Ressentiment ass en komplizéiert Gefill. D’Wuert an de Begrëff vum Ressentiment sinn och net immens geleefeg. Mä wann een verschidden Denker wéi dem Friedrich Nietzsche, dem Max Scheler an dem Theodor Adorno gleewen däerf, dierft d’Saach selwer trotzdeem wäit verbreet sinn.
Ressentiment entsteet lues a lues, a verschidden Etappen, als Reaktioun op Enttäuschung, op Kränkungen an Erniddregung. Wann d’Reaktioun op dat Leiden ënnerdréckt gëtt, dann entsteet hannerrécks dat wat een Ressentiment nennt.
De Ressentiment gehéiert, wann een de verschiddenen Denker gleewe kann, zu onsen modernen Demokratien dozou. Ressentiment ass eng Zort ënnerdréckten a verdrängten „Groll“ deen sech privilegiéiert an Situatiounen ausdréckt wou et Moral, Verantwortung an Wäerter an de Virdergrond trieden …