Ressentiment: e politescht Gefill

Ressentiment ass en komplizéiert Gefill. D’Wuert an de Begrëff vum Ressentiment sinn och net immens geleefeg. Mä wann een verschidden Denker wéi dem Friedrich Nietzsche, dem Max Scheler an dem Theodor Adorno gleewen däerf, dierft d’Saach selwer trotzdeem wäit verbreet sinn. Ressentiment entsteet lues a lues, a verschidden Etappen, als Reaktioun op Enttäuschung, op Kränkungen […]