Den 11. Mee 1968 hu sech 40.000 Mënschen zu Berlin versammelt fir géint déi deemools geplangten Noutstandsgesetzer ze manifestéieren. Ee vun de bekanntste Kritiker vun dëse Gesetzer, den Heinrich Böll, sot dozou an sengem Virtrag : « Opgrond vu mengen Erfarunge mat verschiddenen Noutstänn, sinn ech der Iwwerzeegung, datt Noutstänn […] duerch Gesetzer net ze reegele sinn. »
Ze gutt haten d’Leit deemools den Ausnamezoustand vun der « Reichstagsbrandverordnung » am Gediechtnes, mat deem e puer gewiefte Politiker d’Weimarer Republik an eng totalitärer Diktatur verwandele konnten …