffellaf no uewen iwwerhuelen.

Leider kann sozial Mobilitéit an zwou Richtungen goen: also och a Richtung Deklassement, no ënnen. Dofir kréien mer dann och direkt d‘Statusängscht vun onsen Elteren mat an d‘Wéi geluecht. An eng Rei vun Normen a Wäertvirstellungen déi nach aus fréibiergerlechen Wirtschatsformen stamen, an di meeschtens guer net méi op di aktuell Situatioun passen. Virstellungen wéi Uerdnungsléift, Spuersamkeet, Flicht, Propretéit, Anstännegkeet, Aarbechtsmoral.

Wien am neoliberalen Kapitalismus reusséieren wéilt, deen ass mat esou Wäerter denkbar schlecht ausgerëscht. Fir net ze soen: an engem Kontext wou just dat haart individualistescht Selbstinteresse an den integralen Selbstmanagement vun der eegener Produktivitéit ouni Récksiicht op Verloschter mindestens eng kleng Chance op Opstig gi kéint, sinn ons Normen definitiv irrational. Nëmmen d‘Parvenuën ënnert eis maitriséieren déi rational Attitüd vun der schounungsloser Récksiichtslosegkeet schonn ganz korrekt.

Op alle Fall erlaabt ons klengbiergerlech Dispositioun eis weder eng gelongen Upassung un d‘Gesellschaft, nach ë sënnvollen Widderstand. Si setzt eis éischter vun Ufank un an eng defensiv Positioun, mam Gefill ëmmer ë bëssen donieft ze leiën, awer mat der staarker Ambitioun ze reusséieren a matten dran ze stoen.

Dofir dat ons Normen a Wäerter awer irrational goufen, hunn se och hir Funktioun geännert. Hiren Zweck besteet haut doran eis ze demarkéieren: si déngen zur gläicher Zäit der sozialer Ofgrenzung no ënnen, an der Fantasie schonn esou ze sinn wéi déi do uewen.

Mä léieren séier, wann och mat dysfunktionalen Wäertvirstellungen, eis un deenen sozialen Klassen a Schichten ze orientéieren, an déi ons Elteren wëllen dat mer era wuessen.

Kee Witz, keng Originalitéit: mär denken an handelen am séchersten mat Stereotyppen. Mär maachen tatsächlech esou wéi di aner Leit, och wann hei oder do en massenproduzéierten Autocollant um Auto eis individuell Particularitéit fir di aner ënnersträicht.

Mä do se ons friem bleiwen, dës Normen, do se ëmmer iergendwéi ëmmer just vu baussen kommen, hunn se ni déi Flexibilitéit déi d‘Kanner an den entspriechenden Klassen léieren. Fir eis sinn déi Wäerter a Liewensstiler just ëmmer iergendwéi ausgeléint, wéi aus enger anerer Welt. Mär kënnen se dowéinst net richteg an der Praxis vun onsem Alldag verstoen, well se do net dozou gehéieren. An dofir kënne mer och just formal, dat heescht stur a rigid dru festhalen.

Dat bréngt mat sech, dat mer eis ni wierklech drun upassen, mä datt mer eis iwwer-adaptéieren. Do dës Wäerter an Normen onverstaane bleiwen, iwwerhuelen mer se distanzlos. Si si wéi Geboter an de Stee gemeesselt. Dofir hu mer och ganz liicht eng Hang zum Autoritären.

Di distanzlos, onverdauten Iwwernam vun Wäerter an Normen an Liewensorientéierungen ass dat, wat eisen Konventionnalismus ausmécht. Well mer kee Beweegungsraum am Onverstaanenen hunn, well mer et net denken kënnen, kann et ëmmer nëmmen Stereotyp bleiwen.

Aus dir Perspektiv eraus eraus erginn sech dann och meeschtens ons politesch Astellungen.

Mä dozou di nächste Kéier méi …

Op Articles similaires :