Ganz zum Schluss vum leschte Joer – de Moment, wou ee sech wuel nach seng Neijoerschvirsätz ausdenkt – huet den däitsche Philosophieprofesser Arnd Pollmann en amüsante Kommentar um Deutschlandfunk proposéiert. Den Titel vu sengem kuerze Virtrag war : « Einfach mal die Klappe halten. »
Et goung do ëm den undauernden Zwang ze kommunizéieren. Mir sinn net nëmmen ëmgi vu Schwätzen a Schreiwen ouni Enn op der Televisioun an an de soziale Medien. Mee mir fillen eis och iergendwéi gezwongen, do matzemaachen. Zënter Facebook, esou schéngt et, musse mir, wéi soss nëmme Stasi-Agenten, alles awer och alles andauernd notéieren, duplizéieren a kommentéieren. Esou schwamme mir an engen net ophalende Stroum vu Wierder, Biller an Téin.
De Philosophieprofesser erënnert eis dann drun, wéi et sech fir säi Beruff gehéiert, datt mir mat deem ville Schwätzen net méi zum Denke kommen. An Denken ass eppes, esou e klasseschen Topos aus der Philosophiegeschicht, wat a roueger Zeréckhalung geschéie soll. Dofir dann och d’Recommandatioun : « Öfter mal déi Klappe halten ». Also : manner Meenung hunn, a méi froen. Oder : manner schwätzen, a méi denken.
Nodenken oder virgefäerdegt Meenung
Schéin a gutt. Bis heihin näischt Neies an et kann ee jo ganz averstane sinn. Mee wann een dann awer de Virsaz och hei schonn usetzt, da gëtt et méi komplizéiert. Wa mir net schonn iwwer alles eng fäerdeg Meenung hu sollen, da sollte mir och net unhuelen, mir wéisste schonn, wat Denken heescht. An Äntwerten op déi Fro fanne mir der erstaunlech wéineg, och net bei de professionelle Philosophen.
Do huet et eppes mam Gebrauch vum Geescht oder der Vernonft ze dinn.
Eppes mam Ausbilde vun Iddien. Eppes mam Benotze vun der Intelligenz. An esou Definitioune sinn ongeféier grad esou richteg a grad esou informativ, wéi de Constat, datt Verdauen am Gebrauch vu sengem Verdauungsapparat besteet.
« Denken ass en endlose Prozess »
Eng vun de ganz wéinegen Denkerinnen, déi sech mat dëser Fro beschäftegt huet, ass d’Hannah Arendt.
D’Arendt seet, kuerz gefaast, Folgendes iwwer Denken : Denke bréngt keng Kenntnis, keng praktesch Wäisheet. Denke léist net d’Rätsele vum Universum a gëtt eis och keng praktesch Uweisungen zum Handelen.
Denken, esou d’Hannah Arendt, huet och näischt mat Wourecht ze dinn, mee mam Sënn, mat Bedeitung. Denken ass also och net deduzéieren oder logesch Conclusiounen zéien. Dofir ass Denken net de Privileeg vu professionellen Denker oder Experte vun aller Zort.
« Denken ass en Ausbroch aus dem Gewossten an aus der Meenung »
Denken ass en endlose Prozess, dee keen definitiivt Resultat huet. Et besteet am Versuch ze verstoen, wat mir nach net verstinn, oder op en neits ze hannerfroen, wat mir scho wëssen a kennen. Dofir ass Denken, mindestens a senger Wierkung, de Contraire vu Wëssen, de Contraire vu Kënnen, de Géigesaz zum « eng Meenung hunn ».
Denken ass also en Ausbroch aus de Stereotyppen, aus de Schablounen, aus dem Klischee, aus dem Gewossten, aus der Meenung. Dat war der Hannah Arendt beim Prozess vum Eichmann zu Jerusalem opgefall : den Eichmann konnt sech net anescht ausdrécken, wéi a Klischeeën. Hie konnt net denken.
Denken ass also eng korrosiv Praxis, geféierlech fir all Glawen a Meenung an ouni positiv Ergebnisser. Dowéinst heescht ee vun de Grondprinzipie vun all Denkverbuet : wann s du et net besser maache kanns, dann hal de Bak.
Doraus kéinte mir eis dann e flotten Neijoerschvirsaz bastelen : manner Meenungen hunn, manner besser maachen a méi denken.