Denkverbuet

„Howe­ver, non-thin­king, which seems so recom­men­dable a state for poli­ti­cal and moral affairs, also has its dan­gers. By shiel­ding people against the dan­gers of exa­mi­na­tion, it teaches them to hold fast to wha­te­ver the pres­cri­bed rules of conduct may be at a given time in a given socie­ty. What people then get used to is not so much the content of the rules, a close exa­mi­na­tion of which would always lead them into per­plexi­ty, as the pos­ses­sion of rules under which to sub­sume par­ti­cu­lars. In other words, they get used to never making up their minds.
[…]
The fas­ter men held to the old code, the more eager will they be to assi­mi­late them­selves to the new one ; the ease with which such rever­sals can take place under cer­tain cir­cum­stances sug­gests indeed that eve­ry­bo­dy is asleep when they occur.“

(Arendt, H. (1971). Thin­king and Moral Consi­de­ra­tions : A Lec­ture. Social Research, 38(3), 417‑446.)

Wann ee schonn eppes sécher vun der aktuel­ler Coro­na-Kris zeréck hale kann, dann ass et, op där enger Säit, d’Kom­plexi­téit vun den wës­sen­schaft­le­chen, poli­tes­chen, mora­les­chen a gesell­schaft­leche Pro­ble­mer déi se mat sech bréngt. A wat op der ane­rer Säit och opfält, sinn déi sim­plis­tesch Dis­coursë mat dee­nen déi Kris verein­facht gëtt.

Hei schéngt bal alles op ein­fach mora­li­séie­rend Dicho­to­mien eraus ze lafen wéi : dofir / dogéint, gutt / schlecht, wës­sen­schaft­lech / ver­schwö­rungs-theo­retësch, an sou weider …

D’Ar­gu­men­ta­tiouns­theo­rie nennt esou eng Pro­ze­dur en « fal­schen Dilem­ma ». E fal­schen Dilem­ma bes­teet doran eng kom­plex Pro­ble­ma­tik op zwou ein­fach Alter­na­ti­ven ze reduzéieren.

Lie­sen an lau­sch­te­ren op Radio 100,7 … »>

Ergän­zung :

« Direkt um Ufank vun der Coro­na-Kriis hunn ech vun engem mënd­le­chen Accord héie­ren, datt d’Regierung mat hirer Kom­mu­ni­ka­tiounss­tra­te­gie prio­ritär op RTL setzt ; de Sen­der géing sou­ze­soen als Mer­ci op kri­tes­cht Han­ner­froen ver­zich­ten, ganz am Sënn vun enger Natio­na­lu­nioun. Vun engem mënd­le­chen Accord ginn et natiir­lech keng Spue­ren, kee Beweis, ma et héiert een et dacks genuch, och aus dem Ëmfeld vun Regierungskreesser. »

Guy Kay­ser. 22.04.2020. « D’Lëtzebuerger Press an de Virus » <https://​guy​kai​ser​.lu/​d​l​e​t​z​e​b​u​e​r​g​e​r​-​p​r​e​s​s​-​a​n​-​d​e​-​v​i​r​us/>