Zerstéierung vun der Zivilgesellschaft

Effentlechkeet

Mat der Multiplikatioun vun de sanitären Mesuren geréit een Deel vun der Gesellschaft ëmmer méi an Bedrängnësss: et ass deen Deel deen Zivilgesellschaft genannt gëtt. D’Zivilgesellschaft spillt en weesentlechen Rôle am Kräfteverhältnis vun der Demokratie nieft de Muechten vu Politik a Wirtschaft. Wat genau ass also dës Zivilgesellschaft, wéi ass se entstanen, wat sinn hir Funktiounen, a wat sinn d’Konsequenzen, wann se zerstéiert gëtt?

Mam Ofbau vun der Zivilgesellschaft duerch sanitär Mesuren gëtt een souwisou schonn menacéierten Uert vun der fräier Meenungsbildung vu Politik a Geld beschlagnaamt.

Deen Deel vun der Gesellschaft deen also Zivilgesellschaft genannt gëtt ass  fundamental wichteg an enger Demokratie well hien d‘Muecht vu Staat, Politik a Maart aschränkt. Wann dofir an enger Demokratie dës Zivilgesellschaft ofgebaut gëtt, wéi dat am Moment duerch di pandemesch Gesondheetspoliticken- a Moossnamen iwwerall massiv de Fall ass, da gëtt en scho bestoende Probleem vun Demokratië geféierlech verstäerkt: de Probleem vun der Zerstéierung vun der Zivilgesellschaft.

>> (opens in a new tab)” rel=”noreferrer noopener” class=”ek-link”>Op Radio 100,7 lauschteren a liesen … >>>